Radioen

On air

Notturno  |  Art Feynman - Early Signs Of Rhythm

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wann ee bei der Diagnos ophält, da stierft de Patient"

Etat de la Nation

"Wann ee bei der Diagnos ophält, da stierft de Patient"

Kee Konzept, keng konkret Iddi, null Strategie: "Et ass, wéi wa kee Kompass méi do wier an der Regierung", dat seet d'Martine Hansen, Presidentin vun der CSV-Fraktioun an der Chamber. Si huet kritiséiert, datt iwwer Sujete wéi Logement oder Mobilitéit iwwerhaapt näischt gesot gouf.

auto_stories

2 min

D'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen

D'CSV-Fratiounscheffin kritiséiert, datt et bei engem Thema, dat ugeschwat gouf, dem Klimaschutz, keng konkret Moossnam gi wär. D'Ursaach dofir läit fir d'Martine Hansen op der Hand:

"Doduerch, datt et schwiereg ass an der Koalitioun en Accord ze kréien, gëtt et nach kee Konzept. Et gëtt null Strategie. De Premier huet beim Klima just eng Diagnos gemaach, dat heescht, hien huet festgestallt, datt de Klima krank wär. A beim Klima ass et esou wéi bei engem Patient: Wann ee bei der Diagnos ophält, da stierft de Patient. An hei ass näischt komm. Keng eenzel konkret Mesure, wat ee mécht, wat ee soll maachen fir de Klimawandel opzehalen."

D'CO2-Emissioune leien, pro Awunner gerechent, zu Lëtzebuerg méi héich wéi a China an ongeféier um Niveau vun den USA. Dorun huet de Premier Xavier Bettel gëschter a senger Ried zur Lag vun der Natioun erënnert. De Grond fir dee schlechte Wäert ass den Tanktourismus: de Sprit, deen hei verkaaft gëtt, och vun auslännesche Chaufferen, gëtt integral eisem Land ugerechent.

Hausse op den Accisen

Wat Bensin an Diesel méi deier ginn, wat Lëtzebuerg manner attraktiv gëtt. De Präis ass jo zejoert och schonn eng Kéier liicht eropgesat ginn, den Energieminister Claude Turmes huet weider Augmentatiounen a klengen Etappen ugedeit. Fir d'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen ass dat awer keng Léisung.

"Dat ass keng valabel Léisung, well e seet: Mir maachen et lues a lues, fir datt d'Leit et net mierken. [...] Ech mengen, et muss ee kloer soen, a wéi eng Richtung et geet, fir datt d'Leit hir Decisioun kënnen huelen. Mir kënnen net vun engem Moment op deen aneren den Diesel- an de Bensinspräis drastesch an d'Luucht setzen, well da kréiche mir sozial Ongerechtegkeeten. Well da ginn déi Leit, déi u sech den Auto brauchen (do wou den ëffentlechen Transport nach net funktionéiert) bestrooft.

Fir ze verhënneren, datt Camionen op Lëtzebuerg komme fir ze tanken, bedauert d'Martine Hansen, datt een heivir keng Daten hätt:

"Mir hu gesot kritt am Hierscht kréiche mir nei Daten. Well de Präis ass jo elo e bëssen an d'Luucht gesat ginn: Wéi een Afloss huet dat op den Tanktourismus, vun de Camionen zum Beispill? Den Här Turmes huet zu eis gesot, am Hierscht kéim e mat neie Saachen. Ma elo ass Hierscht, an ech wäert en haut nach eng Kéier froen, wat déi nei Statistike sinn."