Radioen

On air

Notturno  |  Dana Gavanski - Word On A Wing

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat brauche Kanner wierklech?

Educatioun

Wat brauche Kanner wierklech?

"Den Enseignement a besonnesch de Fondamental ass den Ament an enger Kris", där Meenung ass den Enseignant a Gewerkschaftler Patrick Arendt. D'Ufuerderungen un d'Léierpersonal géif stänneg zouhuelen a vill Kolleege géife sech eleng gelooss fille mat enger Schülerpopulatioun, déi am Gaang wier sech massiv ze veränneren. Ee Symptom dovu wier, datt d'Leeschtungsbereetschaft vun de Schüler an de leschte fënnef Joer konsequent erofgaange wier. Och déi aner Intervenanten an der Emissioun gesi Verännerungen, maachen awer och Léisungsvirschléi.

auto_stories

5 min

D'Enseignante fille sech wéi an engem Hamsterrad, seet de Patrick Arendt. Si missten ëmmer nei Erausfuerderungen unhuelen, an doduerch géif ëmmer méi Stress entstoen. An d'Enseignante géifen d'Schold kréie fir alles wat schif leeft. Dobäi gëtt et senger Meenung no ee gesellschaftleche Problem.

Manner Leeschtung, méi Passivitéit, dat fält dem Enseignant am meeschten op. Vill Kanner a Jonker géifen duerch stonnelaang Kucken op een Ecran verléiere fir aktiv eppes zum Unterrecht bäizedroen. "Am Fong misst ech am Cours all dräi Minutten eng Reklammepaus maachen, et muss haart sinn a sprëtzeg", sou de Patrick Arendt, dee vun engem verännerte Verhale vun de Schüler ausgeet a seet: virun 12 Joer missten Handyen an aner Ecrane verbuede ginn.

Maison relaisen: ze mann Personal

D'Psychologin Lara Erpelding gesäit eng kloer Altersgrenz vu sechs Joer als sënnvoll beim Thema nei Medien. Si stellt awer och fest, datt vill Kanner no der Schoul a Strukture sinn, wou den Handy souwisou net dierft benotzt ginn. "Do sinn dann aner Saachen de Problem." Nämlech: Ze vill Kanner op ze mann Personal. Kanner bräichten Erwuessener - ob Elteren oder anerer - déi si fréi mat hire Bedürfnisser gesinn, an déi eng Relatioun mat hinnen opbauen. Da kéint an der Maison relais just mat engem héije Personalschlëssel geléngen, sou d'Lara Erpelding.

De Patrick Arendt ass an där Diskussioun formell: Maison relaisen hätten een negativen Impakt op d'Kanner, seet hien. "D'Kanner ginn do quasi de ganzen Dag animéiert, et ass keng Zäit do fir Langweil, an also fir Kreativitéit entstoen ze loossen." Dat géif och déi passiv Haltung vun de Kanner fërderen. Mëttes Schoul ze hale wier antëschent ëmmer méi schwiereg, well d'Kanner no der Mëttesstonn an der Maison relais "total opgedréit" wieren, sou de Patrick Arendt. "Do musse mir als Gesellschaft zeréckgoen an eis froen: wat brauchen d'Kanner wierklech"

Alternativen ubidden

"Fir datt d'Schüler erëm méi participéiere brauche mir erëm aner Unterrechtsmethoden", där Meenung ass de Gilbert Graf. D'Trainéiere vu soziale Kompetenze wier dobäi wichteg. Dofir bräicht den Enseignant awer méi Ënnerstëtzung am Klassesall, zum Beispill vun Assistent socialen.

De Gilbert Graf proposéiert och, datt den Enseignement de Schüler Alternativen zum klasseschen Unterrecht ubitt, fir datt si erëm Interessi um Wëssen entwéckelen. D'Schüler missten och mol kënne mat "Ech-Botschafte" schwätzen an erziele wéi et hinne geet, wou si hierkommen, asw. Dat kéint ee Wee eraus aus der Passivitéit sinn, sou de Mediateur.

Stress stécht un

Net nëmme Schoul léist Stress aus, mee ee ganzt Ëmfeld. "Ech hunn d'Gefill, datt et an eiser Gesellschaft allgemeng vill ëm Leeschtung geet, an datt och d'Elteren an hirem Liewe vill Stress erliewen an natierlech dee Stress och mat an d'Famill bréngen", seet d'Psychologin Lara Erpelding.

De Gilbert Graf seet: an der Schoul entsteet haaptsächlech Stress duerch ongeléiste Konflikter tëschent Schüler, Elteren an Enseignanten, Parteien, déi alleguer ënnerschiddlech Interessen hätten. Och hie seet: "Wéi solle Kanner sech entstresst zum Léieren hiwenden, wa schonn déi Erwuesse ronderëm immens gestresst sinn?". D'Schoul ass a sengem Aen - nieft der Famill - déi Plaz, wou d'Kanner sozialiséiert ginn. "Do misst et also och eng Plaz ginn, wou ee kann zesummen zur Rou kommen a kreativ denken". Dem Gilbert Grad no misst an der Schoul vill méi Raum fir dës Elementer.

Elterenaarbecht: eng Erausfuerderung

Et géif ëmmer erëm virkommen, datt tëschent Enseignanten an Eltere seriö Konflikter entstinn. Eltere géifen den Enseignant dann als "Géigner" gesinn. "Mir hu Situatioune wou Enseignante soen: do kënnt deen an dee Papp, ka wann ech gelift een hanner der Dier stoe bleiwen, ech fäerten". Dat wieren zwar Eenzelfäll, mee déi wiere fir d'Enseignante enorm belaaschtend. D'Politik géif den Elteren de Message ginn "Gitt an d'Schoul, loosst Iech näischt gefalen, setzt iech duerch". Hie plaidéiert dofir Reegelen opzestellen, fir an der Elterenaarbecht ee konstruktiven Debat zouzeloossen.

Usätz aus der Mediatioun wieren an der Elterenaarbecht immens wichteg, seet de Gilbert Graf, dee generell der Meenung ass, datt déi am Lëtzebuerger Schoulbetrib nach an de Kannerschong géif stiechen. Hie kéint sech ee méi reegelméissegen an ongezwongenen Austausch mat den Eltere virstellen, sou de Mediateur. Hie seet och: "D'Elterenaarbecht ass ee sensibelt Thema, dat muss och ganz kloer an d'Aarbechtszäit vum Enseignant agerechent ginn".

Hëllef fir Betraffener

Vill Enseignante géife kuerz virum Burn-Out stoen, sech awer kaum trauen doriwwer ze schwätzen, fir net als "Schwächling" do ze stoen, dat huet d'Enseignante a Gewerkschaftlerin Nadine Elcheroth an engem rezenten Artikel geschriwwen. D'Psychologin Lara Erpelding confirméiert, datt Persounen, déi sech ausgebrannt fillen, Schwieregkeeten hunn dat zouzeginn. Hëllef géife si bei Psychotherapeute kréien.

De Gilbert Graf schléit vir, eng Supervisioun fir Enseignanten anzeféieren. "Si musse kënne mat engem anere Professionellen hir Aarbecht reflektéieren". Déi eege psychologesch Hygiène géif am Enseignantsberuff awer nach vill ze vill kleng geschriwwe ginn, sou de Gilbert Graf. De Patrick Arendt fäert, datt eng Supervisioun de Stress vun den Enseignante just nach erhéicht.

Hien ass der Meenung, datt déi aktuell Situatioun am Enseignanten och géif erklären, firwat ëmmer manner Jonker dee Beruff wëlle wielen. Eng rezent Ëmfro vum SEW/OGBL huet erginn, datt 98 Prozent vun de befrote 700 Enseignante gär Schoul halen, méi wéi 60 Prozent vun hinnen hunn awer uginn, si géifen dee Beruff net nach eng Kéier wielen.