Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  The Tame And The Wild - This Is The Beginning

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vun Alpha-Déieren, Balzverhalen, Emanzen a Sexisten

Fräie Mikro

Vun Alpha-Déieren, Balzverhalen, Emanzen a Sexisten

D'Tageblatt huet dem fréieren LSAP-Politiker Robert Goebbels gläich zweemol seng Säiten opgemaach, wou hien e Krich vun de Geschlechter gesäit kommen. Zënter dësem Weekend gesinn ech d'Fraen an der sozialistescher Partei mat aneren Aen. Wat hunn déi misse matmaachen, deemools wéi de Robert Goebbels nach d'Soen an der Partei hat! An ... ass et haut anescht?

auto_stories

4 min

D'Revelatioun koum dëse Weekend an e Méindeg mat zwee Artikelen am Tageblatt wou hien dem Lieser en Abléck a säin Gedankegutt gëtt. Titel vun der Geschicht: "Wider den Krieg der Geschlechter".

Potpourri vu Meenungen

E Potpourri, wuertwiertlech, deen am éischten Deel d'Iwwerschrëft dréit: "Die Stellung der Frauen ist viel besser geworden". Aha! Et gi méi Fraen an der Politik. An der Wirtschaft awer net. Mä, schreift hie séier hannendrun, dat ass net onbedéngt en Ausdrock vun der Dominanz vu männlechen Alphadéieren. Et ass ebe villes historesch falsch gewuess, ass hei d'Erklärung.

Dann nach e ganz spannenden Ausfluch an d'Biologie. Jo, do gëtt et en Ënnerscheed tëscht Fra a Mann, nämlech bei der Prokreatioun - dat ass fir de Robert Goebbels iwwregens déi wichtegst mënschlech Funktioun. Hale mer fest: D'Fra kritt Kanner. An: et ginn där, déi hir Kanner selwer a fräiwëlleg erzéien, jo et gi souguer Diploméierter, déi doheem wëlle bleiwen wa se bestuet ginn. An elo haalt Iech un: Dofir wier dat stännegt Gejéimers vu verschiddenen Emanzen iwwer déi anscheinend stänneg Diskriminéierung vun de Frae mat Virsiicht ze genéissen. Verschidde Fraerechtlerinne géife sech an der Roll vum éiwegen Affer gesinn, schreift de gudde Mann weider. Mengt hien domadder, datt Emanze sech als Affer gesinn, well aner Fraen nom Bestuede fräiwëlleg wëllen doheem bleiwen? Och do erëm, keng Äntwert.

A schonn zitt hie weider an déi nächst Aventure. Gläich Pai fir jiddereen ass och geritzt, zënter mir e Gesetz hunn dat och de Privatsecteur regelt. Ob et am richtege Liewen och esou ëmgesat gëtt, interesséiert eisen Auteur hei net, et ass ofgehaakt. A weider: Déi juristesch Gläichstellung ass garantéiert; de Krämpchen tëscht Fraen a Männer ass och souwäit eriwwer. Jongen a Meedercher liewen an der Mixitéit, an dat ouni Komplexer.

Penibelt Balzverhalen ass onnéideg

Mä Dir wësst: All schéi Geschicht huet eng tragesch Suite. An déi ass e Méindeg am Tageblatt ofgedréckt gi mam däischteren Titel: "Die sexuelle Freiheit darf keinem neuen Puritanismus geopfert werden".

Gemengt ass d'Lawin, déi lassgetrëppelt gouf no der Affär Weinstein an Amerika. Eng Klappjuegd op déi "männlech Schwäin", fir de Robert Goebbels. Trotz de ville Revelatiounen - an elo kennt et: vu méi oder manner Prominenten dorënner Schrëftstellerinnen ouni Lieser oder laang vergiessen Starleten - däerf keng generell Hysterie entstoen iwwer di sexuell Relatiounen tëscht Fraen a Männer. D'Allusioun op de mannerwäertege Statutt vun dëse Fraen ass, an Dir hutt et sécher och erkannt, e banalen Trick fir och hir Ausso z'entwäerten.

Dat ass wéi wann ech géif elo soen: de Robert Goebbels, deen et als Venceremos-Spëtzekandidat deemools fäerdegbruecht huet, seng Partei an d'Oppositioun ze féieren, fënnt, datt et Sex muss ginn tëscht Männlein a Weiblein an datt dozou eben e gewëssent Balzverhale gehéiert. Ouni Balzen a Röhren, keng Reproduktioun. An och wann d'Schäerperformance éischter am penibelen an am repetitiv-opdrängleche Beräich läit, dann huet d'Weiblein dat z'erdroen. Well soss mécht dat hei kee Spaass méi, schreift de fréiere Minister. Mä do stellt sech d'Fro ob hien net matkritt huet, datt et och Männer ginn, déi net brauche peinlech oder iwwergrëfflech ze gi fir eng Relatioun anzegoen, déi souguer Spaass mécht a wou och kënne Kanner dobäi entstoen? Déi sinn nämlech guer net viséiert vum "MeToo" an et ginn der nawell eng Partie déi sech deem Mouvement ugeschloss hunn.

"D'Fräiheet" fir belästegt ze ginn ass keng Fräiheet

Déi puritanesch Epuratiounswell géif riskéieren aus der Kontroll ze geroden, nom Hashtag MeToo an no der Campagne "balance ton porc". Bei eenzele Fraerechtlerinne schéngen d'Sécherungen duerchzeknallen, schreift hie weider, frou doriwwer, datt hie wéinstens der Catherine Deneuve hir Aktioun dogéinthale kann, déi e Manifest ënnerschriwwen huet, fir d'Fräiheet belästegt ze ginn.

D'Fräiheet belästegt ze ginn - dat kléngt wéi d'Fräiheet an der Waardeschlaang op d'Säit gedréckt ze ginn, oder wéi d'Fräiheet an d'Gesiicht gespaut ze kréien - wou awer vu vir era feststeet, wien an de Genoss vun deene sougenannte "Fräiheeten" däerf kommen.

Um Enn d'Tirade iwwer d'Freed vun der Prostitutioun, déi wëll ech eis erspueren, et ass een elo scho graff genuch ginn. Dofir awer nach e Wuert zur Illustratioun vun dësem Exposé e Méindeg, deen och net ouni Humor ass: eng Koppel Igelen bei der Fortplanzung, d'Tageblattéquipe huet hei de Sujet en "Déier beim Verkéier" illustréiert.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.