Radioen

On air

Notturno  |  Tara Clerkin Trio - The Turning Ground

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Voll Ënnerstëtzung fir de Pierre Gramegna"

Euro-Grupp

"Voll Ënnerstëtzung fir de Pierre Gramegna"

Wann de Pierre Gramegna President vum Euro-Grupp géif ginn, sollten alleguer d'Lëtzebuerger houfreg sinn, seet de Xavier Bettel. De Premier fuerdert, datt och déi Liberal op wichtegen europäesche Poste misste vertruede sinn. D'Kandidatur vum Pierre Gramegna hätt awer verschidden Handicappen.

auto_stories

2 min

Xavier Bettel (Photo: Archiv)

De Pierre Gramegna wier e gudde Kandidat fir de Poste vum President vum Euro-Grupp, seet de Xavier Bettel. De Lëtzebuerger Finanzminister hätt ni provokativ Aussoe géint ee gemaach an hien hätt sech ëmmer fir pragmatesch Léisungen agesat.

Een Handicap wier allerdéngs, datt de Kommissiounspresident aus deem selwechte Land kënnt. "Mat enger Vergaangenheet vu Lëtzebuerger Steierpolitik, wou mir mussen dogéint kämpfen."

Donieft schwätzt de Xavier Bettel vu Kouhändel tëschent chrëschtlech-soziale Volleksparteien a Sozialisten. Et géif awer ëm d'Kompetenz an net ëm de Pass goen.

"Houfreg sinn"

De portugisesche Finanzminister gëllt als Favorit fir e Méindeg neie President vum Euro-Grupp ze ginn. Um Bord vum EU-Afrika-Sommet hätt de portugisesche Kandidat sech d'Ënnerstëtzung vun enger Rei EU-Staate geséchert, schreift d'Süddeutsche Zeitung. Hie géif d'Ausso net acceptéieren, datt Lëtzebuerg als klengt Land mam Poste vum Kommissiounspresident scho genuch hätt.

De Pierre Gramegna hätt hie selbstverständlech consultéiert, éier hie seng Kandidatur gestallt huet, seet de Xavier Bettel. Hie seet dem Finanzminister seng voll Ënnerstëtzung zou.

E Méindeg de Mëtteg gëtt zu Bréissel am Euro-Grupp en neie President fir dëse wichtege Gremium gewielt. "Ech sinn iwwerzeegt, datt de Pierre Gramegna och en honorabelt Resultat mécht", seet de Xavier Bettel. Wann hie Chef vum Euro-Grupp géif ginn, sollten alleguer d'Lëtzebuerger houfreg sinn, "wa mir dat zesumme fäerdegbréngen".

Déi aner Kandidature fir de Poste vum neie President vum Euro-Grupp komme vun de Finanzministere vu Portugal, der Slowakei a Lettland.


De Radio-Bäitrag vum 1. Dezember 2017 vum Serge Kesseler:

Reaktioun Xavier Bettel


Dat ganzt Gespréich mam Premier Xavier Bettel:

Interview Xavier Bettel