Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Warscheinlech méi Kandidature fir CSV-Parteipresidence

No der Kandidatur vum Frank Engel

Warscheinlech méi Kandidature fir CSV-Parteipresidence

Et wäert wuel net just bei der Kandidatur vum Frank Engel fir de Poste vun der Parteipresidence bleiwen, seet de Marc Spautz. Et wier ze erwaarden, datt méi Leit sech wäerten opstellen, esou de fréieren CSV-Parteipresident.

auto_stories

1 min

D'CSV hätt eng 10.000 Memberen a wann ee bei d'Schwësterparteien an Däitschland kucke geet géif ee feststellen, datt et esouguer dräi Kandidate fir d'Presidence vun der Partei gouf. Fir de Marc Spautz ass dat en Zeechen an enger Partei vu Liewen a vu Programmatioun.

Et wier dem Frank Engel säi gutt Recht seng Kandidatur iwwer d'Medien ze annoncéieren, mee de Marc Spautz weist sech iwwerrascht iwwer dat Dokument, dat publizéiert gouf. Normalerweis géif een esou Dokumenter an de Gremie beschwätzen.

Fir de fréieren CSV-Parteipresident Marc Spautz ass et wichteg, datt den zukünftege President d'Ekippen erëm zesumme brénge kann, "well dat Bild, dat mer de Moment no baussen ofginn, [...] tëschent deenen eenzele Stréimungen, dat ass net gutt". De Marc Spautz hätt sech eng éischte Kéier zu deem Sujet geäussert.

Sech selwer gesäit de Marc Spautz als Parteizaldot, dee gären eng Hand upeekt wat seng Hëllef gefrot gëtt. Un der Spëtzt soll awer en anere stoen, esou den CSV-Deputéierten.