Schoul Wäerterunterrecht: "Et gëtt kee richteg oder falsch"

Am September ginn d'Reliouns- an d'Moralscoursen an der Grondschoul duerch d'Fach "Vie et Société" ersat. Eng 2.300 Enseignante wiere scho prett, fir den neie Cours ze halen, seet den zoustännege Gesetzesrapporter Lex Delles (DP).

Rick Mertens

Lex Delles.JPG
Lex Delles (DP)

D'Formatioune fir d'Enseignanten op dat neit Fach ze preparéieren, wieren "enorm besicht gewiescht," sou de Lex Delles. Zu gewëssenen Zäiten hätten esou vill Leit sech fir d'Formatioune wëllen umellen, datt de Server beim Ministère ofgestierzt ass.

Dräi Optioune fir fréier Reliounsenseignanten

"Vie et Société" ka souwuel vun normale Grondschoul-Enseignante gehale ginn, wéi och vun Enseignanten, déi bis elo Reliounscourse ginn hunn. Fréier Reliounsenseignante kréien nämlech d'Méiglechkeet, als Chargé Coursen an der Grondschoul ze halen, wa si e Premières- oder Treizièmesdiplom hunn. Vun de ronn 200 Reliounsenseignanten an der Grondschoul wieren der eng 70 an där Situatioun, sou de Lex Delles. Si kënne Chargé de Cours ginn, wa si eng zousätzlech Formatioun vun 150 Stonnen maachen.

Fir Reliounsenseignanten, déi keng Première hunn, ginn et zwou weider Optiounen, fir sech ze reorientéieren. Si kënnen als Hëllefskraaft am Enseignement engagéiert ginn, zum Beispill an der Education Différenciée, der Logopedie oder a verschidde Lycéeën. Donieft finanzéiert de Ministère och 40 voll Tâche beim Bistum, fir Reliounscourse baussent der Schoul z'organiséieren.

Kritescht Denke soll am Mëttelpunkt stoen

An der Grondschoul orientéiert "Vie et Société" sech un deem selwechte Kaderprogramm wéi an de Lycéeën, wou d'Fach schonn am September 2016 agefouert gouf. Haaptzil vum Cours wier et, de Schüler bäizebréngen, "Saache kritesch ze hannerfroen," sou de Lex Delles. Dobäi géif et kee "richteg oder falsch" ginn, mä et sollen "iwwergräifend" Themen, wéi d'Mënscherechter oder déi grouss Weltreliounen, opgegraff ginn.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Jean-Lousi Gindt
Enseignement

Vun e Méindeg u gëtt de Cours “Liewen a Gesellschaft” enseignéiert. De Cours géif sech awer net vill vun deem ënnerscheeden, wat schonn zënter Joren gemaach géif ginn, fënnt den Einseignant Jean-Louis Gindt.

claude meisch.JPG
Schoulpolitik

All Schüler huet seng eege Besoinen, d'Schoul muss méi individuell op d'Kanner agoen, seet den Educatiounsminister. Dat bedeit méi Autonomie fir d'Acteuren. De Claude Meisch wëll awer net falsch verstan ginn. 

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen