Radioen

On air

Notturno  |  D.E.T. - Dis-Moi

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Waasser als politescht Drockmëttel a Palestina

Waasserzougank

Waasser als politescht Drockmëttel a Palestina

D'Vereente Natiounen hunn am Joer 2010 den Zougank zu propperem Waasser zu engem fundamentale Mënscherecht erkläert. A Palestina ass dëst Mënscherecht awer alles aneres ewéi garantéiert. D'Bevëlkerung am Westjordanland an an der Gazasträif leiden ënner Waassermangel. Et gi genuch Reserven, mä d'Palestinenser brauche fir all Bur eng Autorisatioun vun der israelescher Militärverwaltung.

auto_stories

3 min

(Foto: Bigstock / Sunshiro)

Trotz dem relativ héije Nidderschlag, de räichleche Grondwaasserreserven an dem Jordan Floss hunn d'Palestinenser nëmme schwéier Accès op Waasser. Grond fir dësen artifiziellen a permanenten Noutstand ass eng ongläich Kontroll iwwert d'Verwaltung vum Waasser.

Fir dës asymmetresch Muechtverhältnisser an der Ressourceverdeelung ze beschreiwen, hu Fuerscher vum London Water Research Group d'Konzept vun der Hydro-Hegemonie entwéckelt. Ee Konzept, dat op de Mark Zeitoun, Hydrolog a Professer op der University of East Anglia, zeréckzeféieren ass. A sengen Aen, géif a ville grenziwwerschreidende Kriseregiounen, an deenen Waasser eng bedeitend Roll spillt, d'Kontroll vun der Ressource mat enger Mëschung aus Gewalt an Awëllegung séchergestallt ginn. Dat wier och a Palestina de Fall, wou d'Verdeelung vum Waasser vun Israel geréiert gëtt.

"Israel hält engersäits mat Gewalt seng Militärbesatzung oprecht. Anerersäits huet d'Palestinensesch Autoritéit am Joer 1995 mat Israel den Oslo 2 Traité ofgeschloss deen och d'Waasserfro adresséiert. An deem Traité steet dran, dass Israel d'Kontroll iwwert d'Waasserverwaltung bäibehält mee dass des Fro am Joer 2000 nei negociéiert sollt ginn. Den Traité ass awer ni nei negociéiert ginn."

Ënnerscheeder am Waasserverbrauch

Als Konsequenz vum OSLO Traité, sinn d'Palestinenser an hirem Waasserverbrauch vun Israel ofhängeg. Dat bedeit, datt d'Palestinenser fir all Bur oder Waasserleitung d'Autorisatioun vun der Militärverwaltung brauchen." Am gréisste Grondwaasser-Reservoir hunn d'Palestinenser zanter der Militärbesatzung vun 1967 keng eenzeg Autorisatioun fir een neie Bur kritt." Dat seet den Hydrogeolog Clemens Messerschmid, deen zënter 20 Joer am Westjordanland lieft an am Beräich vun der Waasserverwaltung schafft.

D'Ënnerscheeder am Waasserverbrauch tëscht Israel a Palestina sinn enorm. D'Palestinenser verbrauchen op de Kapp am Duerchschnëtt ronn 70 Liter Waasser am Dag. Hier israelesch Noperen ronn 270 Liter - also bal véier Mol méi. An Israel géing soumat souguer méi wéi duebel souvill Waasser verbraucht ginn, ewéi an Däitschland, erkläert de Clemens Messerschmid. D'Palestinenser leien hirersäits awer wäit ënnert dem Niveau u Waasserverbrauch, dee vun der Weltgesondheetsorganisatioun als Minimum ugesi gëtt, fir ee mënschewierdegt Liewen ze féieren. Nach méi markant ass den Ënnerscheed vum Waasserverbrauch am Beräich vun der Landwirtschaft.

Obwuel d'Agrikultur just annerhallwe Prozent vun der israelescher nationaler Wirtschaftsleeschtung ausmécht, verbraucht de Secteur an Israel néng mol méi Waasser, wéi a Palestina. Do mécht d'Landwirtschaft awer 20-30 Prozent vum PIB aus.

Gefor fir d'Liewensgrondlag

De schwieregen Accès zu Waasser trëfft d'Baueren am Westjordanland dofir besonnesch staark an ass eng Gefor fir hir Liewensgrondlag. "Waasser ass vun Ufank un een zentrale Punkt an der zionistescher Besiedelung. All déi fréi Siedelungen (...) konnten ëmmer nëmmen do entstoen a wierken, wa se profitabel Landwirtschaft maache konnten. An dofir war Waasser enorm wichteg, " seet de Clemens Messerschmid.

Duerch den Oslo Traité vun 1995 gouf och de sougenannten "Joint Water Committee" an d'Liewe geruff. Déi gemeinsam Israelesch-Palestinensesch Waasser-Autoritéit soll an der dofir suergen, datt d'Verwaltung vum Waasser bannent Palestina gemeinsam vu béide Partië geréiert gëtt. An der Realitéit hätten d'Palestinenser awer wéineg Afloss op d'Entscheedungen, seet de Mark Zeitoun. Senger Meenung no, wier den Joint Water Committee ee Moyen fir d'Hydro-Hegemonie vun Israel oprechtzeerhalen.

"Zwar kënnen d'Palestinenser israelesch Projeten am Westjordanland refuséieren, zum Beispill Waasser fir illegal Siidlungen. Mee wa si dat maachen, reagéiert Israel mat engem Veto géint ee palestinensesche Projet."

Palestinenser géifen dofir den Accord fir israelesch Siidlunge ginn an domat hirer eegener Koloniséierung zoustëmmen.

Wëlle feelt fir Léisungen ëmzesetzen

Andeems d'israelesch Autoritéiten de Palestinenser den Zougang zu Waasser erschwéieren, forcéieren si d'Palestinenser dozou hier Lännereien ze verloossen. Am Géigesaz zu de Palestinenser, kréien d'illegal Siidler vun der israelescher Arméi awer d'Erlaabnis d'Waasserreserven am Westjordanland ze benotzen a Buren ze gruewen. D'Léisungen fir eng méi gerecht Waasserverdeelunge géifen et ginn, seet de Mark Zeitoun weider. Et ass de Wëllen, dee feele géif fir dës Léisungen ëmzesetzen. An dat aus politesche Motiver.