Radioen

On air

Soundcheck  |  Soundcheck - Live Musek um 100,,7

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wat ass dann elo mat Tokyo?"

Am Gespréich

"Wat ass dann elo mat Tokyo?"

D'Lis Fautsch ass zanter Jore Fechterin op engem professionelle Niveau a konnt an der Zäit och eng Rei Erfolleger feieren, wéi déi siwent Plaz lescht Joer op der Weltmeeschterschaft. Déi olympesch Spiller zu Tokyo sollten dëst Joer den Ofschloss vun der Karriär sinn, dëst Event gouf awer op op dat nächst Joer verréckelt. An eiser Serie Am Gespréich schwätzt eis Invité Lis Fautsch iwwert d'Decisioun, d'Karriär ze verlängeren, eng schéin Iwwerraschung déi se dëse Summer krut, déi den olympeschen Dram awer méi komplizéiert mécht, an och iwwert hire Wee bis bei d'Fechten.

auto_stories

6 min

Nodeems d'Lis Fautsch sech am Summer no laangen Iwwerleeungen dozou entscheet hat e Joer un d'Karriär drun ze hänke fir 2021 bei den olympesche Spiller derbäi ze sinn, krut se d'Nouvelle datt si schwanger ass. Eng schéi Nouvelle fir d'Sportlerin, déi den Dram vun Olympia awer méi komplizéiert mécht.

"Et war fir mech e ganz laange Prozess"

Eigentlech wollt d'Lis Fautsch no Tokyo 2020 mat hirer Karriär ophalen, d'olympesch Spiller goufen awer verréckelt. D'Fechterin huet decidéiert nach e Joer drun ze hänken an nächst Joer béi dësem sportlechen Event derbäi ze sinn, wat awer keng einfach Entscheedung war.

"Et war fir mech eigentlech e ganz laange Prozess, z'entscheeden ob ech nach ee Joer drun hänken oder net. Ech sinn der 33, ech war voll drop agestallt, datt ech no Tokyo, en anert Liewe starten, datt ech mäin Beruffsliewen ufänken. An et war fir mech, wéi gesot gouf, datt Tokyo géif verluecht ginn, eng Entscheedung déi ech net direkt konnt treffen. Ech hu mer vill Zäit gelooss, ech hu vill mat mengem Mann diskutéiert, ech hu vill mat menger Famill diskutéiert, ob ech mer dat soll nach eemol undoen, schlëmm gesot."

Deel 1play_arrow

Eng schéin awer komplizéiert Iwwerraschung

Nodeems d'Fechterin Lis Fautsch sech entscheet hat nach e Joer drunzehänke fir 2021 bei Tokyo derbäi ze sinn, gouf et am Summer eng Iwwerraschung, déi zwar ganz positiv war, d'Zil Olympia awer méi komplizéiert gemaach huet. D'Lis Faustch erwaart am Mäerz e Kand. Am Interview schwätzt d'Sportlerin iwwert de Plang dee si zesumme mat Experten an Trainer opgestallt huet fir bei den olympesche Spiller trotzdeem derbäi ze sinn, wéi hiren Training de Moment ausgesäit a wat och hir Gedanke waren, wéi se d'Nouvelle vun der Schwangerschaft krut.

"Wéi ech Enn Juli rausfonnt hunn datt ech schwanger sinn, war dat am Ufank mol fir d'éischt: Oha..., also ech hu mech extrem gefreet, mee do koumen déi zweet Gedanken an du stells der d'Fro, wat ass dann elo mat Tokyo[...] Ech hu mer déi éischt Méint du nach eemol Gedanke gemaach wéi et soll weider goen, ech hu mech do relativ vill agelies, och wëssenschaftlech Aarbechte gelies, wat méiglech ass. An ech hu relativ séier rausfonnt, datt relativ vill méiglech ass. Dat ass eppes wat ech net geduecht hunn, ech mengen dat ass eppes, wat vill Leit net denken, mee et kann ee relativ laang Sport maachen an der Schwangerschaft. [...] Ech hu mat der Sportsuni Köln Kontakt opgeholl, déi hunn eng Aarbechtsgrupp, déi sech ganz vill mat Sport a Schwangerschaft beschäftegen. Ech hunn hinne geschriwwen, hinne gesot, hei ass méi Plang, ech wëll mech gäre qualifizéiere fir Tokyo. Déi hu relativ séier gesot, et ass ambitiéis, mee et ass awer machbar."

Deel 2play_arrow

"Ech muss deen Tournoi gewannen, ganz einfach" Am Mäerz ass de Rendez-Vous fir d'Gebuert, a fir d'Lis Fautsch geet et da wa méiglech nees direkt weider mam Training, wéi se am Gespréich verrot huet. Well fir sech fir d'olympesch Spiller am Summer ze qualifizéieren, muss se un engem Qualifikatiounstournoi, Stand elo Enn Abrëll Deel huelen. An et ass ganz kloer, wat fir e Resultat d'Fechterin do brauch. "Ech muss deen Tournoi gewannen, ganz einfach. Mir wäerten sou, mengen ech, eng 25 bis 30 Leit sinn. Ech hu relativ gutt Kaarten , soen ech elo mol sou, well de Moment sinn ech vun der Weltranglëscht hir gutt positionéiert, reng Klassement-technesch sinn ech dat zweetstäerkst um Tournoi. Dat weist jo schonn datt ech gewësse Qualitéiten hunn, Chancen hunn dat och ze maachen. Mee et ass ee verréckten Tournoi."

Deel 3play_arrow

De Wee bis bei d'Fechten De Moment ass d'Lis Fautsch um gaangen un hirem Dram olympesch Spiller ze schaffen, an der Serie Am Gespréich huet si awer och op hir Ufänk beim Fechte gekuckt. Am Lycée ass si fir déi éischte Kéier mat dësem Sport a Beréierung komm, huet sech vun do un méi intensiv domadder beschäftegt an huet op Tournoien och scho gutt Resultater gemaach. Nom Lycée ass et awer net direkt mat der professioneller Karriär weider gaangen.

"A mengem leschte Joer Junior war ech nach op eng Weltmeeschterschaft a Südkorea. Ech ka mech nach erënneren, datt wéi ech Treizième gemaach hunn, niewebäi eng Weltmeeschterschaft a Korea hat an nach iergendwéi mäin Treizièmes-Exame wollt schreiwen, dat war och eng ganz spannend Zäit. An dono war et tatsächlech fir mech d'Fro, also fir mech war kloer datt ech wollt studéieren, ech sinn an deem Moment och nach net op d'Iddie komm Leeschtungssport ze maachen, well bei eis am fechten hat ech elo kee Virbild, deen dee Wee ageschloen huet. An do hunn ech decidéiert op Wien ze goen an do Kommunikatioun ze maachen."

Deel 4play_arrow

Fechten, e villsäitege Sport Zanterdeem d'Lis Faustch op Septième a Beréierung mat dem Fechte komm ass, huet si eng Leidenschaft fir dëse Sport a mécht dee jo och schonn zanter e puer Joer op engem professionelle Niveau. Am Gespréich mam Pit Walté huet d'Lis Fautsch driwwer geschwat wat ee fir dee Sport brauch, wéi si sech iwwert d'Jore bewosst ginn ass, wat fir si de richtege Fecht-Stil ass a wat fir si d'Faszinatioun un dësem Sport ausmécht.

"Also wat ech flott fannen um fechten, ass wéi villsäiteg et ass. Wann ee bei eis elo den héchste Niveau ukuckt, d'Fechter hunn all hiren eege Stil. Et sinn der derbäi déi si kleng an immens flénk an dann hues de déi grouss, déi vill méi laang a méi lues sinn, awer trotzdeem gutt sinn. Du hues dënn Leit, du hues déck Leit, du hues alles. Et erkennt een datt ee bestëmmten Eegenschaften sou wéi sou brauch, an datt verschidde Leit sech déi méi zu Notzen huele Wéi anerer. Ech sinn zum Beispill eent wat vun der Schnellegkeet hier ni super war[...] an ech sinn elo och keen Konditioun-Déier, mee wat mech ëmmer ausgemaach huet, ass datt ech eng immens gutt Prezisioun hunn, datt ech een immens gutt Aen hunn, datt ech vun der Koordinatioun hier gutt war."

Deel 5play_arrow