Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Jungle - All Of The Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wäiswampecher Buergermeeschter beim Parquet denoncéiert

Gemengen

Wäiswampecher Buergermeeschter beim Parquet denoncéiert

Dat huet d'Justiz eis op Nofro confirméiert. D'Denonciatioun vum Henri Rinnen wier virun ronn dräi Wochen zu Diekirch agaangen. Si ass d'Resultat vun den Demarchë vun der Biergerinitiativ vun der Gemeng Wäiswampech, där hir Memberen de Ministère zanter iwwer engem Joer op verschidde Bauprojeten opmierksam gemaach huet.

auto_stories

1 min

Foto: Wikimedia Commons

De Bäitrag vum Michèle Sinnerplay_arrow


An engem Courrier vun der Inneministerin Taina Bofferding un d'Biergerinitiativ vu Mëtt Dezember heescht et, no Analys hätt een eng Rei Verstéiss géint d'Bautereglement feststelle missen an d'Obligatioun gehat, dës Informatiounen un de Parquet weiderzeginn. Dobäi geet et net ëm den Hotelskomplex Suneo Park um Séi, géint dee sech d'Biergerinitiativ och wiert, mee ëm aner Bauprojeten an der Gemeng. Notamment ëm ee Projet fir e Bürosgebai mat Festsall zu Beeler.

De Buergermeeschter hat d'Baugeneemegung fir dëse Projet ausgestallt, ouni wéi virgesinn d'Infrastrukturtax vun an dësem Fall ronn 80.000 Euro anzekasséieren. Bei engem aneren Projet zu Beeler waren den Informatioune vun der Biergerinitiativ no, Appartementer deels an der Gréngzon geplangt. De Buergermeeschter hätt d'Baugeneemegung zeréckgezunn, nodeems d'Biergerinitiativ op der Gemeng ugefrot hat, fir d'Pläng kucken ze goen.

D'Annulatioun vun der Geneemegung wier awer net richteg ofgelaf an affichéiert gewiescht. Den Henri Rinnen sot op Nofro hin, hie wier nach net vum Parquet kontaktéiert ginn. Hie wéisst net wourëms et am Detail géif goen. Dofir kéint hie sech net dozou äusseren.