Radioen

On air

Notturno  |  Symphony Orchestra - Intersection

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wanteraktioun: 5.900 Iwwernuechtungen a sechs Wochen

Dräieck Asbl

Wanteraktioun: 5.900 Iwwernuechtungen a sechs Wochen

An der Wanteraktioun um Findel goufen an de leschte sechs Wochen eng 5900 Iwwernuechtungen a 15.000 Moolzechten gezielt. Dat geet aus den aktuellen Zuelen vun der Dräieck Asbl ervir, déi aus enger Zesummenaarbecht vu Croix Rouge, Caritas an Interaction besteet.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


D'Asbl Dräieck bekëmmert sech ëm d'Koordinatioun vun der Wanteraktioun. Mat 250 Better hätt ee genuch Kapazitéiten um Findel, datt kee Sans-Abri zu Lëtzebuerg op der Strooss misst iwwernuechten, versécheren d'Vertrieder vun der Dräieck Asbl. An der Moyenne sinn awer just eng 160 Better beluecht.

Eng komplex Situatioun

Nach laang net all Sans-Abrie wëltl op d'Offer vun der Wanteraktioun zeréckgräifen, mengt den André Soares vum Roude Kräiz. Deels hätten se och en Ënnerdaach op der Strooss fonnt a géifen zécken, dat ze verloossen.

Fir si op eng ane Plaz ze logéiere wier komplex, seet den André Soares. Wa se hir Plaz nämlech verloosse fir e puer Nuechten an der Wanteraktioun ze schlofen, géife se riskéieren hir Plaz op der Strooss ze verléieren, well een aneren déi iwwerholl huet.

D'Cyrielle Chibaeff, Chargée de direction vun der Dräieck Asbl an den André Soares vum Roude Kräiz.

D'Streetworker géifen d'Leit déi op der Strooss sinn encouragéieren an d'Wanteraktioun ze goen, mee se kéinten se awer net forcéieren, erkläert d'Cyrielle Chibaeff, Chargée de direction vun der Dräieck Asbl:

"Déjà instaurer une relation de confiance, ça peut prendre du temps. Donc c'est un travail qui peut être assez délicat qui est de longue haleine parfois. Parfois c'est plus court, parfois c'est plus long. Donc ça c'est quelque chose qui est très important par rapport au travail socio-éducatif et on va inciter les personnes à rejoindre l'action hiver."

Den Ament géifen d'Streetworker gréisstendeels an der Haaptstad an zu Esch zirkuléieren. Mee och soss iwwerall am Land ginn d'Sans-Abrien betreit an encouragéiert an d'Wanteraktioun ze goen, ënnersträicht den André Soares vum Roude Kräiz:

"Moi j'ai déjà eu l'occasion à la croix rouge d'avoir des collègues de l'office social qui me contacte pour avoir de plus amples renseignements. Et qui vont à la rencontre des sans-abris, qui effectivement se trouvent dans des plus petites villes."

Mam ëffentlechen Transport an d'Wanteraktioun

Mam gratis ëffentlechen Transport wier et dann haut och méi einfach ginn d'Struktur um Findel ze erreechen, esou nach d'Cyrielle Chibaeff.

"Il y a des services de bus qui peuvent répondre à la problématique d'accessibilité, les transports en commun sont gratuits. Donc pour toute personne qui auraient le besoin de se présenter à l'action hiver, le site est quand même assez accessible."

Vun der Stater Gare géif iwwerdeems all owes eng Navette bis an d'Wanteraktioun op de Findel fueren a moies nees zeréck an d'Stad.