Radioen

On air

Notturno  |  Kuston Beater - Undo Stress

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi Lëtzebuerg der Ukrain déi Waffe liwwert, déi se brauch

Fir de Krich an der Ukrain

Wéi Lëtzebuerg der Ukrain déi Waffe liwwert, déi se brauch

Och Lëtzebuerg ënnerstëtzt d'Ukrain mat Waffen a Munitioun. Well eis Arméi awer relativ séier alles ginn hat, wat se entbiere konnt, ass d'Lëtzebuerger Defense en eegene Wee gaangen, fir u Material ze kommen. Eng kreativ Léisung, déi déi renomméiert US-amerikanesch Dageszeitung New York Times d'lescht Woch verroden huet.

auto_stories

3 min

Foto: unsplash / Mykola Makhlai

Zwee Mataarbechter mat militäreschem Background wiere mat der Iddi komm, fir op de fräie Marché akafen ze goen. Deen ee vun hinnen hätt do, an der Vergaangenheet och schonn Erfarung gesammelt gehat. D'Iddi wier aus der Nout eraus gebuer ginn, scho kuerz nom Ufank vum Krich, well Lëtzebuerg weider hätt wëllen hëllefen, och wéi déi eege Stocken, vun deem wat konnt geliwwert ginn, eidel waren. An et gouf dee Moment keng Alternativ a Form zum Beispill vun engem Dëppen, an dat een hätt kënnen abezuele fir gemeinsam mat aneren akafen ze goen. Dofir den eegene Wee.

Lëtzebuer hätt ëmmer geziilt akaaft an en fonction vun deem wat gebraucht gëtt. Et wier een a permanentem Kontakt mat der ukrainescher Ambassade zu Bréissel gewiescht an et hätt een déi Saache vun enger Lëscht kaaft, déi d'Ukrain gebraucht huet, seet de François Bausch.

"Mee mir krute gesot iwwer eng Lëscht, hei mir bräichten 100 Night Goggles, där Nuechtsiichtgeräter, an dann hu mer versicht déi ze kafen. Oder: Mir brauchen elo esou vill dausend Schoss där Munitioun, da si mer déi kafe gaangen."

Lëtzebuerg huet 2023 scho fir 15 Milliounen Euro Waffe fir d'Ukrain kaaft

Grouss Gefierer wiere keng kaaft ginn: "Do hu mer net genuch Experienz", seet de François Bausch. Mee Munitioun a méi kleng Ekipementer, dat hätten déi zwee Mataarbechter vun der Lëtzebuerger Defense kënnen opdreiwen. An hir Missioun ass och nach net eriwwer.

"Si sinn nach ëmmer aktiv, well mir hu bis elo dëst Joer (2023) jo schonn erëm fir 15 Milliounen akaaft, an de Gros misst och scho geliwwert sinn. A mir fuere weider, wéi mer et och versprach hunn, esou laang wéi et noutwenneg ass."

De Wee vun de Waffen ass strikt kontrolléiert

Akaaft gëtt net op iergend engem Schwaarzmaart, mee bei etabléierte Firmen. Lëtzebuerg bekëmmert sech och ëm de logistesche Volet, organiséiert also den Transport vun de Saache bis un d'ukrainesch Grenz, ma kee Schrëtt weider. Do huelen d'Ukrainer d'Material dann entgéint a bréngen et dohin, wou et gebraucht gëtt.

D'USA hätten "relativ strikt" Conditioune gesat fir de Wee vun de Waffe kënnen nozevollzéien, fir ze verhënneren, datt Waffen iwwer aner Weeër géife verkaaft ginn.

"D'Leit musse sech net virstellen, datt do einfach jiddweree Këschteweis akafe geet, déi iergendwou hi liwwert an dann hellt do iergend een déi of, an da mécht en domat wat e wëll. Also esou ass dat net an der Praxis."

D'Identitéit vun den zwee Mataarbechter aus der Défense gëtt aus Sécherheetsgrënn iwwregens geheim gehalen. De François Bausch hält de Risiko, deem si ausgesat sinn, awer fir "mesurabel".