Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Pharrell - Richard Mille

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vu Sondagen a Seefenopern

Fräie Mikro

Vu Sondagen a Seefenopern

Virun enger Woch koum den neien "Politmonitor" eraus, mee wat esou Sondagen eis politesch u Relevantem ze soen hunn, ass net ganz kloer. Hieren Haaptzweck ass wuel éischter, Politik als "Soap Opera" ze inzenéieren, mengt de Politolog Michel Dormal am Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

D'lescht Woch koum den neien "Politmonitor" eraus. Virun engem hallwe Joer, beim leschte Sondage, war an de Medien deemools vun engem politeschen Äerdbiewe rieds. Elo, sou liese mer et, hätte sech d'Parteien awer "konsolidéiert".

Mee wat ass dat eigentlech fir eng Zort vun Informatioun, iwwer déi mer hei schwätzen?

Ënnerscheeder tëschent Walen an Ëmfroen

Eng Sonndesfro ass natierlech eng Fro am Konjunktiv, well et sinn nach laang keng Walen.

Wien am Walbüro säi Kräiz mécht, hat normalerweis Geleeënheet, sech wärend dem Walkampf eng Meenung zu bilden, an trëfft dann e Choix, dee Konsequenze fir d'Land huet, fir déi nächste fënnef Joer.

Wien um Internet oder Telefon spontan eng diffus Virléift artikuléiert, bleift irresponsabel a ka seng Meenung all Moment nees änneren.

"Jahrmarkt der Eitelkeit"

Lo gouf am rezente Politmonitor allerdéngs och guer net méi probéiert, eng prezis Sëtzverdeelung an der Chamber virauszesoen. Villméi si just déi perséinlech Sympathiewäerter vun eenzele Politiker ofgefrot ginn.

En däitsche Politikwëssenschaftler huet déi Zort vu personaliséiertem Ranking eng Kéier als "Jahrmarkt der Eitelkeit" charakteriséiert.

Fir déi eng, wéi déi aner Zort Sondage gëllt: et ass also eigentlech guer näischt geschitt. Oder villméi: Wat geschitt ass, ass, datt bestëmmte Medien eng Ëmfro an Optrag ginn, fir domadder en "News-Event" ze schafen.

Eng "Soap Opera" ouni Relevantes

Journaliste liwweren den Echo dozou a verdeele Punkte fir gutt oder schlecht politesch Performance. Deen ee Politiker "wierkt nawell e bësse blatzeg", déi aner "komme bei de Leit net un", déi drëtt weisen, datt si fir hir Partei "e gudde Choix" sinn, an sou weider.

D'Parteie reagéiere mat néie PR-Strategien oder Personaldecisiounen, iwwer déi kann een duerno nei Sondage maachen. Déi ginn nees kommentéiert, an sou weider.

Op dës Manéier léisst sech Politik als eng Zort "Soap Opera" inzenéieren, ganz ouni datt onbedéngt eppes Relevantes geschitt.

Heiansdo probéiere Politiker an dësem Spill ze fuddelen. Den éisträicheschen Ex-Kanzler Kurz huet bekanntlech deemools missen demissionéieren, nodeems rauskoum, datt hie sech tendenziéis Sondage carrement kaaft huet, fir sech als eng Zort Messias ze inzenéieren.

Sou Trickserei sinn, hoffe mer et mol, Ausnamen. Mee geet hei net trotzdeem eppes verluer? Inhalter a Substanz villäicht?

Géif eis eppes ouni Sondage feelen?

Lo si mer zu Lëtzebuerg an der interessanter Situatioun, datt eis Politik ëmmer nach vill manner sondéiert ass wei an de groussen Nopeschlänner. A Frankräich ginn et viru Presidentschaftswalen e puer honnert Sondagen.

Zu Lëtzebuerg waren et 2018 virun de Chamberswalen der grad mol fënnef. Am Fong wier Lëtzebuerg also predestinéiert fir e klengt Experiment: Wéi wier et, mir verzichte bis no de Walen 2023 mol ganz op Sondagen. An da kucke mer, ob eis wierklech eppes gefeelt huet?


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.