Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat bedeit de Brexit fir d'Bäitrëttschancë vu Balkan-Länner?

Balkanvisite Jean Asselborn

Wat bedeit de Brexit fir d'Bäitrëttschancë vu Balkan-Länner?

Groussbritannien huet sech fir d'Osterweiderung vun der EU agesat. Um Balkan misst een net besuergt iwwer de Brexit sinn, seet de Jean Asselborn. D'Bäitrëttschancë géife virun allem vun de Länner selwer ofhänken.

auto_stories

2 min

De Jean Asselborn ass am Montenegro ukomm

"Et ass nach net am Detail ofzegesinn, wat d'Prioriteite vu Lëtzebuerg an de Brexit-Verhandlunge ginn", sot den Ausseminister Jean Asselborn e Mëttwoch um Bord vu senger Visite am Balkan. Lëtzebuerg misst awer dofir suergen, datt d'Finanzplaz London duerch den EU-Austrëtt keng Virdeeler vis-à-vis vu Lëtzebuerg kritt.

D'Bankeplaz hätt een immensen Impakt op eist Liewen, seet de Jean Asselborn. Zum Beispill op d'Steieren, d'Pensiounen oder d'Gehälter. "An dofir musse mir de Level playing field mat der City vu London ganz kloer halen. Dat ass vläicht nëmmen ee spezifesche Problem vu Lëtzebuerg. Mee et ass ee vun deene Problemer, wou mir eis mussen asetzen."

D'Efforten an de Länner selwer

An de Balkan-Länner, wou den Ausseminister am Moment op Besuch ass, gëtt dem EU-Austrëtt vu Groussbritannien besuergt entgéint gekuckt. Groussbritannien huet sech nämlech staark fir d'Osterweiderung vun der EU agesat. De briteschen EU-Austrëtt géif net bedeiten, datt Serbien, Montenegro an de Kosovo manner grouss Chancen hunn, fir der EU bäizetrieden, seet de Jean Asselborn.

Et géif zu 80 Prozent vun deenen Efforten ofhänken, déi an de Länner selwer géife realiséiert ginn. "An net vum Wëlle vun e puer Leit zu Bréissel, egal a wat fir enger Positioun si sinn."

Um leschten Dag vu senger Visite am Balkan ass den Ausseminister dësen Donneschdeg op Besuch am Montenegro. An der Haapstad Podgorica soll hien ënner anerem de President an de Premier vum Montenegro treffen.