Detentiounscampen am Niger Waarden op eng ongewëss Zukunft

Den Niger ass déi drëtt Etapp vum Ausseminister senger aktueller Afrikatournée. Eent vun den äermste Länner vun der Welt, en Dréipunkt fir d'Migratioun vu Westafrik a Richtung Mëttelmierküst. E Flux deen duerch Libyen geet, an dee rezent gebremst gouf duerch Informatiounen iwwert d'Schicksal vun de Migranten a Libyen. An duerch e konsequent Duerchgräife vun den Autoritéiten am Niger.

Mick Entringer (Agadez) / cz

Jean Assleborn Niger
Foto: Mick Entringer

2015 huet den Niger den illegalen Trafic vu Migrante per Gesetz verbueden. Aktuell kommen der vill aus Algerien a Libyen zréck. D'OIM, déi international Organisatioun fir Migratioun, hëlt si am Niger op a Campen, fir si zréck an hir Ursprongslänner ze rapatriéieren. Dat ganzt géif an Dignitéit geschéien, seet de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn. Am Niger géifen d'Migranten anescht behandelt ginn, wéi a Libyen, seet de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn.

Si setzen hei net an engem Prisong, et ass keng Detentioun. Et muss ee wëssen, datt een hei keng frou Gesiichter gesäit. Datt dat Leit sinn, déi immens vill matgemaach hunn. Déi schonn a Libyen waren, verschiddener ware schonn um Mëttelmier.

Esou d'Tess-Evelyn, eng Fra aus dem Liberia, déi zënter 21 Joer op der Flucht ass. 1996 ass si wéinst dem Biergerkrich aus Liberia geflücht, nodeems hir Elteren a Geschwëster virun hiren Aen ëmbruecht goufen. Zënterhier war si am Senegal, am Tschad, an Algerien. Fir d'lescht a Libyen. Dat war dat Schlëmmst, seet si. Si wollt an Europa, hat all hir Suen dofir ausginn. Hire Mann gouf ëmbruecht. Zéng mol ass si vergewaltegt ginn, erzielt déi traumatiséiert Fra. Tess-Evelyn hofft op eng Zukunft. Si weess net, wat wäert kommen, wa si vun der Internationaler Organisatioun fir Migratioun zréck an de Liberia bruecht gëtt. Si froe sech, wat si maache sollen, wann d'Refugiéen erëm an hirem Ursprongsland sinn, seet e Responsabele vum Camp vun der OIM fir Migranten zu Agadez, de Lincoln Gaingar.

Waarden op EU-Gelder

D'EU hätt versprach, am Liberia géing si mat engem Projet ënnerstëtzt ginn, fir hiert Liewen erëm opzebauen, seet d'Tess-Evelyn. Si wéisst awer net, op dat stëmmt. Ouni Perspektiv a Famill a Liberia géing si riskéieren, op der Strooss ze stierwen. D'Tess-Evelyn ass eng Persoun ënnert 780 am Camp zu Agadez. Eng vun Dausenden, an engem Land, dat selwer enorm Problemer huet.

De Niger ass dat zweet äermst Land op der Welt, seet den Eric Dietz, Chef vum Lëtzebuerger Büro vun Niamey. Vun 21 Millioune Mënschen am Niger si ronn zwou Millioune Mënschen ënnererniert. "An dobäi kommen d'Securitéitsproblemer un de Grenzen, mat Nigeria, Libyen, Mali", sou den Eric Dietz.

Chômage geet staark erop

Zu Agadez hu geschate 6.000 Persounen hir Aarbecht verluer. Leit, déi hiert Geld virdru mam Transport an dem Ënnerbrénge vu Migrante verdéngt hunn. "Déi Leit mussen opgefaange ginn, fir datt si net an d'Kriminalitéit rutschen. Dofir brauch ee Suen, Suen déi d'EU versprach huet", seet de Buergermeeschter vun Agadez. Et géing een op d'Europäesch Unioun zielen, fir sou séier wéi méiglech Projete kënnen ëmzesetzen, déi virun allem de Jonken ze gutt kënnt.

D'Lëtzebuerger Kooperatioun ass zënter 30 Joer am Niger aktiv. Fir d'Period 2016-2020 gëtt Lëtzebuerg ronn 85 Milliounen Euro. No China an den USA ass Lëtzebuerg deen drëtt gréisste bilateralen Donateur a Subventiounen am Niger.

Den Challenge fir den Niger ass enorm. De Besoin fir Hëllef vun der internationaler Communautéit grad esou.

Lauschteren

Méi zum Thema

Detentiounslager Tarek al Matar
Afrika-Missioun

Libyen war eng Destinatioun vum Lëtzebuerger Ausseminister senger Afrikatour. Nieft enger Entrevue mam libeschen Ausseminister gouf e staatlecht Lager fir Flüchtlingen a Migrante besicht.

Development aid
Neien Accord-cadre

Sechs Lëtzebuerger ONGe ginn zënter Januar mat 22,7 Milliounen Euro vum Kooperatiounsminsitère ënnerstëtzt. Dat bréngt méi Méiglechkeeten, awer och méi Contrainte mat sech, soen déi betraffenen ONGen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen