Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Black Marble - Somewhere

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wa Kanner Gewalt ausgesat sinn

Weltkannerdag

Wa Kanner Gewalt ausgesat sinn

Kanner hunn e Recht drop viru Gewalt geschützt ze ginn. Esou steet et an der Kannerrechtskonventioun, déi haut virun 30 Joer vun de Vereenten Natioune gestëmmt gouf. Trotzdeem si Kanner weltwäit vill Gewalt ausgesat. Och zu Lëtzebuerg ginn et Fäll.

auto_stories

2 min

Tëscht dräi an 19 Joer al kënnen d'Kanner an déi Jonk al sinn, déi bei der Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf betreit ginn. Si Kanner Gewalt ausgesat, kënne se zum Beispill am SOS Kannerduerf en Doheem kréien.

Kontroll iwwer d'Liewe kréien

Am Ganze besteet d'Fondatioun aus néng Strukturen uechter d'Land. Zwee Drëttel vun deene Jonken, déi hei ënnerkommen, waren an hirem Liewe physescher a psychescher Gewalt ausgesat, seet d'Karin Kiesendahl, pedagogesch Directrice vum SOS Kannerduerf.

Fir d'Kanner ass et wichteg déi traumatesch Erliefnisser opzeschaffen, esou déi Responsabel vum Kannerduerf. Dofir wier et wichteg, datt d'Kanner erëm Kontroll iwwer hiert Liewe kréien a selwer rëm bestëmme kënnen, esou d'Karin Kirsch, Kannerschutz vum SOS Kannerduerf.

D'Acteure sensibiliséieren

Wann ee Kand Gewalt ausgesat ass, sinn et meeschtens sozial Strukturen, wéi e Sportsveräin oder d'Schoulpersonal déi et als éischt matkréien. Dofir ass et dem René Schlechter, Ombudsmann fir Kannerrechter, no, wichteg fir dës Acteure fir de Problem ze sensibiliséieren - ënner anerem fir richteg mat enger méiglecher Situatioun ëmzegoen.

Et misst een och mat den Elteren déi richteg Ëmgangsweis fanne fir dem Kand ze hëllefen an net d'Situatioun ze verschlëmmeren, sou de René Schlechter.

De Jonken zur Säit stoen

Den Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand setzt sech iwwerall do an, wou engem Jonke seng Rechter net respektéiert ginn. Dëst Joer traitéiert den ORK eng 130 nei Dossieren an deenen den Ombudsmann als Mediateur tëscht de Kanner an de Familljen agéiert.

Gewalt ass eppes wat net einfach esou entsteet, esou d'Karin Kiesendahl vum SOS Kannerduerf. Et géif ëmmer eng perséinlech Geschicht hannendrun, déi ee misst opschaffen, fir erëm e gereegelt Liewen ze kréien.