Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Two Door Cinema Club - Sun

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Visitt vum Boris Johnson zu Lëtzebuerg

Brexit

Visitt vum Boris Johnson zu Lëtzebuerg

De britesche Premier Boris Johnson war op Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg. Hien huet de EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker hei getraff an de Premier Xavier Bettel. Iwwerall, wou hien an der Stad hi goung, gouf en vun Demonstranten begleet, déi géint de Brexit sinn.

auto_stories

2 min

No enger Stonn sinn de Boris Johnson an de Xavier Bettel aus dem Staatsministère erauskomm. Am Haff virun der Dier waren zwee Riednerpulter opgeriicht, e bësse wéi soss an der Downing Street.

Dem britesche Premier huet d'Kuliss - virun allem d'Geräischkuliss - awer net gefall. Anescht wéi geplangt, huet de Boris Johnson drop verzicht, fir zesumme mam Xavier Bettel op Froen ze äntweren. De Lëtzebuerger Premier huet doropshin eleng d'Demonstratiounsrecht héich gehalen an huet dem Boris Johnson Merci en absence fir d'Gespréicher gesot.

Däitlech Wieder vum Xavier Bettel

Am Fong war de Boris Johnson zu Lëtzebuerg, fir de President vun der EU-Kommissioun, de Jean-Claude Juncker ze gesinn, well et jo d'EU-Kommissioun ass, déi d'Verhandlungen iwwer de geplangten Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU féiert. Wéi en scho mol hei war, ass en och bei säin Homolog Xavier Bettel op Besuch gaangen. Deen hat an deene leschten Deeg schonn däitlech Wierder fonnt a Saache Brexit. Däitlech Wierder, wéi hie se seele benotzt.

Wéi de Xavier Bettel eleng am Haff virun Dosende Journaliste stoung, mat Live-Iwwerdroung, dat zweet Riednerpult nieft sech eidel, huet hien den Toun dunn nach emol verschäerft. D'Leit misste wëssen, wat mat hinnen a sechs Woche geschéie géif. "Si brauche Kloerheet, si brauche Gewëssenheet a Stabilitéit", esou de Xavier Bettel.

D'Leit net als Geisel huelen

Et kéint een net hir Zukunft als Geisel huelen, fir parteipolitesch Avantagen ze kréien, ënnersträicht de Xavier Bettel. "Et ass elo um Här Johnson, hien huet d'Zukunft vun alle britesche Bierger an den Europäer, déi a Groussbritannie wunnen, an der Hand."

Eng kloer Scholdzouweisung vum Xavier Bettel, dee sech der Zoustëmmung vun de haaptsächlech briteschen Demonstrante gewëss war. A Groussbritannien ass et der DP hier Schwësterpartei, d'Lib Dems, déi sech dofir asëtzen, datt d'Brite Member an der EU bleiwen.

Neies ass bei de Gespréicher gëscht zu Lëtzebuerg net eraus komm. Alt nees, sou de Premier Xavier Bettel, géif hie vill Rieden héieren, mee keng konkret Virschléi liesen. Et géif awer u konkrete Propose feelen.

Jean-Claude Juncker: Ried am Europaparlament e Mëttwoch

Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker huet no sengem Mëttegiesse gëschter mam Boris Johnson annoncéiert, datt d'EU-Kommissioun awer ronderëm d'Auer gespréichsbereet wier. "The negotiations will continue at a higher level at a higher speed."

E Mëttwoch wéilt hien eng Ried am Europaparlament halen, an do géif hie soen, wat hien ze soen huet.