Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Regionalwalen a Frankräich: RN gewënnt keng Regioun

Frankräich

Regionalwalen a Frankräich: RN gewënnt keng Regioun

A Frankräich war de Sonndeg déi zweet an decisiv Walronn vun den Departements- a Regionalwalen. A kenger vun den 13 Metropol-Regiounen ass et heibäi zu engem Regierungswiessel komm. Och dës Kéier war d'Walbedeelegung immens kleng: nëmme 34 Prozent vun de Walberechtegte ware gëschter wielen, dat ass just ee Prozent méi wéi beim éischten Tour leschte Sonnden.

auto_stories

2 min

D'Walbegeeschterung a Frankräich war och de Sonndeg niddreg, dat obwuel d'Kandidaten no der historesch héijer Abstentioun leschte Sonnde versicht hunn, hier Wieler ze mobiliséieren. Un der Spëtzt vun de Regioune - de sougenannte Conseils régionaux - bleift um Enn villes beim Alen: zum Beispill déi riets Kandidate Valérie Pécresse am Paräisser Groussraum Île-de-France, Xavier Bertrand an den Hauts-de-France, Jean Rottner an der Grenzregioun zu Lëtzebuerg Grand-Est. Och d'Gauche behält hier Spëtzt an hire fënnef Regiounen: dozou zielt d'Bretagne, d'Nouvelle-Acquitaine an d'Occitanie.

An der südlecher Regioun Provence-Alpes-Côtes-d'Azur, wou déi rietsextrem Partei Rassemblement National am éischten Tour stäerkste Kraaft ginn ass, huet elo am zweeten Tour d'Lescht vun de riets-konservative Republikaner an d'Regierungspartei La République en Marche gewonnen.

De Regierungsspriecher Gabriel Attal huet sech op France 2 erliichtert gewisen, datt de Renaud Muselier an der Mëttelmier-Regioun President bleift:

"Le RN ne remporte pas de région ce soir. On valide le choix qu'on a fait en PACA avec Renaud Muselier."

Déi Gréng leeë bäi den RN verléiert

De Rassemblement National trëtt allgemeng geschwächt aus dëser Regionalwal eraus. Am Géigenzuch hunn d'Kandidate vun der grénger Partei Europe Ecologie- Les Verts staark u Beléiftheet gewonnen.

An der Präisser Regioun Île-de-France komme se zesumme mam Parti socialiste op een Drëttel vun de Stëmmen, sou wéi och an der westlecher Regioun Pays de La Loire an an der ëstlecher Regioun Auvergne Rhône-Alpes.

D'Ekologiste konnten sech bannent dem zerspléckte lénke Lager profiléieren. Dat kéint sech op d'Sich no hirem Kandidat fir d'Presidentschaftswal nächst Joer auswierken. Traditionell géing e lénke Kandidat nämlech vum Parti socialiste gestallt ginn. Mee nodeems d'Ekologisten an déi lescht Woche vill Wieler mobiliséiere konnten, wiisst doduerch och hir Dominatioun bannent der Gauche.