Radioen

On air

Notturno  |  Pentangle - When I Get Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Waffesammler wiere sech géint geplangtent neit Gesetz

Reform vum Waffegesetz

Waffesammler wiere sech géint geplangtent neit Gesetz

Mam geplangten neie Waffegesetz soll de Besëtz vun historesche Waffe vill méi streng gereegelt a souguer illegal gemaach ginn. Dat géif ze wäit goen, kritiséieren d'Waffesammler zu Lëtzebuerg. A fir de Staatsrot ass et e Verstouss géint d'Proprietéits-Recht, seet de Pit Kaiser vun der Société des Collectionneurs d'Armes zu Lëtzebuerg (SCAL) iwwer dat ëmstriddent geplangte Gesetz.

auto_stories

4 min

Foto: Bigstock / wittayayut

Mam Gesetzesprojet fir eng Reform vum Waffegesetz, deen de Justizminister Félix Braz am Mäerz deponéiert huet, soll eng EU-Direktiv ëmgesat ginn. Eng Direktiv, déi d'EU no den Attentater zu Paräis vun 2015 decidéiert, fir d'Zuel vu Waffen an der EU ze reduzéieren. Fir d'Ëmsetze vun der Direktiv an nationaalt Recht hunn d'EU-Memberstaaten e gewësse Spillraum. Mat sengem geet de Lëtzebuerger Justizminister Félix Braz méi wäit wéi d'EU-Direktiv.

Sou sinn zum Beispill d'Ausname fir Waffe virun 2017, déi d'Direktiv virgesäit, am Lëtzebuerger Gesetzesprojet net virgesinn. Et gëtt u sech keen Ënnerscheed tëschent neien an ale Waffe gemaacht. Dat heescht och keen tëschent historesche Militärwaffen, fir Sammel-Zwecker, a moderne Waffen. Deemno géifen zum Beispill vollautomatesch Maschinnegewierer aus dem Éischten an Zweete Weltkrich illegal. Wien esou Waffen trotzdem hale wéilt, misst se "neutraliséieren" oder "entschäerfen". Fir de Pit Kaiser, vun der Gesellschaft vun de Lëtzebuerger Waffesammler, ass neutraliséieren dat selwecht wéi zerstéieren.

"Entschäerft heescht, datt dat nach e Stéck Metall ass, wat kee Wäert méi huet. E Gewier, mat deem et net just net méi schéisse kann, mee wat Sammler-technesch net mi ze gebrauchen ass."

D'Waffesammler fille sech onfair "penaliséiert"

Doduerch géifen, dem Pit Kaiser no, d'Waffesammler onfair penaliséiert ginn. Hie gesäit Waffesammler als Sammler vun engem historesche Kulturgutt. "De Sammler ass u sech, wéi am Musée, e Conservateur." E Sammler wier eng Persoun, déi eng Waff ënnerhält, fir datt zukünfteg Generatiounen se kéinte kucken an d'Geschicht novollzéie kéint. "An dat kënnt der net mat engem Stéck Schrott, wat nëmme nach ausgesäit, wéi eng Waff", sou de Pit Kaiser.

Fir e "Stéck" Schrott, wéi de Pit Kaiser seet, kritt een als Sammler oder Waffenhändler och net méi vill, wann een déi historesch Waffe weider verkafe wëllt. Um Waffesammler-Maart wieren déi Waffen, wa se entschäerft sinn, net méi vill wäert. Waffe wieren ënnerschiddlech vill wäert, verschiddener e puer Honnert Euro, an extreme Fäll awer och e puer Honnertdausend Euro.

Keng verlässlech Zuelen

Wéi vill där historescher Waffen et zu Lëtzebuerg gëtt, ass onkloer. De leschten Zuelen, vun 2017 no, ginn et zu Lëtzebuerg ronn 15.000 Waffebesëtzer a ronn 94.000 deklaréiert Waffen. Mee wéi vill der dovun "historesch" Waffe sinn, wier schwéier ze soen, well et keng genee Date géife ginn, sou de Pit Kaiser.

Et ass deemno och net kloer, wéi vill Sammler et hei am Land gëtt. D'SCAL hätt 170 Memberen, hie géif awer schätzen, datt Lëtzebuerg ronn 500 Sammler hätt.

Waffesammler fuerdere weider Ausnamen

An hirer Oppositioun zum Gesetzesprojet vum Félix Braz sinn d'Waffesammler, mee net just si, och d'Waffenhändler, Sportschéisser a Jeeër, rezent vum Staatsrot gestäerkt ginn. A sengem Avis iwwer de Gesetzesprojet, deen de Conseil d'Etat den 12. Juli, also eppes méi wéi virun dräi Woche publizéiert hat, sinn nämlech 19 formell Oppositiounen. Dorënner eng, déi direkt d'Sammele vu Waffe betrëfft. Déi nei Kategoriséierung vu Waffen, déi de Minister proposéiert, an déi dozou féiere géif, datt Sammler vill vun den historesche Waffe missten neutraliséieren, wier dem Staatsrot no, eng "Atteinte à la Propriété", an deemno net konform zur Lëtzebuerger Verfassung an zu de Fräiheeten, déi an der europäescher Charta vun de fundamentale Rechter garantéiert sinn. D'Waffesammler stäipe sech dorop fir ze fuerderen, datt och am verschäerfte Waffegesetz zu Lëtzebuerg Ausname fir d'Sammele vun historesche Waffe virgesi ginn.