Gratis Ëffentlechen Transport Wat bréngt Leit dozou, vum Auto op Bus an Zuch ëmzeklammen?

Vun e Samschdeg u soll den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg gratis sinn. D'Gratuitéit ass nëmmen ee Bausteen an der Strategie vum Transportministère, fir déi ëffentlech Verkéiersmëttelen ze fërderen. Mee wat bréngt Leit dozou, vum Auto op Bus an Zuch ëmzeklammen?

Stephan Polet / cz

LuxTram
Foto: picture alliance / Harald Tittel / dpa

D'Leit géifen eng Rei Facteuren abezéien, wa si sech fir en Transportmëttel entscheeden. De Präis spillt dobäi eng wichteg Roll. Wann den ëffentlechen Transport gratis gëtt, kéint dat zu méi Passagéier féieren, seet den Transport-Ekonom Benny Mantin vun der Universitéit Lëtzebuerg.

Fuerschung an deem Beräich hätt och gewisen, datt d'Gratuitéit eng wichteg Roll spillt. Wa Mënschen tëschent zwee Produiten entscheede mussen - ee gratis an een immens bëlleg - da géife sech déi meescht fir de gratisse Produit entscheeden. Och wann dëse vu manner gudder Qualitéit ass. De Professer Mantin wéist awer drop hin, datt dës Fuerschung a ganz anere Beräicher wéi dem Transport gemaach gouf. Ob sech d'Leit fir déi ëffentlech Verkéiersmëttelen entscheeden, géif awer vun nach anere Facteuren ofhänken, dorënner d'Vitess.

Wann ee net effizient a séier vun A op B kënnt, dann hëlt een éischter den Auto, seet de Benny Mantin. Och d'Frequenz vun de Faarte spillt eng Roll. Wann een zum Beispill e Bus verpasst, mécht et e groussen Ënnerscheed, ob een zéng Minutten oder eng hallef Stonn waarde muss. Am zweete Fall ass et warscheinlech, datt een nees op den Auto zeréckgräift.

Och d'Effikassitéit spillt eng Roll

Och d'Distanz bis bei den nächsten Arrêt spillt eng Roll an, ob een zu Fouss dohi kënnt oder awer den Auto muss huelen.

"Eemol um éischten Arrêt ukomm, ass nach d'Fro, wéi dacks een ëmklamme muss." All Verbindung, déi ee kréie misst, esou de Professer, bréngt e Risiko fir Verspéidung mat sech. Fir Verspéidungen ze minimiséieren, misst dofir d'Zuel vun de Verbindungen erofgoen, d'Arrête missten no bei de Leit sinn, sou datt se zu Fouss dohi kënne goen an no enger oder zwou Connectioune bei hirem Zil sinn.

Et géif net eng Léisung ginn, fir den ëffentlechen Transport ze fërderen, mee et kéim op e Mix u Mesuren un. Dozou gehéieren och Mesuren, déi den Auto manner attraktiv maachen. Wéi zum Beispill Taxen, manner Parkplazen, oder Autofräi-Zonen.

"Déi positiv Ureizer sinn onëmstridden, mee kaschten de Stad vill. Déi negativ Ureizer sinn dofir net immens beléift bei de Wieler."

Doduerch datt Lëtzebuerg elo de gratis ëffentlechen Transport aféiert, géif e bëssen en Experiment entstoen - och fir aner Staaten. Hei géif sech deemno weisen, ob de Präis vum ëffentlechen Transport eng wichteg Roll spillt, bei de Leit hirem Choix.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Stephan Polet
Lauschteren

Méi zum Thema

Buschauffer
Adapto-Reform

De Kollektiv 1329 kritiséiert, datt bei der Adapto-Reform déi Betraffen net genuch mat agebonne ginn. Ideal wier et awer, wann de ganzen ëffentlechen Transport barrièrefräi wier, seet d'Ana Pinto.

RGTR-Versammlung
Ëffentlechen Transport

D'Reorganisatioun vum nationale Busreseau suergt bei de Bierger fir ënnerschiddlech Reaktiounen. Op enger rezenter Informatiounsversammlung konnt mam Transportministère iwwer d'Verännerunge vum neie Busreseau diskutéiert ginn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen