Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Alex Cameron - Country Figs

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wann ee keng Laboen huet, da mécht een och keng Tester"

Am Gespréich

"Wann ee keng Laboen huet, da mécht een och keng Tester"

D'Tessy Fautsch ass zanter 2006 Infirmière bei Médecins sans Frontières. Si war schonn op Asätz an der demokratescher Republik Kongo, Guinea, Bangladesch a rezent och am Jemen. Fir d'Serie "Am Gespréich" schwätzt si iwwer dës lescht Missioun an och hir Erfarungen, déi si an de leschte Jore gesammelt huet.

auto_stories

5 min

D'Tessy Fautsch schafft fir Médecins sans frontières. Foto: MSF

Bal véier Méint war d'Tessy Fautsch fir Médecins sans Frontières am Jemen. Eigentlech sollt se eréischt am September op e neien Asaz goen, duerch d'Corona-Kris ass hire Plang awer op d'Kopp geheit ginn.

Am Interview mam Pit Walté huet se iwwer hir Erfarunge geschwat, déi si am Jemen gesammelt huet. Donieft goung et awer och drëms, ob esou humanitär Missioune mat der Zäit méi einfach fir d'Infirmière ginn an ob si vun Ufank u wosst, datt si an engem medezineschem Beräich schaffe wollt.

De Biergerkrich am Jemen

Schonn zanter Joren ass de Jemen wéinst engem Biergerkrich an zwee gedeelt. Am Norde sinn d'Huthi-Rebellen, am Süde vum Land déi offiziell Regierung.

Foto: MSF

D'Infirmière Tessy Fautsch huet hir Erfarungen, déi se am Land op der arabescher Hallefinsel gesammelt huet, gedeelt.

"Ech si mat der Iddi dohi gaangen, da gesinn ech vill Cas de malnutrition sévère a villäicht och nach Cholera-Fäll, alles wat ech och esou héieren hat an och an esou Berichter gelies hat. A wéi ech dunn ukomm sinn am Süden, war meng éischt Statioun en Trauma-Spidol zu Mocha. [...] Et war net Cholera-Saison a Malnutritioun hunn ech och net gesinn."

Den éischten Deel lauschterenplay_arrow

D'Corona-Kris am Jemen

Eigentlech war et de Plang vun der Tessy Fautsch nees am September op eng Auslandsmissioun fir Médecins sans Frontières ze goen, de Coronavirus huet do awer e Stréch duerch d'Rechnung gemaach an d'Infirmière ass schoun virdru fir bal véier Méint an de Jemen gefuer.

Zuelen vun der WHO no ginn et am Jemen ronn 2.000 confirméiert Infektiounen an 580 Doudeger, d'Situatioun wier awer an der Realitéit méi schlëmm, seet d'Tessy Fautsch.

"De Norden huet keng Fäll reportéiert [...]. Am Süden, do si Fäll deklaréiert ginn, mee loosse mer soen, et sinn véier oder fënnef Provënzen am Süden an dann hat ëmmer nëmmen d'Provënz-Haaptstad e Labo, wann iwwerhaapt. An dann huet de Labo missen d'Stäbercher hu fir d'Ofstrécher ze maachen a se hu missen eng PCA-Maschinn hu fir se kënnen ze analyséieren an een, deen d'Maschinn konnt bedéngen. A wann ee keng Laboen huet, da mécht een och keng Tester."

Den zweeten Deel lauschterenplay_arrow

Foto: MSF

Duerch de Coronavirus hätt sech d'Situatioun am Jemen verschlechtert, seet d'Tessy Fautsch. Wéi den éischte Coronavirus-Zentrum seng Dieren opgemaach hat an MSF nach net honnertprozenteg asazbereet war, wier d'Situatioun chaotesch gewiescht. Hat ee Kontakter, ass een an den Zentrum era komm, anerer wieren um Parking gestuerwen.

Dono hätt ee probéiert méi Uerdnung an de Prozess ze bréngen. Et hätt een probéiert de Leit ze erklären, datt et net ëm Kontakter dierft goen an datt net all Mënsch op d'Intensivstatioun misst, esou d'Tessy Fautsch.

"Am Jemen war dat komplizéiert, well d'Leit wëssen wat eng Intensivstatioun ass a si wëllen intubéiert ginn [...]. Da geet et drëms ze erklären, mir hu Krittären, a wann d'Better all voll sinn, da musse mer kucken wien huet déi beschten Iwwerliewenschancen."

Den drëtten Deel lauschterenplay_arrow

Trotz Erfarung ass d'Tessy Fautsch nach nervös

D'Tessy Fautsch war fir Médecins sans Frontières schonn op Missiounen an der Demokratescher Republik Kongo, Guinea, Bangladesch a rezent och am Jemen. Och wann se zum Deel schonn eng Routine opgebaut hätt, wier awer virun all Asaz nach ëmmer eng gewëss Nervositéit do.

"Déi éischt Saach ass, geet elo um Fluchhafen alles richteg, hunn ech de richtege Visa, féiere se keng op, well ech hat et schonn, datt een zu mer gesot huet Lëtzebuerg géif et net ginn, da steet een e bëssen däämlech do."

De véierten Deel lauschterenplay_arrow

14 Joer bei MSF

Zanter 2006 schafft d'Tessy Fautsch als Infirmière bei Médecins sans Frontière. Et war fir si awer net vun Ufank un kloer datt si an déi medezinesch Richtung wéilt goen. Schlussendlech ass si dunn awer an der Infirmière-Schoul gelant, huet iwwer véier Joer an der Schwäiz geschafft an sech dono an der tropescher Medezin weider gebilt, éier se bei MSF ugefaangen huet.

Hir Entscheedung an dës Richtung ze goen, huet d'Tessy Fautsch bis haut net beréit.

"Ech reese relativ gär, mee eleng hätt ech warscheinlech net esou de Courage gehat, an Afrika oder Asien ze goen an ech hu Plaze gesinn, do kennt een als Tourist net hin. An och vun der Aarbecht, et ass ganz intressant. Et gesäit een, datt een e ganze Koup Saache ka maachen, ouni datt een den Hightech huet. Et léiert ee ganz vill aner Leit kennen, et gesäit een aner Kulturen an ech mengen zemools hei zu Lëtzebuerg ass et gutt, wann ee gesäit, datt wat mir hei hunn, net de Standard ass."

De fënneften Deel lauschterenplay_arrow