Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wahlsystem: (K)een Thema

Fräie Mikro

Wahlsystem: (K)een Thema

De Lëtzebuerger Wahlsystem steet zanter de Parlamentswahle vum 14. Oktober ferme an der Kritik. Wéi all fënnef Joer. Ouni datt, och honnert Joer no senger Aféierung, déi grouss Parteien an de Gros vun den Deputéierte bereet wiere wierklech eppes drun z'änneren, mengt den Denis Scuto am fräie Mikro.

auto_stories

4 min

Denis Scuto

Eng Woch no de Wahlen gëtt vun haut un en vue vu Gambia II tëscht DP, LSAP an déi gréng verhandelt. Et dierf een engersäits gespaant sinn, wéi Themen, déi de Wieler wichteg sinn, sech am neie Regierungsprogramm wäerten erëmspigelen. Wann een hei dem leschte Sondage virun de Wahle gleewe kann. Dat heescht, wann TNS-Ilres do méi kompetent sollt gewiescht sinn, wéi an hire Wahlprognosen. Rieds geet vun Theme wéi Wunnen, Mobilitéit, Bildung, Gesondheet, Ëmwelt, Pensiounen, Wuesstëm, Identitéit an Inegalitéiten.

"Wahlsystem ass ongerecht"

Anerersäits ass ee gespaant wéi een Thema, dat an deem Sondage net virkoum, awer wuel am meeschten an de Medien diskutéiert gëtt zanter dem Wahlsonndeg, an de Koalitiouns-Verhandlungen opgegraff gëtt oder och net. An dat ass d'Thema vum Lëtzebuerger Wahlsystem, deen unisono als ongerecht denoncéiert gëtt.

An de Wahlprogrammer vun de Gambia-Parteie vun dësem Joer wëlle Gréng an LSAP nees de Cumul vu Mandater ofschafen an ee Wahlbezierk aféieren. D'DP wëll driwwer schwätzen. Wat a punkto Wahlbezierk awer eng Verfassungsännerung géif néideg maachen. Also bräicht een och d'Stëmme vun der CSV, déi awer och honnert Joer dono nach ëmmer, aus realpolitesche Grënn, grad esou frou ass mat hirem Ost- an Nord-Wahlbezierk. Och si versprécht awer nees d'Ofschafung vum Duebelmandat. Dat am Kader vun enger administrativer Reform.

An d'Chamber goufen dës Kéier 14 députés-maires, néng Schäffen an néng Gemengeréit gewielt. Méi wéi d'Halschent vun den Deputéierten hunn also en Duebelmandat. An et wäerten der nach Anerer, déi am selwechte Fall sinn, noréckelen. Si hunn, wéi virun honnert Joer d'Rietspartei, keen Intressi dorun eppes um Status quo z'änneren. Anscheinend denke si schonn doriwwer no e Referendum zu där Fro z'organiséieren.

Ursprong vun de Wahlbezierker

Als Historiker erënneren ech natierlech gär dorun, datt de Wahlsystem d'nächst Joer honnert Joer al gëtt. E geet a sengen Haaptzich op e Gesetz vum 16. August 1919 zeréck. Wat alt nees weist, datt d'Inertie eng vun de gréissten historesche Kräften ass. Deemools, wéi d'allgemengt Wahlrecht fir Männer a Fraen vun 21 Joer un zu Lëtzebuerg agefouert gouf, haten d'Rietspartei (déi spéider CSV) an d'Sozialisten déi liberal Notabilitéiten, déi dat ganzt 19. Joerhonnert an der Chamber duerch Zensuswahlrecht an e Majorzsystem an zwee Tier dominéiert haten, iwwert den Dësch gezunn an de Proporz agefouert. Anengems hat d'Rietspartei, déi zanter 1917 déi stäerkste Partei an der Chamber war, d'Sozialisten iwwer den Dësch gezunn an Elementer aus der Zäit vum Majorz an der Opdeelung an 13 Wahlbezierker bäibehalen, déi d'Virherrschaft vun der Rietspartei sollte festschreiwen. Wéi zum Beispill, véier Walbezierker fir d'Gewiicht vum konservative ländleche Lëtzebuerg ze stäerke géintiwwer vum ze sozialistesche Minett an der ze liberaler Haaptstad. Wéi de Berechnungssystem vun de Reschtsëtz, deen déi grouss Parteie favoriséiert. Well all dës Deputéierten-Notabel aus der Zäit vum Zensuswahlrecht sech eens waren an hirem Mësstrauen géintiwwer vu Parteien, hu si en plus perséinlech Preferenzstëmmen op de Lëschten an d'Panaschéieren agefouert.

Ondemokratesch an aristokratesch

Wéi ee Commentateur wéi de Ben Fayot net midd gëtt z'erklären, sinn domat grad déi ondemokratesch an aristokratesch Aspekter vum Majorzsystem aus dem 19. Joerhonnert bäibehalen ginn. Déi extrem Personaliséierung vun der elektoraler politescher Kommunikatioun an de leschte Joerzéngten huet d'Schwächung vun de Parteien zugonschte vu Partei-Bonzen nach verstäerkt. Dëser Deeg gëtt op eng karikatural Aart a Weis bestätegt, wéi dës Parteinotabel krampfhaft un hire Still an hirer Muecht pechen an d'Erneierung duerch Jonker versichen ze verhënneren. An anere Wieder, wéi de System vun den Notabilitéiten sech zu Lëtzebuerg vum 19. iwwer d' 20. Joerhonnert bis an d'21. perpetuéiert.

Un dee System attackéiert sech keng vun de grousse Parteie wierklech. An aus guddem Grond. Mee de Regierungsprogramm vu Gambia I hat an deem Beräich kleng Reformen ugekënnegt, wéi d'Limitatioun vun der Funktioun vu Minister op zwee successiv Mandater an d'Ofschafe vum Cumul tëscht Buergermeeschterposten an Deputéiertemandat. D'Fro vum eenzege Wahlbezierk gouf opgeworf. Den éischte Punkt krut e Kuerf am Referendum vun 2015. Iwwer den anere Punkt waren déi sëllechen Députés-maires frou, datt dono net méi diskutéiert gouf.