Radioen

On air

Notturno  |  Tara Clerkin Trio - The Turning Ground

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wäert et an Zukunft méi Notairen hei am Land ginn?

Geplangte Reform vum Notariat

Wäert et an Zukunft méi Notairen hei am Land ginn?

D'Zuel vun den Notairen hei am Land ass op 36 limitéiert. All d'Notairë si Lëtzebuerger. Wäert et an Zukunft méi Notairen hei am Land ginn? A wäerten och Bierger aus aneren EU-Staaten Notaire am Grand-Duché kënne ginn? Dat si Froen, déi sech am Kontext vun der geplangter Reform vum Notariat stellen. D'Regierung plangt eng "fundamental Reform".

auto_stories

4 min

D'Martine Schaeffer ass Presidentin vun Chambre des notaires du Grand-Duché de Luxembourg

Ziler vun der Reform sinn eng Moderniséierung vun der Professioun vum Notaire an eng Upassung un d'EU-Recht. De Projet fir d'Reform vum Gesetz vun 1976 war vum Justizministère zesumme mat der Notariatskammer ausgeschafft ginn.

Elo sollen Amendementer ausgeschafft ginn, erëm zesumme mat den Notairen. Et hätt een dem Minister en Avis geschéckt, fir iwwer den europäesche Volet ze schwätzen, esou d'Presidentin vun der Notariatskammer Martine Schaeffer. De Ministère wier hires Wëssens no am Gaange fir verschidde Saachen ëmzeänneren, dono géif ee sech fir Entrevuë gesinn.

D'Notariatskammer wënscht sech, datt déi geplangte Reform bannen den nächsten zwee Joer kann a Kraaft trieden. Ob dat geschitt, misst ee kucken, esou d'Martine Schaeffer. De Staatsrot hat am Mee dëst Joer e ganz kriteschen Avis formuléiert. Mat sengem Avis hätt de Staatsrot an e puer Punkte Recht an anere Punkten hätt en Onrecht, stellt d'Presidentin vun der Notariatskammer fest. "Well en eben net den Terrain kennt, also géif ech mol behaapten. Et ass e ganz schwéiere Beruff u sech. Ech maachen e ganz gären, mee et gëtt ëmmer méi komplizéiert."

D'Associatioun vun Notairen am aktuellen Text net virgesinn

D'Redaktioun vum Text vun der Reform vum Notariat wier "e bëssen holpereg" formuléiert ginn, kommentéiert d'Martine Schaeffer d'Reform vum Notariat.

"Et sinn nach Saachen zum Schluss bäikomm, wou e vläicht e bësse méi hätt missten iwwerleeën. Den Avantage ass et, datt mir elo hei mol wéinstens e Minister haten, deen de Courage hat, deen dote Projet eranzebréngen an d'Legislatioun."

D'Martine Schaeffer verweist drop, datt et an aneren EU-Staate schonn d'Méiglechkeet fir d'Notairë gëtt, fir sech mat aneren Notairen ze associéieren. Dës Méiglechkeet hätt d'Notariatskammer sech och hei am Land gewënscht. De Staatsrot stellt dozou awer eng Partie Froen. Wann d'Méiglechkeet vun Associatiounen net geschaf géif ginn, wier déi eenzeg Alternativ fir de Choix fräi ze gestalten, wou en Notaire sech wëllt nidderloossen. Dat wier der Martine Schaeffer no "eng ganz geféierlech Geschicht", well scho momentan tendenziell eng Partie Saache "laanscht den Notaire" géif goen.

"Mir kucken elo mat der Digitalisatioun vun de Gesellschaften, wou mir dann och een elektroneschen Acte kënne maachen, do ass de Projet bal fäerdeg, datt mir do bësse méi Servicer kënnen ubidden. Mee wa keng Immeubele méi verkaaft ginn, oder wann de Staat ze vill Haiser oder Appartementer keeft, da mécht hien dat selwer an da brauch e keen Notaire."

Wann d'Zuel vun den Notairen hei am Land däitlech géif klammen, da géif ee riskéieren nach aner Problemer ze kréien, warnt d'Presidentin vun der Notariatskammer. D'Aarbecht vum Notaire wier relativ streng kontrolléiert, dofir misst ee méi Moyene kréien, fir dës Kontrolle kënnen duerchzeféieren. "Am Moment maache mir jo alles selwer, mir kontrolléieren eis och selwer. An där Zäit kënne mir keng Acte maachen", sou d'Martine Schaeffer

"Ech fannen een Notaire, dee muss Lëtzebuergesch kënnen"

All d'Notairen hei am Land wieren de Moment Lëtzebuerger. No engem Uerteel vum Europäesche Geriichtshaff vun 2011 kéinte sech och Bierger aus aneren EU-Staate melle fir Notaire hei am Land ze ginn. Dat hätt et bis elo nach net ginn. Dem aktuelle Gesetz vun 1976 no muss een Notaire Lëtzebuergesch kënnen.

"D'Diskussioun, déi mir am Moment hunn, dat ass, datt Lëtzebuergesch vläicht hei zu Lëtzebuerg eng Amtssprooch ass, mee awer um internationalen oder um europäeschen Niveau net. A wou de Ministère fäert, dat ass, fir Lëtzebuergesch duerchzesetzen, dat géife se wahrscheinlech net duerch Bréissel kréien. Ech sinn net der Meenung: ech fannen een Notaire, dee muss Lëtzebuergesch kënnen an ech maachen och alles, fir datt dat gemaach gëtt. Well mir hunn ëmmer méi al Matbierger hei zu Lëtzebuerg. Dono ass et esou, datt just nach déi puer Lëtzebuerger Notairen, déi do sinn, oder déi puer déi Lëtzebuergesch kënnen, da kënnen an d'Altersheim goen an dann de Leit nolauschteren, fir dann hir Testamenter ze maachen. An dat ass fir mech een No go."

D'Notariatskammer ass der Meenung, datt de Staat och an Zukunft soll festleeën, wou Notaires-Etüde sinn. Soss géif ee riskéieren eng Konzentratioun op deene Plazen ze kréien, wou d'Gesellschaften an de Finanzsecteur sinn. "Géif een dat fräi maachen, dann hätte mir méi Leit hei an der Stad a kee méi am ganze Land", sou d'Martine Schaeffer. Den Notaire misst fir all Mënsch uspriechbar sinn.