Chamberwahlen 2018 Wahlresultat: "Wiessel vu perséinlechen a kollektive Valeuren"

D'LSAP an d'CSV hätte bei dëse Wahle Stëmme verluer wéinst engem strukturelle Problem vum Elektorat. Dat seet de Politolog Philippe Poirier. Déi politesch sozialistesch a chrëschtlech-sozial Kulturen am Land wiere mëttlerweil méi kleng ginn. Dobäi kéim e Wiessel vun de perséinlechen a kollektive Valeuren zu Lëtzebuerg, déi déi historesch Parteien net géingen ofdecken. De soziale Konservatismus hätt sech bei dëse Wahlen deplacéiert bei e Konservatismus vun der Liewensqualitéit, deen duerch déi Gréng representéiert wier.

Mick Entringer / cz

Philippe Poirier
Philippe Poirier

De Philippe Poirier stellt och en enorme Legitimitéitsdefizit fest:

"Ech leeën d'Opmierksamkeet drop, datt et déi éischt demokratesch Wahl an der ganzer Geschicht vu Lëtzebuerg ass, wou am Sënn vum ausgedréckte Wahlrecht e leschte Sonndeg, manner wéi 37 Prozent vun der erwuessener Populatioun déi zu Lëtzebuerg lieft, gewielt hunn. Et ass eng reduzéiert Demokratie, déi net déi ganz sozio-ekonomesch Gesellschaft déi zu Lëtzebuerg existéiert, abezitt."

Dat wier déi éischte Kéier an der Geschicht vu Lëtzebuerg wou d'Elektorat géigeniwwer der erwuessener Populatioun an der Minoritéit ass. D'Elektorat hätt sech reduzéiert an zur Wuelstandsgesellschaft hin deplacéiert , sou de Philippe Poirier. Dat géif och dat gutt Resultat vun deene Gréngen erklären an och firwat d'LSAP an och d'CSV bei de Wahlen esou staark verluer hunn.

"Dat wëll heeschen, datt de Sozialsystem - dee vum Sozialkatholizismus geierft war, eng gewësse Form vu Sozialkohesioun, eng gewësse Form vun intergenerationeller Solidaritéit, de Bezuch zum Staat etc. - dat effacéiert sech progressiv a der Lëtzebuerger Gesellschaft. All d'Enquêten iwwer d'Wäerter an iwwer d'Wahlverhale weisen dat. Dat effacéiert sech, dat verschwënnt net, mee dat hëlt of. D'selwecht fir d'Sozialdemokraten. Wat am Süden oder Zentrum de Sockel vun der Sozialdemokratie ausgemaach huet, effacéiert sech och progressiv."

De soziale Konservatismus hätt sech bei dëse Wahlen deplacéiert bei e Konservatismus vun der Liewensqualitéit, deen duerch déi Gréng representéiert wär.

"E Vote op zwee Niveauen"

Et hätt e Vote op zwee Niveaue ginn, seet de Philippe Poirier. Den éischten Niveau wier e strukturelle Vote. "Dat heescht, datt d'CSV an d'LSAP Schwieregkeete bei der Wahl haten, net nëmme wéinst der Wahlcampagne, oder wéinst dem Score vu Personalitéiten, mee well sech déi politesch chrëschtlechsozial a sozialistesch Kultur reduzéiert huet."


Op engem zweeten Niveau hätt et eng Verännerung vun den individuellen a kollektive Valeuren zu Lëtzebuerg ginn. Dat géif no an no zu engem Distanzéiere vun den historesche Partei féieren, déi bis elo de politesche System zu Lëtzebuerg strukturéiert hunn, seet de Philippe Poirier.

"D'Wieler haten de Choix tëscht dräi Weeër. Ee méi konservativen an identitäre Wee dee vun der ADR incarnéiert gëtt. E Wee vum ekonomesche Wuelstand, deen un der Liewensqualitéit interesséiert ass - déi Gréng. An e liberalen a libertäre Wee. A wat hunn se gewielt? An do ass d'Iwwerraschung vun der Wahl: den originelle Wee vun de Piraten. Si hunn den Deplacement validéiert vum soziale Konservatismus bei de Konservatismus vun der Liewensqualitéit, duergestallt am Vott fir déi Gréng"

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Mick Entringer
Lauschteren

Méi zum Thema

Laurent Zeimet, Marc Spautz, Claude Wiseler, Martine Hansen
Chamberwahlen 2018

Bei der CSV goufen den Dënschdeg den Owend nach keng personell Entscheedungen ugekënnegt. Eréischt wann eng nei Regierung steet, géifen definitiv Personalentscheedunge geholl ginn. Dat sot de Claude Wiseler nom Nationalrot.

Serge Wilmes
Chamberwahlen 2018

De Serge Wilmes ass prett Verantwortung an der CSV ze iwwerhuelen, fir den Erneierungsprozess vun der CSV "aktiv mat an d'Hand ze huelen". D'Martine Hansen soll wëlle Fraktiounscheffin ginn.

Wiseler Spautz.jpg
Chamberwahlen 2018

Wou d'Rees hi geet, dat wëllt de Claude Wiseler dem CSV-Nationalrot den Dënschdeg den Owend soen. Dee Moment géif hien och d'Ëffentlechkeet "net nëmme prinzipiell, mee och ganz am Detail", informéieren.

Martine Solovieff
Chamberwahlen 2018

D'Procureure Générale Martine Solovieff gouf vum Grand-Duc zum Informateur genannt. Dat huet de groussherzoglechen Haff de Méindeg annoncéiert. Vertrieder vun déi gréng, DP an LSAP betounen de Wëllen, fir weider zesummen ze regéieren.

chamber.jpg
Chamberwahlen 2018

60 Deputéiert goufe bei de Chamberwahle gëschter gewielt. Eng ganz Partie Deputéiert sinn net méi an der Chamber vertrueden, eng Rëtsch anerer wäerten eng éischte Kéier ee Mandat am Parlament untrieden.

Jean-Claude Franck
Chamberwahlen 2018

Et gouf Stëmmeverloschter fir d'CSV, d'LSAP an d'DP, zu Gonschte vun déi gréng, de Piraten an och der ADR. Dat ass de Resumé vun de Chamberwahlen. De radio 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck analyséiert.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Noriichten

  • Ënnerwee

  • Panorama

Dossieren

  • Mënscherechter

    Den 10. Dezember 1948 sinn zu Paräis déi universell Mënscherechter deklaréiert ginn. Um 70. Joresdag vun dëser Deklaratioun steet de Programm vum radio 100,7 ganz am Zeeche vun de Mënscherechter.

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Offre d'emploi: Directeur général (M/F)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)

  • Communiqué du Conseil d’administration du 100,7

    Le Conseil a décidé de créer un comité de transition présidé par Mme Nancy Braun pour la période du 15/12/2018 jusqu'à l'entrée en fonction du nouveau Directeur (m/f). Mme Michèle Vallenthini est nommée suppléante.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen