Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ofdreiwungs-Referendum an Irland: "Vote yes" oder "Save the 8th"?

Gesellschaft

Ofdreiwungs-Referendum an Irland: "Vote yes" oder "Save the 8th"?

De 25. Mee wäert Irland an engem Referendum iwwert d'Ofdreiwungsverbuet ofgestëmmen. Momentan ass de Schwangerschaftsofbroch an Irland illegal: Den Ament riskéiere Fraen an hir Dokteren, déi eng Schwangerschaft ofgebrach hunn, bis zu 14 Joer Prisong. Den iresche Premierminister Leo Varadkar huet déi Gesetzgebung schonn e puer mol kritiséiert a fuerdert elo eng Reform.

auto_stories

5 min

All Joer géfien Dausende Fraen aus Irland an d'Ausland goen, fir hir Schwangerschaft ofzebriechen, sot den iresche Regierungschef Leo Varadkar, den 29. Januar virun der Press. Vill Frae géife sech Ofdreiwungspellen iwwer d'Post heemschécke loossen, fir hier Schwangerschaft op en Enn ze bréngen - ouni medezinesch Ënnerstëtzung. "Et ginn also schonn Ofdreiwungen an Irland, mee si sin sinn net sécher, si sinn net geregelt a si sinn illegal", seet de Leo Varadkar.

De 25. Mee wäerten d'Iren iwwert eng méiglech Liberaliséierung vun de strengen Ofdreiwungsgesetzer ofstëmmen.

Reforméieren oder net reforméieren?

"Reforméiere mir eis Ofdreiwungsgesetzer oder loosse mir se esou, wéi se sinn", freet de Leo Varadkar. Hie selwer ass fir eng Verännerung vun dëse Gesetzer. Seng perséinlech Usiichten hätte sech duerch méi Liewenerfahrung geännert. A senger Zäit als iresche Gesondheetsminister hätt hien erkannt, datt d'Fro ëm d'Ofdreiwung näischt an enger Verfassung ze sichen hätt.

Ofdreiwungen waren an Irland ëmmer illegal. 1983 gouf dat och offiziell an der Verfassung festgehalen. An der aktueller irescher Verfassung gëtt dem ongebuerene Kand dat nämlecht Liewensrecht wéi der schwangerer Fra zou geschriwwen.

Just erlaabt sinn - zanter fënnef Joer - Ofdreiwungen, wann d'Liewen vun der Mamm a Gefor oder si suicidaire ass.

Wéi eng Konsequenze kéint d'Decisioun hunn?

Geregelt ass dat duerch de sougenannten "8th Amandment" - e Paragraph, dee viru 35 Joer an d'Verfassung opgeholl gouf. Deemools gouf dat och duerch e Referendum decidéiert, bei deem knapp 67 Prozent vun de Befroten fir dësen aachten Zousazartikel gestëmmt hunn an 33 Prozent dogéint.

Wat genee awer steet an dësem sougenannten 8ten Amendement vun der irescher Verfassung? Zitat: "De Staat erkennt esou wuel d'Recht op Liewen vun engem ongebuerene Kand, wéi och dat vu senger Mamm un".

Wat géif sech also änneren, wann d'Iren d'nächst Woch mat "Jo" stëmmen an de Paragraphe an der Verfassung gestrach géif ginn?

D'Decisioun, e Schwangerschaftsofbroch ze erlaben, géif da beim iresche Parlament leien. D'Parlament hätt d'Méiglechkeet, Ofdreiwunge bis déi zwieleft Schwangerschaftswoch ze legaliséieren. Wann d'Liewen oder d'Gesonndheet vun der Fra, déi e Kand erwaart, a Gefor ass, kéint d'Schwangerschaft och zu engem spéidere Moment ofgebrach ginn - dat awer nëmmen, wann d'Dokteren zoustëmmen.

Ofdreiwungsgéigner maache Campagne

Am kathoulesch gepräägten Irland ass dat aktuellt Ofdreiwungsgesetz dat strengst an der ganzer EU. Frae riskéieren mat enger illegaler Ofdreiwung an Irland bis zu 14 Joer Prisong. Et ass hinnen awer erlaabt am Ausland ofzedreiwen. Mee och hei gëtt et Kritik: zum Beispill vum Declan Ganley, engem Pro-Life-Aktivist an ireschen Entrepreneur. Op enger ëffentlecher Demonstratioun virun engem Mount an der irescher Haaptstad Dublin sot hien:"An England, eisem Noper, gëtt eng vu fënnef Schwangerschaften ofgebrach. Mir wëllen dëse Feeler vun England net an eist Land importéieren."

D'Géigner vun der Ofdreiwungsreform organiséieren Demonstratiounen duerch Irland, fir d'Leit ze iwwerzeegen, de 25. Mee beim Referendum mat "Nee" ze stëmmen.

"Pro Life", "Thou shalt not kill" an "Love the unborn" steet op de Plakater vun de Supporter. Save the 8th heescht hir Campagne. Rett deen aachte Verfassungszousaz.

Et wäert ee "fir d'Liewe vun eise Meedercher a Jonge kämpfen", sou den Declan Ganley. Hiert Recht op Liewen soll hinnen net entrass ginn, et soll e si net legal ëmbrénge kënnen. Si wieren och am Bauch vun der mamm scho mënschlech Wiesen. "Mir kämpfen dofir, mir kämpfen fir d'Onofhängegkeet - et ass fir d'Recht vun all de Kanner vun dëser Natioun ... A mär wäerte gewannen!"

Ofdreiwungsreform: jo oder nee? Eng ganz perséinlech Fro, déi an Irland spéitstens no der Ukënnegung vum Referendum hefteg diskutéiert gëtt. Souwuel Verfechter wéi och d'Géigner vun der Ofdreiwungsreform.

Keng Schwaarz-Wäiss-Diskussioun

Am Juni virun zwee Joer hunn d'Vereenten Natiounen d'Ofdreiwungsverbuet an Irland staark kritiséiert. Et wier "brutal, diskriminiant an degradant fir d'Mammen, sech enger Behandlung ze ënnerwäerfen, wa fötal Feelbildungen nogewise kënne ginn," heescht et an engem Rapport vun der Menscherechtskommissioun.

D'Marie, déi aus Irland kënnt an zanter enger gudder Zäit zu Lëtzebuerg wunnt dierf beim Referendum net matwielen. Si gesäit de Referendum ëm d'Ofdreiwungsreform net schwaarz wäiss. Si wier fir d'Recht vun der Mamm hiert Schwangerschaft ofzebriechen, wann e Risk fir d'Kand oder fir d'Mamm géif bestoen. All Persoun misst dat erlaabt kréien. Anerersäits géif een domat engem Mënsch säi Liewen ewech huelen, dofir wier et schwéier tëscht Jo an Nee ze decidéieren. De Referendum wier awer de richtege Wee, fir eng Decisioun ze huelen.

D'Marie huet awer Angscht, datt d'Recht op Ofdreiwung vu verschiddene Persounen kéint ausgenotzt ginn. D'Ofdreiwung soll dowéinst just ënner verschiddene Konditiounen legaliséiert ginn.

Situatioun zu Lëtzebuerg

Nieft Irland ginn et och an anere EU-Memberlänner restriktiv Ofdreiwungsgesetzer - dorënner Polen Zypern a Malta. Och zu Lëtzebuerg hätt ee laang gebraucht, fir d'Ofdreiwung aus dem Code pénal erauszekréien, seet den Dr. Robert Lemmer, President vun der Société luxembourgeoise de gynécologie et d'obstétrique. Eréischt am Dezember viru véier Joer gouf d'Ofdreiwung hei am Land entkriminaliséiert. Abusen wieren awer duerch eng Liberaliséierung vum Ofdreiwungsgesetz keng geschitt.

Et géif vill gemeet ginn, fir d'Persounen an hirer Decisioun ze beroden an iwwert e Schwangerschaftsofbroch a méiglech Konsequenzen opzeklären, seet de Gynécologue. Ganz wichteg wier och, präventiv ze beroden, seet den Dr. Robert Lemmer. Virun allem déi éischt Consultatioun wier immens wichteg. D'Fra wier sech zu deem Moment dacks nach net sécher, wéi eng Decisioun si huele soll. Si misst dofir akribesch iwwer d'Geforen an d'Indikatiounen opgekläert ginn. seet den Dr. Robert Lemmer.

A Lëtzebuerg kann eng Schwangerschaft bis déi 12. Woch ofgedriwwe ginn - a verschiddene Fäll och nach bis déi 14. Woch. All Schwangerschaftsofbroch no der 14. Woch ass net méi an der Legalitéit.. Genee Zuelen, wéi vill Schwangerschaften d'Joer gewollt zu Lëtzebuerg ofgebrach ginn, ginn et net. D'Krankekees mécht hei keng spezifesch Erhiewungen.