Radioen

On air

Tockcity  |  Ride - Monaco

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wann et da Fraude a Blanchiment war, muss ech responsabel sinn"

100,7-Interview mam Frank Schneider iwwer OneCoin

"Wann et da Fraude a Blanchiment war, muss ech responsabel sinn"

De Geschäftsmann a fréiere Geheimdéngschtmataarbechter Frank Schneider belaascht sech am 100,7-Interview selwer. Hien hätt zwee Joer laang fir déi international gesicht Cryptoqueen Ruja Ignatova geschafft an dobäi mat senger Firma Sandstone véier bis fënnef Milliounen Euro verdéngt - Suen, vun deenen net ausgeschloss wier datt se vun der Justiz kéinten als Blanchiment qualifizéiert ginn.

auto_stories

7 min

(c) B.S.

Lauschterenplay_arrow


Mir hunn de Frank Schneider bei sech doheem zu Joudreville getraff, wou hie mat Foussfessel festsëtzt, bis definitiv decidéiert ass, ob hie vu Frankräich un d'USA ausgeliwwert gëtt. D'US-Justiz huet sech d'Enquête géint de presuméierten OneCoin-Bedruch op de Fändel geschriwwen. De Frank Schneider ass fir déi amerikanesch Autoritéiten ee vun de Responsabele vun der internationaler Fraude, a gëtt ënnert anerem wéinst Fraude a Blanchiment poursuivéiert.

"Vill Fonge warscheinlech verschwonnen"

Weltwäit hu vill Mënschen am Ganzen e puer Milliarden Euro a OneCoin investéiert, am Glawen et wier eng Kryptowärung mat där si eng Kéier räich géife ginn. Si hunn hir Suen ni zréckkrut, e groussen Deel dovun ass verschwonnen. De Frank Schneider seet, dat wier him zu där Zäit, wéi hie fir d'Ruja Ignatova geschafft huet, net kloer gewiescht. Mee et wieren "vill Jore vergaangen", an hie géif "haut gesinn, datt vill Fonge warscheinlech verschwonne wieren". An deemno gëtt de Lëtzebuerger zou: "Wann et da Fraude ass, da muss dat gekläert ginn, an da gëtt et och Blanchiment, an da muss ech eben do responsabel si fir dat wat ech vläicht gemaach hätt". Et wier un de Geriichter, dat ze klären. Fir d'éischt misst awer d'Justiz tranchéieren, ob et am juristesche Sënn iwwerhaapt eng Fraude war.

Dem Frank Schneider seng Verdeedegungslinn ass, datt hien haut eréischt realiséiert hätt, datt seng Aktivitéite vun 2015 bis 2017 kéinten als Strofdot ugesi ginn. Ob hie mat senger Erfarung dat dann net scho wärend sengen Aktivitéite fir d'Ruja Ignatova hätt misse mierken?, hu mir hie gefrot. Et géif haut net méi vill bréngen, sech d'Fro ze stelle wat geschitt wier, wann hien eppes anescht gemaach hätt. Mee jo, et wieren ëmmer "Indicateuren do gewiescht, wou een hätt kënne soen 'dat do geet eng Grimmel ze wäit oder et geet schif'". Mee et wier ebe säin Job gewiescht, Problemer ze léisen an ze hëllefe OneCoin op de richtege Wee ze bréngen. Dat hätt generell net geklappt, mee dat wier net just seng Schold.

E leschte Kontakt iwwer SMS

De Frank Schneider bezeechent sech als Krise-Gestionnaire vun der Ruja Ignatova, der extrovertéierter Front-Fra vu OneCoin, déi zënter 2017 verschwonnen ass a mëttlerweil international gesicht gëtt. Hie wier ganz no un der Ruja Ignatova gewiescht, si hätt him vertraut. Seng Roll als Krisegestionnaire hätt sech mat der Zäit esou entwéckelt obwuel dat Ufanks net seng Tâche gewiescht wier. De Kontakt mat hir wier Enn 2015 iwwert de fréiere Vize-Finanzminister vu Bulgarien entstanen.

Ob d'Ruja Ignatova nach lieft, weess de Lëtzebuerger eegenen Aussoen no net. Kuerz ier si am Oktober 2017 vun der Bildfläch verschwonnen ass, hätt si him nach en SMS op Englesch geschéckt mat de Wierder "Safe home" - dat wier bizare, well si soss op Däitsch matenee geschriwwen hätten (De Frank Schneider huet eegenen Aussoen no keng Kopië méi vum SMS vum 25. Oktober 2017). Zanterdeem hätt hien ni méi eppes vun der Däitscher mat bulgareschen Originen héieren, seet de Frank Schneider.

De Frank Schneider hält et fir méi warscheinlech, datt d'Ruja Ignatova deemools onfräiwëlleg verschwonnen ass. Am Virfeld wier ni dovu Rieds gaangen, datt si ënnerdauche géif. Hie selwer hätt och sécher net bei esou eppes gehollef. Et wier ni säin Job gewiescht "Leit verschwannen ze loossen". Onwarscheinlech wier e fräiwëllegt Verschwannen och, well d'Ruja Ignatova d'Sue gär gehat hätt, an awer vill Suen zeréckgelooss hätt, ouni se bis haut ze reklaméieren.

Nach bis zu 1,2 Milliarden Euro disponibel?

Haaptsächlech op Konten a China, mee och zu Dubai, an Australien an a Südkorea wieren dem Frank Schneider no nach iwwer eng Milliard Euro vun de OneCoin-Gelder: "Sou wäit ech weess sinn nach ëmmer e ganze Koup Suen op deene Plazen", seet de Geschäftsmann a fréiere Geheimdéngschtmataarbechter. D'Ruja Ignatova wier net fräiwëlleg gaangen ouni déi Fro ze klären, mengt hien. Si wier och e bëssen eng Diva gewiescht a séiz wuel kaum haut mat enger Luxus-Posch am Dschungel.

Pitt Arens gouf vum Frank Schneider u Bord geholl

De Frank Schneider ass net den Eenzege Lëtzebuerger, dee fir OneCoin geschafft huet. Mam Pitt Arens hat e Lëtzebuerger Banquier wärend eelef Méint e Kontrakt als CEO vu OneCoin - fir 62.500 Euro de Mount. D'Ruja Ignatova hätt e Banquier als OneCoin-Direkter gewollt fir "déi richteg Prozeduren anzeféiere fir d'Firma op de richtegen Niveau ze bréngen, fir kënnen als PSF (Professionnel du secteur financier, ndlr) ze fonctionnéieren", seet de Frank Schneider. Hien hätt de Pitt Arens du gefrot, deen no enger Analys acceptéiert hätt. Dat hätt sech fir de Pitt Arens warscheinlech spéider als schlechte Choix erausgestallt.

Eisen Informatiounen no enquêtéiert d'US-Justiz och géint weider Persounen, déi Lienen op Lëtzebuerg hunn oder haten:

  • Amer Abdulazis (Phoenix Luxembourg Fund SCA SICAV-RAIF)
  • Karl Horsburgh
  • Anton Zherebtsov an Anatoly Gorlov (Global Opportunties GP Sàrl a Global Opportunities Fund S.C.A., SICAV-RAIF)
  • Christopher Hamilton a Robert MacDonald (Viola (Lux) S.à r.l.)

Op de Steierexpert Karl Horsburgh ugeschwat, confirméiert de Frank Schneider, datt si zwee sech gutt kennen. De Karl Horsburgh wier säin éischte Patron no der Uni gewiescht. Zum Gléck wieren de Karl Horsburgh an d'Ruja Ignatova sech guer net eens ginn, an dofir wier "dat no zwou Wochen eriwwer gewiescht". De Frank Schneider mengt dofir, datt de Karl Horsburgh "absolut näischt domat ze dinn huet".

Am Phoenix Fund wieren "der Ruja Ignatova hir Sue gewiescht", mat deenen och Sandstone bezuelt gi wier. D'Struktur Global Opportunities GP Sàrl huet de Frank Schneider eegenen Aussoen no net kannt. Mee wéi mir him soten, se wier 2017 vun Anton Zherebtsov an Anatoly Gorlov gegrënnt ginn, déi d'Adress vu RavenR Limited zu London haten, sot de Frank Schneider: "Voila. RavenR, dat war zu 100 Prozent Ruja Ignatova. D'Suen, déi u RavenR gefloss sinn, waren hir Suen, an déi koumen aus OneCoin". Dernieft gëtt de Frank Schneider zou, datt hie Suen aus dem Fenero Fund vum Marc Scott krut, deen och an den USA Blanchiment virgeheit krut, an deem säin Urteel am August soll gesprach ginn. En Deel vun deene Sue wier op de Spuerkeess-Konto vu senger Firma Sandstone gaangen.

"Verwaltungsrot vu Sandstone au courant"

Déi aner a senger Firma Sandstone hätten "absolut Bescheed" gewosst iwwer d'Aarbechte fir d'Ruja Ignatova. Déi ganz Ekipp hätt drop geschafft. Et wier um Enn un der Justiz ze klären, wie fir wat responsabel ass.

De Frank Schneider dementéiert awer, datt hien oder Sandstone geheim Informatiounen iwwert eng lafend Enquête vun Europol géint OneCoin beschaaft hätten. D'Ruja Ignatova hätt dat gemaach an him d'Informatioune weider geleet. Hie kéint dat warscheinlech souguer beweisen: "Ech sinn ni aus iergendwellechen Organisatioune klassifizéiert Material siche gaangen, dat hätt ech net gemaach", esou de Frank Schneider.

"Lëtzebuerger Justiz ganz sécher zoustänneg"

Zu all deem wëll hie bei der Justiz aussoen: Awer net an den USA, wou den 53-Järege bis zu 40 Joer Prisong riskéiert, mee zu Lëtzebuerg, wou en eventuell fënnef Joer Prisong kréich. Ob et dann net cocasse ass, datt hie selwer eng Enquête zu Lëtzebuerg géint seng Aktivitéite freet, seet hien, hie géif dat jo zouginn, datt hie léiwer géif zu Lëtzebuerg poursuivéiert gi wéi an den USA, dat wier jo normal. Eng Verurteelung an den USA wier wéi eng "Doudesstrof": "Ob ee mech lo gär huet, ob iergend een elo denkt 'dat ass deem Schneider gutt op der Panz' well ech deen eng Kéier getrëppelt hunn um Parquet, dat ka jo hei net spillen!", esou de Frank Schneider (Ndlr: De Frank Schneider war an de Joren 2004-2009 am Lëtzebuerger Geheimdéngscht a verschidden Dysfonctionnementer involvéiert, déi 2012 ëffentlech goufen a finalement zu Neiwalen zu Lëtzebuerg gefouert hunn. Verschidden Aspekter si verjäert, een Urteel an zweeter Instanz steet nach aus)

D'Lëtzebuerger Justiz huet awer keng Enquête lafen, a bis elo och keen Interessi gewise fir eng opzemaachen.


De Frank Schneider gëtt zou ganz no un der Ruja Ignatova gewiescht ze sinn, déi wéinst der OneCoin-Affär international wéinst Fraude a Blanchiment gesicht gëtt. An hie verstoppt net, datt net ausgeschloss ass, datt hie selwer kéint wéinst Blanchiment a Fraude condamnéiert ginn. Firwat mécht hien dat? Erklärunge mam 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck kënnt Dir hei lauschteren:

Lauschterenplay_arrow