De Staat sollt 70 Prozent droen, esou war et ofgemaacht, awer op kee Fall méi ewéi 40 Milliounen Euro. De Sportminister Dan Kersch wäert um Enn och musse 40 Milliounen deblockéieren. D'Lydie Polfer huet dem Sportminister wéineg Hoffnung gemaach, datt hien déi Enveloppe net ganz opzeräisse muss an eventuell e puer Euro iwwreg behält. Nee, sécher net. Well den initiale Budget vu 60 Milliounen Euro gëtt e bëssen iwwerschratt, dat schéngt fest ze stoen.
Stadion ass gréisstendeels fäerdeg
Am Moment sinn - an dat gesäit ee jo och, wann ee laanscht fiert - 95 Prozent vum Gros-oeuvre fäerdeg. De Bëtong scho méi laang, déi stolen Daachkonstruktioun iwwer den Tribünen och. Am Moment ginn haaptsächlech Stroum- an aner Kabelen am Stadion gezunn, zanter dëser Woch gëtt un der baussenzeger Fassad geschafft.
Enn Abrëll, spéitstens ugangs Mee, gëtt mat den Aarbechten um Wues - dem eigentlechen Terrain - ugefaangen. En Hybridwues wäert dat ginn, mat natierlechem Gras, dat duerch kënschtlech Fasere verstäerkt gëtt. Jo, an dann dauert et nach zimlech genee ee Joer, erkläert d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer. Geplangt ass et, fir am Mee 2020 mam Bau fäerdeg ze sinn. "An da wäert den éischte Match am September sinn, well do muss jo dann alles kontrolléiert ginn, déi technesch Moossnamen, och mat de Federatioune vum Fussball a vum Rugby. Dorop si mir elo alleguer agestallt."
Infrastruktur ronderëm ass nach net ganz fäerdeg
Zerschloen huet sech domat den Dram vun der Fussballfederatioun, fir - kuerz virun der Europameeschterschaft, déi am Summer 2020 gespillt - fir d'Ouverture vum neie Stadion eng grouss Natioun op Lëtzebuerg ze kréien, déi dann hei e leschten oder virleschten Testmatch spillt. Elo kéint et gutt sinn, datt déi éischt Partie op der Kockelscheier gläich en offizielle WM-Qualifikatiounsmatch gëtt.
Egal géint wien et do geet, wäert de Virwëtz grouss, d'Zuel vu Spectateuren dofir héich sinn an déi vu Parkplaze garantéiert ze niddereg sinn. Well mam Bau vun deem geplangte Parking mat 2.000 Plazen niewendrun ass nach guer net ugefaange ginn. D'Lydie Polfer hofft awer, datt dat an den nächste Méint géif ulafen.
Aner Sportinfrastrukture stinn nach un
Dee Projet fält net an d'Attributioune vum Dan Kersch, dee wuel dee Sportminister gëtt, deen de Stadion mat aweie wäert. An deen hofft virun den nächste Wahlen och nach aner grouss national Sportsinfrastrukturen aweien ze kënnen: de Velodrom. Hien hofft, datt deen an dëser Legislaturperiod fäerdeg gëtt.
Och beim Nationale Liichtathletikstadion wier ee prett, fir mat de Baggeren unzefänken. "Do hu mir allerdéngs nach e juristeschen Asproch, wou mir op d'Uerteel waarden", seet den Dan Kersch. Duerch dësen Asproch wier ee mam Planning e bëssen hannendra geheit ginn.
E weidere Projet, deen usteet, ass den nationale Sportmusée, deen am Regierungsprogramm virgesinn ass. "Do sinn ech a fortgeschrattene Gespréicher mat der Escher Gemeng, sou datt ech optimistesch sinn, datt mir och dat nach am Laf vun dëser Legislaturperiod hikréien", seet den Dan Kersch.
Fir nach eemol kuerz op den nationale Fussball- a Rugbystadion zréck ze kommen: Onkloer ass och nach, wéi dee Stadion herno genannt gëtt. D'Lydie Polfer huet just formell ausgeschloss, datt en e kommerziellen Numm wäert kréien.