Radioen

On air

Notturno  |  Between Shelves - Cornered

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wahrscheinlech Ree bis dënschdes moies

Wiedersituatioun

Wahrscheinlech Ree bis dënschdes moies

D'Donnerwieder-Serie ass nach ëmmer net eriwwer. E puer mouvementéiert Stonne stinn eis wuel nach bevir, seet de Philippe Ernzer vu Météo Boulaide. Vum Dënschdeg u misst d'Situatioun sech awer berouegen, an dat och fir méi laang. Wat déi nächst Stonnen ubelaangt sinn et dës Previsioune vum jonken Hobbymeteorolog, dee virun allem op facebook e Begrëff ass.

auto_stories

2 min

Am Laf vum Nomëtteg huet sech iwwer dem Nordoste vu Frankräich eng Donnerwiederfront forméiert. An de Grenzregiounen ass et zu zolittem Reen, staarke Wand- a Stuermstéiss komm. Dat Ganzt kéint och nach bis an d'Mëtt vum Land eranzéien, d'Donnerwiedere sollte sech awer lues a lues ofschwächen, sou de Philippe Ernzer vu Météo Boulaide. Aktuelle Berechnungen no kéint et ouni Ënnerbriechung bis dënschdes moies reenen. Dobäi kéinten 20 bis 40 Liter Reen op de Quadratmeter falen.

Verglach mat de leschte Weekender

Deemools wier et kaum Beweegungen an der Atmosphär ginn, "d'Zellen hu sech bal stationär iwwer enger eenzeger Géigend ofgereent", seet de Philippe Ernzer. Den Ënnerscheed zu der aktueller Situatioun wier, datt elo méi Dynamik am Spill ass. De Wand wier däitlech méi present, wouduerch d'Donnerwiederen net méi stationär wäerte sinn. Si wäerte sech zimlech séier verlageren. Et wier mat enger Verlagerungsvitess vun 30 a 60 Kilometer an der Stonn ze rechnen. Déi lescht zwee Weekender louch dëse Wäert bei zwee bis zéng Kilometer an der Stonn. Trotz der méi séierer Verlagerungsvitess kéint et zu gréissere Reequantitéiten a wéinege Stonne kommen. Esou uerg Iwwerschwemmunge wéi rezent sollten et dës Kéier awer net ginn.

De Philippe Ernzer am Gespréich mam Maurice Molitor:

Lauschterenplay_arrow