Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Eddie Chacon - Hurt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Walfer: Tiny Houses als Léisung géint d'Logementskris?

National Strategie fir abordabele Wunnraum

Walfer: Tiny Houses als Léisung géint d'Logementskris?

Fir géint d'Logementskris virzegoe wëll d'Gemeng Walfer sougenannten Tiny Houses bauen. Op engem Terrain tëschent der Rue Michel Rodange an der Rue des Jardins zu Bäreldeng sollen am Ganzen aacht Tiny Houses an ee Gemeinschafts-Haus gebaut ginn. Dës solle sech prioritär u jonk Professioneller tëschent 18 an 32 Joer riichten, déi Enn d'nächst Joer kéinten eraplënneren.

auto_stories

2 min

Foto: Sophie Schroeder

Lauschterenplay_arrow


Déi kleng Haiser, déi jeeweils 40 Quadratmeter grouss sinn, sollen als Duplex mat enger klenger privater Terrasse gebaut ginn. Déi gréng Deputéiert a Schäffin zu Walfer, Jessie Thill, gesäit dës als eng gutt Méiglechkeet, fir méi nohalteg ze bauen, well d'Tiny Houses zu engem groussen Deel aus Holz gebaut ginn.

Ee Gemeinschaftsgefill soll kreéiert ginn

Ausserdeem wier et eng effikass Méiglechkeet, fir méi séier ze bauen: déi eenzel Stécker vun den Tiny Houses gi fäerdeg geliwwert a misste sur place nëmmen nach zesummegesat ginn. Et wéilt een doraus virun allem een durabele Projet maachen, erkläert d'Jessie Thill.

"Also mir maachen eng Konventioun mam Logementsministère op 40 Joer. Et ass net fir elo temporär eng Baulück ze fëllen. Et ass wierklech ee Projet, dee mir do wëllen an d'Liewe ruffen, fir do wierklech och ee Gemeinschaftsgefill ze kreéieren."

D'Gemeng Walfer ass bereet, dëse Projet auszebauen a weider Terrain opzekafen. Sechs Parzelle gehéiere schonn der Gemeng Walfer, zwou weiderer kéinten de Proprietären ofkaf ginn

Tiny Houses just als ee "Puzzelstéck"

De Logementsminister Henri Kox beschreift dëse Pilotprojet awer just also ee "Puzzelstéck", fir dem Logementsproblem entgéint ze wierken.

"Mir brauchen déi grouss Projets d'enverguren, déi mir amgaange sinn ëmzesetzen, vum Fonds de Logement oder vum SNHBM, mir brauchen d'Gemengen am Boot mat enger Vielfalt vun ënnerschiddleche Projeten, déi realiséiert ginn. Mir kënnen och Projeten um Plang vun der Privatindustrie a Promoteuren opkafen, an dann hu mir Tiny Houses."

Am Laf vum nächste Joer soll de Projet vun den Tiny Houses zu Walfer da fäerdeg realiséiert sinn, fir datt déi éischt Jonk eraplënnere kënnen. Wéi vill de Projet am ganze kaschte soll, konnt nach net präziséiert ginn. Hei géif een nach op déi entspriechend Etüde waarden, sou nach d'Jessie Thill.