Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Gossip - Real Power

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vorratsdatespäicherung - War do eppes?

Fräie Mikro

Vorratsdatespäicherung - War do eppes?

No zwee rezenten Urteeler duerch den EU Geriichtshaff ass d'Praxis vun der Späicherung vun elektroneschen Daten op en Neits an der Diskussioun. Et geet drëm d'Balance ze fannen tëschent Verbriechensbekämpfung an Dateschutz. Mee wéi ass et zu Lëtzebuerg, wou dat entspriechend Gesetz scho laang misst ugepasst ginn? Domadder beschäftegt sech de Frank Wies, Affekot a Member vun der consultativer Mënscherechtskommissioun am Fräie Mikro.

auto_stories

4 min

Vorratsdatespäicherung. Hanner deem barbareschen Numm verstoppt sech déi systematesch Konservéierung vun elektroneschen Daten. Zum Beispill wéi laang a mat wiem ee wéi dacks telefonéiert oder soss Messagen ausgetosch huet. Oder och op wéi engen Internetsäiten ee sech erëmdreift.

All dat sinn Informatiounen, déi eigentlech privat sinn. An déi mannste Leit si bereet all hir perséinlech Kontakter oder Internetaktivitéite mat aneren ze deelen. Dës Donnéeë sinn am Prinzip och just hinnen an hirem Operateur bekannt, also der Gesellschaft mat där si e Kontrakt ofgeschloss hunn, an déi hinnen den Zougang zu Kommunikatioun an Internet erméiglecht. Den Operateur dierf se nëmmen esou laang hale wéi néideg, fir seng Servicer ze erleedegen an duerno eventuell ze verrechnen. Doriwwer eraus misst hie se lesche fir d'Recht op de Schutz vun der Privatsphär ze respektéieren.

Deem géintiwwer steet d'Aufgab vum Staat fir Verbriechen opzeklären an ze bekämpfen. An dat an enger Welt, déi ëmmer méi digital ass a wou zwangsleefeg och dubios Aktivitéite mat Hëllef vun der moderner Technologie gesicht ginn. Den Handel vun illegale Substanzen, den Austausch vu Kannerpornografie oder d'Virbereedung vun Terrorattacke kéinten dacks mat de klassesche Methode vun der Police kaum bis guer net opgedeckt ginn. Et besteet dohier e groussen Interêt drun Zougrëff op all dës Daten ze kréien an dat dacks nach Méint nodeem si entstane sinn. Wann den Operateur se dann net scho geläscht huet.

D'Vorratsdatespäicherung zu Lëtzebuerg huet keng Basis méi

Zu Lëtzebuerg gouf 2010 d'Verflichtung fir Operateuren ageféiert all Daten op d'mannst sechs Méint laang ze späichere fir se falls néideg der Police oder Justiz zur Verfügung ze stellen. Dëst Gesetz gouf geholl op Basis vun enger europäescher Direktiv aus dem Joer 2006, déi all Memberstaaten hu missten ëmsetzen.

Domm just, datt den Europäesche Geriichtshaff am Abrëll 2014 genee dës Direktiv annuléiert huet. Dat Lëtzebuerger Gesetz blouf awer weider bestoen a gëtt reegelméisseg applizéiert. Zwar hat de Justizministère nom Arrêt vum Geriichtshaff ugekënnegt eng Reform ze lancéieren, déi léisst awer bis haut nach op sech waarden.

Och wéi 2016 de Geriichtshaff an engem zweeten Urteel decidéiert huet, datt eng systematesch Datespäicherung géint geltend EU Recht verstéisst, ass an der Chamber um Krautmaart e Sak Räis ëmgefall.

Dëst Urteel war deemools vu verschiddene Säite kritiséiert ginn, well si eng allgemeng Vorratsdatespäicherung fir absolut noutwendeg an der Verbriechensbekämpfung halen. Esou gesinn dierfen dës Kritiker dann elo e bëssen opootmen. An deene rezenten Urteeler vum 6. Oktober hunn d'Riichter vum Kierchbierg zwar am Prinzip bestätegt, datt d'Recht op de Schutz vun der Privatsphär Virrang virun dem systemateschen Zougrëff op Daten huet, si hunn awer Ausnamen dozou zougelooss. Esou dierft een Operateuren zur Späicherung zwéngen, wann et sech ëm eng eescht Bedroung vun der nationaler Sécherheet handelt oder d'Bekämpfe vu schwéiere Strofdoten.

Mee den allgemenge Verbuet huet Rëss kritt

Den allgemenge Verbuet vun der Späicherung huet also éischt Rëss kritt, an et dierft een dovunner ausgoen, datt et net déi leschte Kéier war, wou dës Fro virum héchsten europäesche Geriicht lant.

Fir Lëtzebuerg huet sech mat dësen neien Urteeler eigentlech näischt un der Ausgangslag geännert. Am Géigendeel. Dat aktuellt Gesetz ass nach ëmmer net am Aklang mam geltenden EU Recht. Bei eis mussen d'Operateure sechs Méint laang späicheren an den Zougrëff op dës Daten ass méiglech bei Verdacht op eng Strofdot, déi mat mindestens enger Héchststrof vun engem Joer Prisong bestrooft gëtt. Dat sinn zum Beispill d'Verëffentleche vu Geschäftsgeheimnisser, d'Benotze vun engem falschen Numm oder och nach d'Ausléise vun engem falschen Alarm. Dëst si wuel kaum Gefore fir déi national Sécherheet oder besonnesch grav Strofdoten.

2014 hat den deemolege Justizminister nom éischten Urteel vum Geriichtshaff iwwregens ugekënnegt, eng Lëscht vu besonnesch schwéieren Strofdote sollt d'Reegel vun engem Joer Prisong ersetzen. Et géif Zäit ginn dat Verspriechen endlech ëmzesetzen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.