Radioen

On air

Notturno  |  Dillendub - Stromausfall

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wa mir wëlle bleiwe wat mir sinn, da musse mir alles änneren"

Wuesstem

"Wa mir wëlle bleiwe wat mir sinn, da musse mir alles änneren"

Fir d’Liewensqualitéit am Grand-Duché och mat viraussiichtlech enger Millioun Awunner am Joer 2060 z’assuréieren missten net just d’Landesplanung, mee och d’Bedeelegung vun de Bierger an de Pensiouns- a Sozialsystem iwwerduecht ginn. Dat war eng Konklusioun op enger rezenter Diskussiounsronn iwwer d’Wuesstëmsfro.

auto_stories

5 min

Foto (v.l.n.r.): Carlo Thelen, François Bausch, Laura Zuccoli, Claude Gengler (© Alain Rischard/Editpress)

D'Table ronde, déi vun der franséisch-sproocheger Wochenzeitung Le Jeudi organiséiert gouf, huet eng Prognos vun der europäescher Statistik-Agence als Ausgangspunkt geholl: Eurostat no hätt de Grand-Duché a ronn 40 Joer eng Millioun Awunner. Mee wéi zouverlässeg ass dës Erwaardung eigentlech?

Vun der Vergaangenheet op d'Zukunft schléissen

De Claude Gengler, Direkter vun der Dageszeitung Le Quotidien a fréiere Conseiller am Landesplanungsministère zu Lëtzebuerg, huet vun enger Héichrechnung geschwat: Aktuell liewen zu Lëtzebuerg ronn 570.000 Leit. Dat sinn der bal 64.000 méi wéi viru fënnef Joer, also eng Hausse vu bal 13 Prozent. D’Rechnung vum Eng-Millioun-Awunnerstat am Joer 2060 wier also bei engem permanente Wuësstem séier gemaach.

De Generaldirekter vun der Handelskammer, Carlo Thelen, huet gemengt, et wier wichteg Wuesstëms-Zeenarioen opzestellen: "Well soss bewege mer eis an eng komplett Ongewëssheet." Anescht wéi an der Vergaangenheet misst een elo méi proaktiv agéieren. De Bevëlkerungswuesstem wier ënnerschat ginn an dowéinst wier net genuch investéiert ginn, zum Beispill an d'Mobilitéit.

Genuch Plaz fir Wunnengen

D’Mobilitéitsfro an der Haptstad soll zum Deel duerch den Tram geléist ginn, hofft de gréngen Infrastrukturminister François Bausch. Wéi a wou zousätzleche Wunnraum fir déi méi grouss Awunnerzuel geschafe ka ginn, steet awer op engem anere Blat. Dem Minister no dierft d’Äntwert net sinn de Bauperimter z’erweideren. Bannent dem Perimeter wier ee grousse Potential fir nei Wunnengen ze bauen.

De François Bausch nennt d’Beispiller vun den Industriefrichen tëscht Schëffleng an Esch an zu Dummeldeng. Duerch de neie Bebauungsplang (PAG) kéint d’Stad Lëtzebuerg bis op 130.000 Awunner wuessen, mengt den Infrastrukturminister. "Dat si keng gréng Flächen, vun deenen ech schwätzen." Dës Fläche kéinten erhale bleiwen, wann all d'Surfacë bannent dem Perimeter efficace genotzt ginn.

Bauterrainen mobiliséieren

D'Presidentin vun der Auslänner Organisatioun ASTI, Laura Zuccoli, gesäit an de sougenannte "Baulücken" eng Méiglechkeet fir séier neie Wunnraum ze schafen. Iwwer 90 Prozent vun dësen Terraine wieren awer an der Hand vu private Promoteuren, kritiséiert d’Laura Zuccoli.

Wann een dorunner eppes wéilt änneren, da misst een d'Proprietairen eventuell forcéieren hiren Terrain iwwert ee "Bail emphythéotique" zur Verfügung ze stellen, esou d'ASTI-Presidentin. Da kéinten de Staat do Wunnenge bauen. "Dat ass ee Beispill vun enger Mesure, déi séier een Impakt huet".

An der Debatt iwwert d’Baulücken géif och d’Grondsteier eng Roll spille, seet de François Bausch. D’Recette vun der Grondsteier sinn zu Lëtzebuerg 0,1 Prozent vum PIB. Dat läit ënnert dem Europäeschen Duerchschnëtt vun 1,4 Prozent. Dem Infrastrukturminister no géif zum Beispill d’Schwäiz duerch eng héich Grondsteier efficace géint Besëtzer virgoen, déi op Terrainen spekuléieren.

Demokratiedefizit

An der Wuesstëmsdebatt dierft awer och d’Bedeelegung vun de Bierger un der Gesellschaft net vergiess ginn, ënnersträicht d’ASTI Presidentin Laura Zuccoli. Datt zu Lëtzebuerg an Zukunft méi Auslänner wéi Lëtzebuerger kéinte liewen ass nämlech net onrealistesch. D’läscht Joer ware bal d’Hallschent vun den Awunner auslännesch Bierger. Am Verglach: Ufank der 60er Joren waren et ronn 13 Prozent.

"D'Leit, déi zu Lëtzebuerg liewen musse sech als Deel vun der Communautéit gesinn." Et misst een zum Beispill op lokalem Niveau eng méi staark Participatioun vun alle Bierger garantéieren, zum Beispill wann et ëm Fro geet, wéini d'Busse solle fueren. Do misst jidderee kënne matschwätzen, egal op wéi eng Nationalitéit een huet.

Wat d’Bedeelegung vun auslännesche Bierger betrëfft, huet den Infrastrukturminister François Bausch op dat néit Nationalitéite Gesetz verwisen. Dëst géif den Auslänner et méi einfach maachen d’Lëtzebuergesch Nationalitéit unzehuelen.

Wuesstem a Rentemauer

Wann iwwer déi nächst Joerzéngte 400.000 Leit méi géifen am Grand-Duché wunnen hätt dat awer net just een Impakt op den Transport, de Wunnraum an d’Gesellschaft, mee och op de Pensiouns- a Sozialsystem.

Aktuell sinn am Pensiounsfong Reserve vu ronn 16,5 Milliarden Euro. Wann den Eng-Millioun-Awunnerstaat Realitéit gëtt, missten engem Zeenario no am Joer 2060 100 Versécherter fir 61 Pensiounen opkommen. D’Rentereseven wären an dem Fall am Joer 2043 eidel.

De Carlo Thelen vun der Handelskammer fuerdert, datt déi politesch Responsabel de Pensiounssystem elo iwwerschaffen - och wann dat bei de Wieler net populär wier. "Et deet manner wéi, wann een elo e puer Upassunge mécht um Pensiounssystem, deen eis an den aktuelle Wuesstemsdrock aspäert."

Fir eng sougenannt "Rentemauer" – also een Zäitpunkt op deem d’Reserven opgebraucht sinn – ze verhënnere ginn et e puer Méiglechkeeten. Zum Beispill de Pensiounsalter oder d’Cotisatiounen an d’Luucht setzen.

Produktivitéit vs Aarbechsplazen

De Carlo Thelen plädéiert och fir méi een intensive Wuesstem, bei deem d’Produktivitéit an net d’Zuel vun den Aarbechtsplazen am Virdergrond steet.

"Wat heescht dat? Ma datt een amplaz vun zwou Aarbechtsplaze fir X Prozent Wuesstem, muer just nach eng Aarbechtsplaz brauch." A well d'Land souwisou an enger Situatioun vun Iwwerbeschäftegung wier, géif et dem Lëtzebuerger Modell gutt doen, wann en op manner Aarbechtsplazen ugewise wier.

Wuesstem bremsen?

Duerch d’Rifkin-Etude iwwer d'Digitaliséierung vun der Wirtschaft an d’Konklusioune vum sougenannten Zukunftsdësch wëll d'Regierung een intensiven, intelligenten, nohaltegen oder och nach qualitative Wuesstem ërderen. Vun dëser Zort Wuesstem wier awer den Ament nach net vill ze gesinn, kritiséiert de Claude Gengler.

Am Géigendeel: Zu Lëtzebuerg géifen et am Ganzen 4 Millioune Quadratmeter Bürosfläch. An d'Promoteure géife sech scho freeën, fir eng weider Millioun Quadratmeter Bürosfläch ze bauen. Déi nämmlecht Entwécklung kéint ee bei de grousse Supermarchéë gesinn. "Wann ee wëll bremsen, da muss een ufänke mat bremsen".