Radioen

On air

Tockcity  |  Isaac Delusion - Disorder

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wann alles besser kënnt, wéi gemengt

Chamberwahlen 2018

Wann alles besser kënnt, wéi gemengt

2013 ass déi nei DP-LSAP-déi gréng-Koalitioun vu schwaachem Wirtschaftswuesstem an héijer Inflatioun ausgaangen. D'Prioritéite vum Koalitiounsaccord hu sech dorunner orientéiert, den ekonomesche Kontext huet awer séier changéiert. Wirtschaftspolitesch konnt d'Regierung sech dowéinst op d'Unzéie vun neie Betriber an Aktivitéite konzentréieren. E Bilan vum Pia Oppel.

auto_stories

4 min

Pia Oppel

Ob d'Finanz- a Wirtschaftskris definitiv iwwerstane wier, war 2013 net sécher. D'Joer virdrun war d'Wirtschaftsleeschtung nach ëm 0,4 Prozent zeréckgaangen. De Chômage louch zum Zäitpunkt vun de Koalitiounsverhandlungen am Hierscht 2013 bei iwwer siwe Prozent, no enger quasi kontinuéierlecher Hausse zanter 2008. Ënner dëser Entwécklung hunn och d'Staatsfinanze gelidden.

De Staatsminister Xavier Bettel sot am Dezember 2013 a senger Regierungsdeclaratioun:

"Eist Zil ass et virun allem, méi Steierrecetten duerch méi Wirtschaftsaktivitéiten eranzekréien."

D'Kapitel iwwer d'Ekonomie am Koalitiounsaccord fänkt awer net mam Wirtschaftswuesstem un, mee mam Kampf géint d'Inflatioun. Während der viregter Legislaturperiod war dat besonnesch aus Siicht vun den Entreprisen een heikelt Thema: D'Präisdeirecht huet 2011 3,4 Prozent erreecht. D'CSV-LSAP-Regierung hat doropshin - trotz Protest vu Gewerkschaftssäit - decidéiert, déi automatesch Upassung vun de Gehälter ausser Kraaft ze setzen. Maximal eng Indextranche d'Joer sollt nach kënnen erfalen.

Séiere Changement vum wirtschaftleche Kontext

Kuerz nom Regierungswiessel ass d'Inflatioun staark zeréckgaangen, sou datt der blo-rout-grénger Koalitioun eng weider hefteg Indexdebatt erspuert bliwwen ass. Dat weist och, wéi séier de wirtschaftleche Kontext changéiert, sou datt d'Prämissen op deenen ee Koalitiounsaccord baséiert deels net méi gëllen. Dat selwecht stëmmt fir de Wuesstem vum PIB, deen an dëser Legislatur mat Tauxe vu bis zu iwwer fënnef Prozent d'Joer wäit iwwer den Erwaardunge louch. An de Chômage ass op ënner fënnef Prozent gefall. Zu dësen Zuele sot de Wirtschaftsminister Etienne Schneider op enger Bilanspressekonferenz am August:

"Dat heescht, datt mir wuel net alles falsch gemaach hunn."

Ee Facteur, dee sécher gehollef huet, war de weltwäite Wirtschaftsopschwong. An anescht wéi gefaart huet d'Enn vum Bankgeheimnis a vun de Bréifkëschtefirmen net zu engem Abroch op der Lëtzebuerger Finanzplaz gefouert. De Finanzsecteur mécht weiderhin iwwer ee Véierels vun der Wirtschaftsleeschtung aus an zéng Prozent vun den Aarbechtsplazen. Hirem Zil vun enger Diversifikatioun vun der Wirtschaft ass d'Regierung kaum méi no komm: De Poids vun der Industrie bleift mat ronn siwe Prozent vum PIB an néng Prozent vun den Aarbechtsplaze konstant.

ICT-Secteur entwéckelt sech gutt, Space Resources begéint éischt Schwieregkeeten

Den ICT-Secteur huet den neiste Chiffere vum Statec no zejoert bal siwe Prozent vum PIB ausgemaach, liicht méi wéi nach 2013. Bei den Aarbechtsplaze bleift de Poids vum Secteur vun den d'Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologië konstant bei ronn véier Prozent.

Vill Energie huet de Wirtschaftsminister an d'Promotioun vun engem nach quasi inexistente Secteur investéiert, deem vum Ofbau vun de Weltraumressourcen. En Thema, dat 2013 wuel nach net sprochräif war, well et am Koalitiounsaccord net virkënnt. Déi finanziell Schwieregkeete vun der Start-Up Planetary Resources, an déi de Staat 14 Milliounen investéiert huet, ware fir dës Initiativ een éischte Réckschlag. Den Etienne Schneider sot am August:

"Ech ginn awer ganz gären zou, datt dat doten den Ament net gutt ausgesäit. Mee, nach eng Kéier, ech menge mir woussten dat, wéi mir eis an deen doten héichrisiko-behafte Beräich beginn hunn, datt net alles wäert vu vir era riicht ausgoen."

En anert Zil vum Koalitiounsaccord war eng méi nohalteg Wirtschaftspolitik. Esou heescht et an der Preambule:

"La promotion de la croissance économique doit s'inscrire comme toute politique dans le contexte du développement durable. Le Gouvernement s'engage à suivre cette maxime dans toutes ses décisions politiques grâce à une gouvernance à la hauteur des défis. La durabilité des décisions politiques sera un des critères par rapport auxquels l'action du Gouvernement devra être évaluée."

An de Premier Xavier Bettel sot a senger Regierungsdeklaratioun: "Méi Wirtschaftsaktivitéit heescht fir eis awer net eng onkontrolléiert Wuesstemspolitik! Mir maachen net egal wat, fir Wirtschaftswuesstem ze kréien. Et ass eis wichteg, datt de Wuesstem nohalteg ass, dat heescht, datt och déi sozial- an ëmweltpolitesch Komponente voll a ganz respektéiert ginn."

Net méi vill rieds vu Rifkin

Genee déi Froen hunn um Enn vun der Legislatur zu Tensiounen an der Koalitioun gefouert, besonnesch wéinst Kritik vun deene Gréngen. Effektiv hunn d'Jughurtsfabrick Fage an eventuell och en Datenzenter vu Google ee méi groussen Impakt op d'Ëmwelt wéi op den Aarbechtsmaart. Dat passt net onbedéngt an eng Rifkin-Strategie, déi vum Wirtschaftsminister ugestouss gouf, an déi Ëmweltschutz, Digitaliséierung a Wuesstem soll kompatibel maachen. D'Etüd vum US-Fuerscher Rifkin gouf um Enn vun der Legislaturperiod och net méi vill vun de Regierungsparteien thematiséiert.

Wourunner genee een d'Nohaltegkeet vum Wuesstem soll festmaachen, bleift um Enn vun dëser Legislatur hefteg ëmstridden. Am Koalitiounsaccord war dës Tensioun mat engem vage Verweis op de PIB bien-être iwwermoolt ginn. Wéi versprach gëtt dësen Indicateur elo vum Statec berechent - mee méi och net.