Radioen

On air

Notturno  |  East Coast Love Affair - Date With The Rain Feat. Peter Hunningale & L. Ross

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Waasserpräisser klammen och bei DEA, SEC a SIDERE

Net just an de Südgemengen

Waasserpräisser klammen och bei DEA, SEC a SIDERE

Net nëmmen an de Südgemengen wäert de Waasserpräis, deen d'Syndikater un d'Gemenge facturéieren, klammen. Op Nofro hi bestätegen déi dräi aner grouss Waassersyndikater DEA, SEC an de SIDERE, datt och si de Präis vum Waasser an d'Luucht setze mussen. De Grond wier virun allem déi héich Energiepräisser.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Beim SEC am Zentrum ginn d'Präisser vu 35 op 67 Cent erop, a beim SIDERE am Oste steet eng definitiv Ofstëmmung nach aus. Mee och hei ass d'Tendenz änlech, krute mir op Nofro hi gesot.

Am Norde verduebele sech d'Präisser

Bei der DEA, der Distribution d'Eau des Ardennes, wäerten d'Energiekäschte sech verduebelen. De Charel Pauly, President vun der DEA, erkläert datt dat domat ze dinn huet, datt d'Waasser zum Deel an den Norde muss gepompelt ginn, iwwer Héichten an Déiften:

"Mir hunn ee Waasserleitungsnetz vu ronn 500 Kilometer. Dat sinn dann och Energiekäschten (...) an déi hu sech praktesch verduebelt. Mir gi vu 450.000 Euro op 900.000 Euro erop, wat mir un Energiekäschten dra stiechen hunn, eleng Elektresch."

Dobäi kënnt, datt och de Stauséi-Syndikat SEBES wéinst den héijen Energiekäschten hir Präisser an d'Luucht gesat huet. D'DEA kritt ronn 70 Prozent vun hirem Waasser vum SEBES. Konkret heescht dat fir d'Nordgemengen, datt de Präis vum Waasser vun duerchschnëttlech 2,80 Euro pro Meterkibb op 3,30 Euro klamme wäert. Dat wier eng Hausse vu ronn 50 Cent.

De Budget vun der DEA ass virun zwou Wochen eestëmmeg ugeholl ginn, an déi 29 Membersgemenge goufen an engem offizielle Schreiwes iwwer d'Präishausse informéiert, esou de President.

Gemengen decidéiere Wasserpräiss fir hir Awunner

Wéi vill all Gemeng hiren Awunner am Endeffekt da fakturéiert, hänkt vu Fall zu Fall of.

De Charel Pauly, President vun der DEA, erkläert datt d'Gemenge Proprietär vun der DEA oder och dem SES wieren, an datt dat bei all Syndikat esou wier:

"Mir maachen de Präis net an de Gemengen. Dat do ass déi Déngschtleeschtung, déi d'DEA un hir Membersgemenge mécht, a mir hunn u sech net direkt ee Meterkibb-Präis, mee d'Gemeng mécht de Waasserpräis fir seng Leit a senger Gemeng."

Laut dem Syndikats-Gesetz muss d'Waasser awer käschtendeckend vun de Gemengen un d'Stéit verkaaft ginn. Et féiert also kee Wee laanscht eng Präishausse.