Radioen

On air

De Moien  |  Pet Shop Boys - Dancing star

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vun der Pizza-Connection bis bei d'Normalitéit vun der CSV

Chamberwahlen 2018

Vun der Pizza-Connection bis bei d'Normalitéit vun der CSV

Vun 2011 bis 2013 goufen et inoffiziell Reuniounen tëscht Vertrieder vun DP an déi Gréng fir sech op nationalem Plang méi nozekommen. Dat huet dozou bäigedroen datt béid Parteie sech am Oktober 2013 séier mat der LSAP eens goufe fir eng Regierung ouni d'CSV ze bilden.

auto_stories

3 min

Den Abbes Jacoby, fréiere Fraktiounssekretär vun déi gréng, huet déi "labber Reunioune" vun der "Pizza Connection" an der Emissioun Riicht Eraus um radio 100,7 confirméiert.

Et wier een am Frëndeskrees zesummekomm. Mat dobäi vun déi gréng: François Bausch, Camille Gira, Felix Braz, Sam Tanson, Abbes Jacoby. Fir d'DP: Claude Meisch, Paul Helminger, Dan Theisen, an d'Geschäftsleit Norbert Becker a Lucien Emringer.

Am Ufank ass souguer iwwert eng mëttelfristeg Fusioun tëscht DP a gréng diskutéiert ginn, huet den Abbes Jacoby zouginn. Fir hie perséinlech wier et eng ganz interessant Diskussiounsronn gewiescht. D'Chimie tëscht de Vertrieder vu béide Parteien hätt gestëmmt. Et wiere verschidde Grënn fir déi positiv Dynamik ginn:

  • déi positiv Zesummenaarbecht tëscht gréng an DP am Stater Schefferot zënter 2005
  • d'Zesummenaarbecht an der parlamentarescher Oppositioun
  • d'Sich no Léisunge "fir Lëtzebuerg weider ze bréngen"
  • de Phenomen vun der "dominanter a selbstherrlecher" CSV

D'LSAP war net dobäi, esou den Abbes Jacoby. Engersäits well d'LSAP deemools mat der CSV an der Regierung war a well ee bei de Sozialiste kee Gespréichspartner fonnt hätt.

De Stater DP-Scheffe Patrick Goldschmidt sot, hien hätt déi Kontakter deemools vu ganz wäit matkritt an ënnerstëtzt.

Eng nei Parteielandschaft

Trotzdeem hunn déi dräi grouss Parteien CSV, LSAP an DP bei de Chamberwahle vun dësem 14. Oktober Stëmme verluer.

D'Dominanz vun der CSV wier am Gaangen zréck ze goen. De Ben Fayot schwätzt vun enger "historescher Zäsur an der Wahlgeschicht". Fir den Abbes Jacoby fänkt d'CSV elo un eng "normal Partei" ze ginn, déi net méi d'Attraktivitéit aus der Vergaangenheet hätt an doduerch och manner Carrièresméiglechkeete fir Politiker offréiert. Dat wier grondsätzlech gutt fir d'Demokratie.

Datt awer och d'DP an d'LSAP Stëmme verluer hu, féiert de Ben Fayot op d'negativ Effete vum Wahlsystem zréck. Dee misst an den nächste Jore reforméiert ginn, mengt de fréieren LSAP-Politiker. Duerch de Panachage géifen déi grouss Parteie sech inhaltlech net méi kloer positionéieren. An der Chamber wieren awer net vill Deputéiert un der Diskussioun iwwer de Panachage an d'Wahlbezierker interesséiert: "Mol net eng hallef Dosen".

De Stater DP-Scheffe Patrick Goldschmidt gleeft awer drun, datt d'Dräierkoalitioun déi Diskussioun lancéiert: "Ech mengen datt all d'Parteien averstane sinn datt an den nächste fënnef Joer muss iwwer méi Gerechtegkeet am Wahlsystem diskutéiert ginn". Hie wier iwwerzeegt, datt déi nächst Regierung sech dem Dossier unhëlt fir Verbesserungsvirschléi ze maachen.

"Sech Zäit loossen"

De Patrick Goldschmidt gleeft drun, datt DP, gréng an LSAP sech an de Koalitiounsverhandlungen iwwer e gudde Regierungsprogramm eens ginn. Hie wier fest dovun iwwerzeegt datt eng zweet Steierreform kënnt.

Et wier gutt, wann d'Aarbechtsgruppe vun den dräi Parteie sech Zäit huele fir déi nächst Wochen am Detail iwwer déi néideg politesch Akzenter zu Lëtzebuerg ze diskutéieren, mengt de Ben Fayot. Nieft der Ëmweltpolitik misst och d'Sozialpolitik an de Mëttelpunkt gesat ginn, mam Kampf géint d'Aarmut, dem Wunnengsbau an enger Ëmverdeelung vum Räichtum. De gerechte Gesellschaftsprojet misst sozial, fräiheetlech an ekologesch sinn.

"D'ekologesch Steierreform muss um Ordre du jour stoen", seet den Abbes Jacoby. D'Regierung hätt an de leschte Joren nach villes an d'Weeër geleet awer nach net ëmgesat. Et wier och e gudde Moment fir d'Denkfabrick vun der "Pizza Connection" nees ze relancéieren...