Radioen

On air

Notturno  |  Jimmy Leen - Black Summer Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wa Jonker ënnert dem Drock vun der Relioun leiden

Fräie Mikro

Wa Jonker ënnert dem Drock vun der Relioun leiden

Am Fräie Mikro vun haut mécht de Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, sech Suergen drëms, datt anscheinend ëmmer nach Jonker ënnert dem reliéisen Drock vun hirer Famill leiden. Där Fäll sinn him zougedroe ginn. Hie plädéiert dofir, datt zu Lëtzebuerg eng Zort Beroodungsplaatz an Observatoire an dësem Beräich opgebaut gëtt.

auto_stories

3 min

Foto: Archiv

Ech gouf viru Kuerzem vun enger Schoulpsychologin kontaktéiert déi mech ëm Rot gefrot huet, als Psycholog an als President vun AHA Lëtzebuerg, well si an hirer deeglecher Praxis ëmmer méi dacks konfrontéiert gëtt mat Fäll, wou ee gesäit, datt Jonker ënnert dem Drock vun der Relioun vun hirer Famill leiden. Ech muss zouginn, datt ech éischter d'Gefill hat, an de leschte Joren, datt sech eis Gesellschaft, glécklecherweis, ëmmer méi säkulariséiert huet an datt Relioun fir Jonker kaum nach eppes bedeit.

Si huet mer allerdéngs vun e puer Fäll verzielt, natierlech ouni d'Identitéit vun deene Jonken oder hire Famillen ze verroden, wou ee gesäit, datt d'Relioun vun der Famill, am Sënn vun "u gewëss Saache gleewe mussen", "gewëss reliéis Praktike matmaache mussen" oder "gewëss Reegelen am Alldag befollege mussen" duerchaus een erdréckenden Impakt op déi Jonk huet, respektiv datt Jonker op gewëss Heilsversprieche rafalen oder verféiert goufen an dono net méi wësse wéi se sech dovunner léise kënnen.

Dacks eng Ofhänegkeet vun Erwuessenen

Dacks géif ee gesinn, datt hir schoulesch Leeschtungen ofhuelen, datt si hiert soziaalt Liewen ëmkrämpelen, datt si Schwieregkeeten opweise wat hiert emotionaalt Gläichgewiicht ugeet, datt si keng aner Interessen oder Hobbyen hunn (oder däerfen hunn) wéi hir Relioun an datt si de Frëndeskrees wiesselen.

Insgesamt kéint ee soen, datt et oft eng Problematik vun Ofhängegkeet vun Erwuessenen ass. Déi Jonk di sech schwéier sech z'emanzipéieren. Si di sech schwéier hiren eegene Wee ze fannen an ze goen. Si hu mat ganz ambivalente Gefiller ze kämpfen, well si d'Bindungen zu deenen Erwuessenen net wëllen a kënnen einfach sou kappen. Zum Deel ass d'Relioun jo och ee wichtegen Deel vun hirer perséinlecher Identitéit. Mee si leiden awer och onmoosseg ënnert dem psycheschen Drock, dee vun dësen Erwuessenen ausgeet. Am léifste wéilten si fortlafen. Bei verschiddenen entsti Selbstmordgedanken an och Versich sech d'Liewen ze huelen.

Eng ëffentlech Ulafstell

Den Ëmgang mat esou Fäll ass ëmmer schwiereg, well een déi Jonk net einfach schütze ka virum Wëlle vun hirer Famill, well een domat riskéiert se vun hirer Famill lasszerappen a se nach méi ze entwuerzelen an ze desorientéierten, amplaz hinnen ze hëllefen eng stabil Basis opzebaue fir hier eegen Emanzipatioun.

Ech géif et dofir wichteg fanne wa mer eis zu Lëtzebuerg d'Froe géife stellen, ob mer eng ëffentlech Ulafstell schafe wëllen, wou Affer, mee awer och Famillen a Professioneller, sech kéinte vertrauensvoll hi wende fir Hëllef ze kréien a wou dëse Phenomeen méi systematesch géif erfaasst a chiffréiert ginn.