Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Waassermangel a Frankräich

Wéineg Reen

Waassermangel a Frankräich

A Frankräich gouf et am Februar esou wéineg Reen wéi nach ni, wat zu enger Wanterdréchent geféiert huet. A fënnef Departementer ginn et scho Waasser-Restriktiounen, d'Regierung wëllt elo och en nationale Waasserplang virstellen, deen de Verbrauch reduzéieren soll.

auto_stories

2 min

32 Deeg ouni Reen, dat ass ee Wanterrekord, dee Frankräich besuergt. Eigentlech soll de Reen an de Wanterméint d'Nappes phréatiques an domadder Grondwaasser opfëllen, datt genuch do ass fir d'Fréijoer an de Summer. Ongeféier zwee Méint Nidderschlag gëllt et elo opzehuelen, datt et net nees zu enger gravéierender Dréchent wéi am leschte Summer kënnt.

Ass de Klimawandel schold?

De Klimatolog Robert Vautard erkläert, datt et nach méiglech wier, mee dofir bréicht et elo an den nächste Wochen a Méint méi Nidderschlag. Den aktuelle Reendefizit wier net onbedéngt op de Klimawandel zeréckzeféiere seet de Robert Vautard, déi resultéierend Dréchent awer schonn, well de Buedem ausdréchent. Déi héich Temperature wieren den Haaptgrond vun der Dréchent. Elo scho muss a fënnef Departementer am Süden, Waasser gespuert ginn, mee de President Emmanuel Macron huet um Weekend ee generellt Ëmdenke gefuerdert. Den Iwwerfloss wier elo eriwwer.

Änlech wéi beim Stroum, misst een sech dru gewinne manner ze verbrauchen, dofir Wëll d'Regierung an den nächste Wochen e grousse Waasserplang mat ongeféier 50 Mesurë presentéieren. De Robert Vautard gesäit awer wichteg Ënnerscheeder tëschent Stroum a Waasser well d'Waasser am Verglach däitlech méi gënschteg ass an et dofir kee finanziellen Ureiz gëtt ze spueren.

Waasserverbrauch bremsen

De Minister fir d'ökologesch Transitioun, de Christophe Béchu, appelléiert elo schonn un d'Departementer, gewëss Restriktiounen ëmzesetze fir de Verbrauch ze bremsen, zum Beispill bei private Piscinnen oder beim Nätzen, wéi hien op "France Info" erkläert huet.

Waasserfuitten am Reseau evitéieren, Reewaasser besser sammelen an Drénkwaasser spueren, dat sinn e puer Mesuren, déi d'Regierung ënnerhuele wëll. De Klimatolog Alain Mazaud begréisst dat, mee gesäit nach eng aner Erausfuerderung. Ouni eng Reduktioun vun den Zäregasemissioune géing een de Problem vum Waassermangel net léisen.

Éischt Schrëtt géint d'Dréchent ginn deemno op de Wee bruecht, mee virun allem muss een elo op eppes Paradoxes hoffen an zwar en reeneregt Fréijoer.