Radioen

On air

Notturno  |  SpudBencer - A4, 2021.08.27 (Travelling To Berlin)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wandmillen um Horizont

dezentral Wirtschaft

Wandmillen um Horizont

De Wandenergie-Park "Oekostroum Weiler" an der Gemeng Wëntger soll genuch grénge Stroum fir 13.000 Stéit produzéieren. Privatleit hu sech mat Aktien am Wäert vun enger Millioun Euro um Projet bedeelegt. Am ganzen huet de Park 35 Milliounen Euro kascht. Et wier een "duerch an duerch nohaltege Projet", dee Klimaschutz mat Naturschutz kombinéiert, sou de Staatssekretär am Ëmweltministère Camille Gira.

auto_stories

4 min

Déi offiziell Aweiung vum Wandpark "Oekostroum Weiler" war d'lescht Woch zu Helzen. Déi kleng Uertschaft, mat ronn 150 Awunner, läit just zwee Kilometer vun der belscher Grenz ewech. Op där anerer Säit ass de Weiler Plateau, wou déi siwe Wandmille op zwielef Hektar an op enger Héicht vu 505 Meter stinn.

D'Bauaarbechten hunn zwee Joer laang gedauert. D'Wandmille selwer sinn 142 Meter héich an d'Wand-Propelleren, oder Rotoren, hunn en Duerchmiesser vun 113 Meter. D'Firma Siemens huet se gebaut an den Orlando Wagner huet se mat entworf.

"Déi nächst Generatioun vu Wandmille sinn 165 Meter héich. Wann ee méi héich ass, huet ee méi Wand an et huet ee manner Turbulenzen."

"Genuch Stroum fir 13.000 Stéit"

Zënter dem Wanter zejoert produzéiert de Wandpark zu Weiler Stroum. Et ass déi performantst Wand-Anlag zu Lëtzebuerg. Bis 2020 soll se 51,5 Millioune Kilowatt Stroum d'Joer produzéieren. Dat ass genuch fir 13.000 Stéit, a ronn ee Fënneftel vun der ganzer Wand-Energie zu Lëtzebuerg.

Den Ament ginn et iwwer 60 Wandmillen hei am Land. D'Wandenergie soll hëllefen, fir bis 2020 d'Zil vun eelef Prozent erneierbaren Energien zu Lëtzebuerg z'erreechen.

Biergerbedeelegung

Ganz vill Leit waren op d'Aweiung komm. Dat louch wuel och dorunner, datt d'Awunner aus der Gemeng Wëntger, déi 27 Dierfer am Norde regroupéiert, sech bei dësem Projet abruecht hätten. Dat mengt de Marcel Thommes, CSV-Buergermeeschter vu Wëntger. De Frank Muller, Grënner an Administrateur vun Oekostroum Weiler s.a., déi de Projet realiséiert huet, deelt dës Meenung. 65 Famillen hunn Deeler vun hiren Terraine fir de Wandmille-Park zur Verfügung gestallt.

Beispillhaft fir d'Bierger-Bedeelegung bei dësem Wandmille-Park ass och den ekonomesche Modell. 48 Privatleit hu mat an de Projet investéiert a sinn elo Aktionär.

De Paul Kauten, administareur délégué vum Energiepark Réiden, huet d'Biergerbedeelegung bei dësem Projet organiséiert. De Wandparkbedreiwer Oekostroum Weiler s.a. an d'Gemeng Wëntger wollten, datt d'Bierger sech bis zur Héicht vun enger Millioun um Projet kéinte bedeelegen, seet de Paul Kauten.

"Dat hu mir elo sou organiséiert, datt si sech iwwer eng eege Bedreiwergesellschaft un der Infrastruktur vum Wandpark bedeelegen."

Dezentrale Wirtschaftsmodell

De Wandmille-Park zu Weiler wier e gutt Beispill vun engem dezentrale Wirtschaftsmodell, seet de Paul Kauten. Wichteg wier dobäi och, datt 16 lokal Entreprisë mat dru geschafft hunn, an "datt Finanzstréim och bei de Leit ukommen, wou d'Projete sinn an net iergendwou am Ausland verschwannen. Den ekonomesche Méiwäert soll, op d'mannst zum Deel, an der Regioun bleiwen."

Dezentral Wirtschaftsmodeller sinn och fir de Camille Gira, Staatssekretär am Ëmweltministère, e fundamentale Bestanddeel vun enger nohalteger Energiepolitik.

Problem mam Rout-Milan

Wandmillen hunn awer och en Impakt op d'Natur an op d'Leit. Zum Beispill duerch de Kaméidi an de Schiet, dee se maachen. Do hätt Lëtzebuerg mat déi strengste Reegelen an Europa, seet de Camille Gira. Bei him hätt sech allerdéngs nach keen iwwer ze vill Kaméidi beschwéiert.

De Wandmillen-Park zu Weiler ass 1,4 Kilometer wäit ewech vun deem noosten Haus oder Duerf. Méi delikat awer ass de Problem mam Rout-Milan. Dee grousse Vugel ass europäesch geschützt, an de Wandmillen-Park zu Weiler läit direkt nieft enger Vulleschutz Reserve. No jorelaangem Sträit gouf e Kompromëss fonnt, seet de Wëntger Buergermeeschter Marcel Thommes.

"Déi Beräicher ronderëm d'Wandmillen musse relativ séier ofgeméit ginn, fir datt kee Raum entsteet, wou de Rout-Milan kéint säi Juegdgebitt hunn. E puer Kilometer méi wäit ass e Raum geschaf ginn, wou esou geméit gëtt, datt de Rout-Milan joe kann."

D'Populatioun vum Rout-Milan wier, trotz méi Wandmillen, geklommen.

Zu Helzen huet d'Feier no der offizieller Aweiung vum Wand-Millen-Park nach bis an den Owend era gedauert. Op der hëlze Bänk, op där beschter Plaz am Duerf, sëtzt een net schlecht. An d'Vue, op déi schéi Landschaft, ass och schéin. Trotz de siwe Wandmillen, déi elo um Horizont dominéieren.