Mobilfunktechnologie Wat ass drun un der Angscht virum 5G?
D'lescht Woch huet d'Stee fir d'5G-Frequenzen hei zu Lëtzebuerg ugefaangen. Vill Leit maache sech wéinst dem neie mobile Reseau Suergen ëm d'Gesondheet, well si d'Stralung fäerten, déi vun den Antennen ausgeet.
Op soziale Reseaue sinn an de leschte Méint ëmmer nees abstrus Theorien iwwer d'5G-Technologie zirkuléiert, wéi déi, datt se zur Verbreedung vum Covid-19-Virus géif bäidroen. Am Abrëll huet dofir d'Weltgesondheetsorganisatioun extra matgedeelt, datt Viren sech net iwwer Radiowellen oder Mobilfunknetzer kënne fortbeweegen.
Vill Leit fäerten awer den Effet vun der Stralung vun deem neie Netz - och ouni Viren.
De Spektrum vun der elektromagnéitescher Stralung ass breet a geet vun niddrege Frequenze mat laange Wellen, wéi dëse Radiobäitrag, iwwer d'Mobilfunknetzer, d'Mikrowellen an der Kichen, Liichtstralen, bis op héich Frequenze mat ganz kuerze Wellen, wéi Röntgenstralen oder nach do driwwer Gamma-Stralen. Op deem Spektrum gëtt tëschent Wellen ënnerscheet, déi ioniséieren an därer, déi net ioniséieren. Also Stralen, déi Zellen net verännere kënnen, an déi Zell-DNA kënne veränneren. Dovun ass ee bei Mobilfunknetzer, och dem 5G wäit ewech. Déi Stralung, déi ioniséiert, fänkt vill méi uewen um Spektrum bei den UV-Stralen un.
Frequenzen: Eigentlech näischt Neies
De 5G funktionéiert herno op de Frequenzen vu 700 Megahertz, 3,6 Gigahertz a 26 Gigahertz. Dat ass no bei deem, wat mer lo scho ronderëm eis hunn, wéi de Fernand Muller vun der Natur- an Ëmweltverwaltung seet. "700 Megahertz ass genee dat, wat mer scho kennen, wat an deenen aktuelle Reseaue schonn ze gesinn ass."
Och déi méi héich Frequenzen am Gigahertzberäich wieren am Fong näischt Neies, esou de Fernand Muller. "Do ass guer näischt anescht. Mir sinn nach ëmmer an der selwechter Gréisstenuerdnung vu Frequenzen. Mir kennen de Wifi zum Beispill mat 2,4 Gigahertz. An de Wifi huet och eng Frequenz vu fënnef Gigahertz an do dotëschent kënnt dann elo de 5G mat 3,6 Gigahertz.
An deem méi niddrege Frequenz-Beräich, an deem sech de 5G situéiert, ënnerscheet een tëschent thermeschen Effekter an net-thermeschen Effekter, erkläert de Fernand Muller. Déi thermesch Effekter kenne mer vun der Mikrowell, déi, wat de Frequenzberäich ugeet, änlech ass, wéi déi iewescht Frequenze vum neie 5G-Reseau.
"Dat sinn dann elektromagnetesch Felder, déi an der Mikrowell generéiert ginn, an déi bréngen déi Molekul vun där Matière, déi an der Mikrowell leit a Beweegung an duerch déi Beweegung entsteet Reiwungsenergie an doduerch gëtt de Kierper waarm. Esou änlech geschitt dat och beim Mënsch, wann een de mënschleche Kierper enger ze héijer Stralung aussëtzt."
Dofir huet déi international Straleschutzkommissioun Grenzwäerter fixéiert, ënner deenen et keng thermesch Wierkung gëtt. Déi hunn d'WHO an d'EU esou iwwerholl, seet de Fernand Muller. Fir d'elektromagnéitesch Stralung sinn der EU-Recommandatioun no, "61 Volt pro Meter de Maximum, deen een de Leit däerf zoumudden. Mir leien awer hei zu Lëtzebuerg bei deene Wäerter, déi mer gemooss hunn, wäit drënner, mat 80 Prozent bei engem Volt pro Meter. "
Lëtzebuerg: Extreem niddereg Grenzwäerter
Zu Lëtzebuerg ass de Grenzwäert mat maximal dräi Volt de Meter och nach emol vill méi niddreg wéi an der EU. D'Natur an Ëmweltverwaltung huet iwwer d'Land verdeelt 350 Miessstatiounen, wou se d'Stralung kontrolléiert. D'Resultater fënnt een um Geoportail ënner Cadastre GSM. Do gesäit een zum Beispill datt d'Stralung, déi vun den aktuelle GSM-Reseauen ausgeet, an der Stater Groussgaass 2018 bei 0,8 Volt de Meter louch.
Deen neie 5G-Reseau soll awer aus méi klenge Funkzelle mat méi Antenne bestoen, déi méi no wäerte sinn, wou Leit zirkuléieren. Dowéinst warne verschidden Experte virdrun, datt d'Leit méi enger héijer Stralung kéinten ausgesat sinn.
Eventuell souguer eng méi niddereg Stralebelaaschtung mat 5G
De Guy Vandenbosch ass awer net där Meenung. De Professer am Departement Elektro-Ingenierie vun der Uni Leuven war de lëschten Dezember fir déi grouss 5G-Konferenz vun der Lëtzebuerger Regierung hei am Land. Hie sot, déi méi kleng Funkzelle géifen et erlaben, d'Intensitéit vun der Stralung ze reduzéieren.
"Dir wësst jo all, wann d'Distanz tëschent zwee Leit grouss ass, muss ee jäizen, fir sech verständlech ze maachen. Wann d'Distanz kuerz ass, kann een einfach normal schwätzen. Mat elektromagnéitesche Wëllen ass et änlech. Wann d'Distanz, wann d'Zell grouss ass, brauchs de vill méi Force, wéi wa se ganz kleng ass. Dat ass villverspriechend - 5G kann dozou bäidroen, d'Expositioun vun de Leit ze reduzéieren. "
Nei beim 5G ass och, datt d'Antennen hiert Signal, de Beam, gezielt op déi Apparater kënne riichten, déi grad Daten transferéieren. Wärend déi eng Experte mengen, dat géif justement d'Intensitéit erhéijen, argumentéieren déi aner, och dat géing et erlaben, d'Stralenintensitéit ronderëm ze reduzéieren.
Handystralung méi héich wéi Antennestralung
De Guy Vandenbosch seet, wie sech Suergen ëm d'Stralung mécht, soll sech méi Gedanke maachen, ëm den eegenen Telefon, wéi ëm d'Antennen.
"Wann Dir Iech d'Felder virstellt, déi vun ärem eegene mobillen Telefon bei de Kapp ginn, déi sinn zéng bis 100 Mol esou grouss wéi déi, déi der Legislatioun no vun den Antenne kann ausgoen. Wann Dir Iech also wierklech Suergen do drëms maacht, sidd virsiichteg mat Ärem eegenen Telefon."
Bei längere Gespréicher réit hien dofir, den Telefon net bei de Kapp ze halen, mee Kopfhörer oder eng Fräispriechanlag ze benotzen.
Eng vun den Ängschten a Verbindung mam 5G-Reseau ass, ob d'Stralung Kriibs ausléise kann. Dat ass bis elo wéineg seriö erfuerscht. Déi international Agence fir Kriibsfuerschung vun der WHO klasséiert d'elektromagnéitesch Stralung an d'Klass 2B - also méiglecherweis kriibserreegend, mee woufir et keng Beweiser gëtt. An där selwechter Kategorie si beispillsweis agemaachent Geméis an de Jus vun den Aloe Vera Blieder klasséiert.