Radioen

On air

Notturno  |  Kendrick Scott Oracle - Cycling Through Reality

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat ass de Risiko vu grousse Bëschbränn?

Pompjeeën

Wat ass de Risiko vu grousse Bëschbränn?

An de leschte Woche gouf et eng Dose Flächebränn zu Lëtzebuerg. Gréisser Bëschbränn wier et rezent nach keng ginn. Dat seet de Christopher Schuh, Chef vum 112. Lëtzebuerg wier gutt op méiglech grouss Bëschbränn virbereet.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / viewapart

De Risiko fir grouss Bëschbränn wier hei am Land net null, mee awer enorm kleng, esou de Christopher Schuh, Chef vum Noutruff Service 112. Deemno géif et och kee Katastropheplang ginn. Et dierft een dat net mat Griichenland oder Spuenien vergläichen, eleng wéinst der Topographie hei am Land.

Pompjeeë si gutt virbereet

Lëtzebuerg hätt keng sou grouss Bëschfläche wéi an deene Länner. D'Topographie wier anescht. Um Terrain wieren d'Lëtzebuerger Pompjeeë gutt op d'Bränn virbereet. Ënner anerem hätte si sechs spezialiséierte Camione fir Bësch a Flächebränn. Et hätt een och speziellt Material, a mat de Camione kéint een an d'Felder erafueren fir d'Feier ze bekämpfen.

Weiderhi géif all Pompjee dofir forméiert ginn, an all déi Corpsen, déi speziell Camionen hu fir an de Bësch ze fueren, hätten och extra Formatiounen, esou de Christopher Schuh. Sollt et zu engem gréisseren Incident kommen, kéint Lëtzebuerg dann och iwwer déi europäesch Protection Civile spezialiséiert Hëllef aus dem Ausland ufroen a souguer Läschfligere geléint kréien.

Preventioun ass dat Wichtegst

Virum Asaz um Terrain wier dat Wichtegst awer d'Preventioun. Där Meenung ass och de Laurent Schley vun der Natur- a Bëschverwaltung. De Mënsch wier dee gréisste Risikofacteur, wann ee beispillsweis en Zigarettestomp ewechgeheit, e Feier do mécht, wou een et net soll, oder Glasschierbelen do leie léist, déi dann zu enger Lupp ginn.

De Laurent Schley mécht drop opmierksam, datt Bëschbränn eigentlech keng Katastroph fir de Bësch sinn, mee e ganz normale Phänomen an der Natur. Wann awer mënschlech Interessie matspillen an Haiser vu Mënschen no um Bësch stinn, da wier dat en héije Risiko.

Fir verschidde Bëscher hei am Land géif ee méi grousse Risiko bestoe wéi fir anerer. Virop d'Fiichte-Monokulturen, déi eigentlech och net wierklech op Lëtzebuerg géife passen, esou nach de Laurent Schley.