Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Parquet Courts - Tenderness

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat ass Solidaritéit?

Fräie Mikro

Wat ass Solidaritéit?

Um Wee an eng ekonomesch Joerhonnertkris, bleift de Ruff no méi Solidaritéit net aus. Mee wësse mir iwwerhaapt, wat dat heescht?, freet sech de Jean-Jacques Rommes, laangjärege Vertrieder vun der Bankenassociatioun ABBL a vum Patronatsdaachverband UEL an aktuelle President vum Wirtschafts- a Sozialrot.

auto_stories

3 min

An dëse Woche gerode mir an de Stuerm vun enger Joerhonnertkris. Muncher ee riskéiert dobäi op der Streck ze bleiwen a seng Existenz oder seng Aarbecht ze verléieren. D'Europäer verspieren dat am Abléck nach net mat der selwechter Brutalitéit wéi z. B. d'US-Amerikaner, well mir sozial Versécherungssystemer hunn, déi de Schock absorbéieren. Zäitweileg hate mir méi wéi een Drëttel vun de privat Ugestallten am Chômage partiel. Si konnten am Aarbechtskontrakt a krankeverséchert bleiwen, obwuel hire Betrib keng Aarbecht fir si huet a si och net bezuele kann. Dat Wonner ass méiglech duerch e Mechanismus, dee mir Solidaritéit nennen.

Dat huet net nëmme sozial, mee och ekonomesch Virdeeler, well doduerch d'Stabilitéit vun eiser Gesellschaft a vun eiser Wirtschaft erhale gëtt. Mir gi méi resistent géint extern Schocken.

Dat Wuert Solidaritéit ass ideologesch staark belaascht. Déi klammend Erosioun vum chrëschtlech fundéierte Matleed zanter der franséischer Revolutioun gouf lues a lues ersat duerch eng nei Moraldoktrinn vun enger solidarescher Gesellschaft, vun där den Eenzele profitéiert, mee där hien dofir och Solidaritéit schëlleg ass. Bei d'"liberté " an d'"égalité" koum d'"fraternité" dobäi. Haut gëllt Solidaritéit als typesche Credo vun der politescher Lénker géint de Liberalismus, dee politesch aus Kontinental-Europa verschwonnen ass an haaptsächlech ënner dem Sigel "Neo-Liberalismus" als Popanz déngt.

Selbststänneger falen duerch d'Netz

Solidaresch ass e Kierper oder och e System, wann déi verschidden Deeler mat engem gemeinsame Schicksal unenee gekett sinn. Déi eenzel Deeler sinn net méi fräi ze maachen, wat si wëllen. Si kënnen a si mussen de Coup gemeinsam encaisséieren. Solidaritéit ass kee Cadeau, si ass per se net gutt oder schlecht, a si ass och keng Dugend, ganz einfach well si keen Altruismus ass. Et ass e Mechanismus mat Virdeeler, Nodeeler a Grenzen. Déi Kris hei illustréiert dat blendend.

Do wou d'Solidaritéit un hir Grenze stéisst, entstinn zwou Zorte Leit: déi déi sech Suergen ëm hire Congé maachen, an déi déi sech Suergen ëm hir Existenz maachen. Déi éischt sinn zu engem groussen Deel vun der Solidargemeinschaft - Staat a sozial Sécherungssystemer - gedroen, déi zweet si gréisstendeels Selbststänneger a falen, aus iergendengem politesche Grond, einfach duerch d'Netz.

"Solidaritéit üben heescht elo, Distanz ze üben."

Solidaritéit kann Nodeeler hunn. Sou si mir Mënschen an enger Risikogemeinschaft vis-à-vis vun deem neie Virus. Verzweiwelt probéiere mir eis duerch physesch Distanz ze desolidariséieren, well eng Contagioun vun der Gesamtheet méi geféierlech ass, wéi wann Eenzeler op der Stréck bleiwen. Dat ass kee flott Gefill a féiert zu Widderspréch: Solidaritéit üben heescht elo, Distanz ze üben. Wann ech mech net selwer schützen, gefäerden ech déi aner.

Ethiker stellen elo schonn d'Fro, ob enges Daags d'Impfung géint Covid-19 muss obligatoresch ginn. Däerfe mir d'Verbruetheet vun Impfgéigner duerchgoe loossen, wa mir wëssen, datt si eventuell krank ginn an da wëllen op Këschte vun der Solidargemeinschaft gefleegt ginn an och nach de Virus weider verbreeden? Wëlle mir solidaresch si mat de Feinde vun der Solidaritéit?

Déi Fro ass berechtegt, well Solidaritéit huet eng Logik: Si fonctionéiert ëmmer an zwou Richtungen. Wie Solidaritéit vun Anere verlaangt, muss bereet si selwer Solidaritéit ze bréngen. Keen dee mengt, hien hätt Rechter am soziale Sécherungssystem, huet d'Recht dat ze vergiessen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.