Zum Joreswiessel Wat ännert 2023?

Mam Joreswiesel gouf et zu Lëtzebuerg eng Partie Ännerungen: de soziale Mindestloun ass geklommen, d'TVA geet erof, an d'CO2-Steier erop.

Pierre Reyland / jga / tt

Euro Suen

Lauschteren


De soziale Mindestloun gëtt all zwee Joer gesetzlech op Grond vun der genereller Lounentwéckelung no uewen ugepasst, a gouf deemno elo ëm 3,2% gehéicht. Net-Qualifizéierter verdéngen elo mam soziale Mindestloun 2.387,40 Euro Brutto de Mount - ronn 74 Euro méi wéi virdrun.

Verschidde Primmen gi bäibehal

Fir Qualizéierter läit de soziale Mindestloun elo bei 2.864,88 Euro de Mount - e Plus vun 88,83 Euro. D'Hausse vun 3,2% gëllt och fir de REVIS - de Revenu d'Inclusioun Sociale; a fir den RPGH - de Revenu fir Persoune mat engem graven Handicap. Och d'Pensioune goungen um 1. Januar erop - ëm 2,2%.

D'Allocation de vie chère grad ewéi d'Energieprimm, ginn 2023 bäibehalen.

Baisse bei der TVA

Bei der TVA gouf et op den 1. Januar eng Baisse - esou wéi et an der leschter Tripartite decidéiert gi war. Dee normalen Taux, dee fir déi mëscht Produitë gëllt, goung vu 17 op 16% erof, den taux intermediaire vu 14 op 13%, an de reduzéierten TVA-Taux geet vun 8 op 7% erof. Déi 7% TVA gëllen elo och zum Beispill fir d'Reparatioun vun Haushaltsapparater a fir d'Vente vun Elektro-Vëloen.

Fir d'Leit bei den Energiepräisser ze entlaaschten sinn d'Stroumpräisser fir Privatleit den 1. Januar automatesch un de Niveau vu zejoert agefruer ginn. De Präisdeckel um Gas an d'Subventioun fir de Mazout gi bis d'Enn vum Joer verlängert.

D'CO2-Steier, déi zanter 2021 a Kraaft ass, gouf wéi virgesinn, ëm 5 Euro no uewen ugepasst, a läit elo bei 30 Euro pro Tonn CO2.

Fir franséisch Frontalieren, déi zu Lëtzebuerg schaffen, ass um 1. Januar och eng Ännerungen a Kraaft getrueden: Si kënnen elo 34 Deeg laang am Teletravail schaffen ouni a Frankräich besteiert ze ginn - dat sinn 5 Deeg méi wéi virdrun.

Méi zum Thema

Freedefeier
Silvester

Déi meescht Gemengen am Land verbidden d'Zünde vu Rakéiten a Wicken an der Silvesternuecht. Vereenzelt Gemengen hunn awer dëst Joer eng Erlabnis fir d'Freedefeier verdeelt.

Illustraioun Euroen Suen Allocation de vie chere
Sozial Hëllef

D'Allocation de vie chère ass dëst Joer immens gefrot. 27 Prozent méi Demandë wéi zejoert si beim Fonds National de Solidarité erakomm. D'Energiekris ass just eng vun den Erkläerungen heifir, sou de Patrick Bissener vum Fonds National de Solidarité.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen