Radioen

On air

Thé Dansant  |  Captain Beefheart - Observatory Crest

play_arrow Live
search

/ "Wat de Leit d'Onsécherheetsgefill gëtt"

Gemengewalen

"Wat de Leit d'Onsécherheetsgefill gëtt"

CSV an DP fuerderen an hire Gemengewalprogrammer d'Schafe vun enger kommunaler Police. Mee wat genee stellen déi zwou Parteie sech vir - a wat konkret soll dës Mesure bréngen?

auto_stories

6 min

De Claude Lamberty (DP) an de Léon Gloden (CSV)

Souwuel de Léon Gloden (Buergermeeschter vun Gréiwemaacher an Deputéierte vun der CSV) wéi och de Claude Lamberty (Gemengeconseiller zu Hesper an Deputéierte vun der DP) soen, datt d'Police an de Gemengen net present genuch wier.

Fir de Léon Gloden geet et net nëmmen ëm schwéier Kriminalitéit, hie wéilt gär op eng lokal Police kënnen zeréckgräifen, déi 24 Stonnen op 24 disponibel ass. De CSV-Deputé-Maire gëtt ee Beispill:

"Dann ass Är ganz Foussgängerzon verwüüst, well owes oder moies fréi, puer Mëller Blummen eraus gerappt hunn. Dat kascht alles Geld. Dat muss jo net sinn, ne? Do verstinn ech och, datt d'Police seet, wann ech do uruffen: 'Jo da maacht eng Plainte, mee Dir wësst jo, datt näischt eraus kënnt.' A wann do déi, entre guillemets, lokal Police, déi à disposition ass, 24 Stonnen op 24... Ech kréien dat gemellt, ruffen un, déi kënnen nach en flagrant délit erwëscht ginn. Dat ass lo keng grouss Kriminalitéit, mee et ass dat wat de Leit d'Onsécherheetsgefill gëtt."

De Claude Lamberty vun der DP gëtt een anert Beispill:

"Dat ka sinn, beispillsweis a Gemengen, wou gesot gëtt, hei mir hu wierklech ee Problem. Do gëtt ganz oft an där Strooss oder an där Noperschaft gerannt, zum Beispill. Da kann eng Police natierlech eng Vitesse-Kontroll maachen. Mee ganz oft ass et awer esou, dass d'Vitesse-Kontroll net déi iewescht Prioritéit fir den aktuelle Corps ass, well se ganz vill aner Missiounen hunn. Dat ass net hir Schold. Dat ass einfach ee Fakt, datt mir einfach ze wéineg Polizisten um Terrain hunn."

Feele wierklech Polizisten um Terrain?

Am europäesche Verglach läit Lëtzebuerg de leschte Statistike vun Eurostat no liicht iwwert der Moyenne wat d'Unzuel vu Poliziste pro Awunner ugeet.

Politesch gëtt et hei am Land awer ee breede Konsens, datt Poliziste feelen - och well d'Zuel vu gemellten Infraktiounen zejoert geklommen ass. Et lafen Efforte fir méi Polizisten ze rekrutéieren. Dorobber verweisen ënnert anerem déi gréng an d'LSAP an dëser Debatt ëmmer nees - si halen dat fir déi besser Léisung ewéi eng Gemengepolice ze schafen.

Virun dräi Joer war dat iwweregens och nach d'Positioun vun der DP an der CSV. Bei enger Chamberdebatt, wou déi lescht Police-Reform bilanzéiert gouf, huet keen d'Schafe vun enger Gemengepolice gefuerdert.

Firwat fuerderen d'CSV an DP dann elo kuerz virun de Gemengewahlen eng Gemengepolice?

Wat CSV an DP selwer als Erklärung ginn ass, datt si d'Gedold verluer hunn a sech net méi wëlle vertréischte loossen, datt déi national Police iergendwann genuch Moyenen huet, fir datt se ëmmer do ass, wou och d'Buergermeeschtere se gären hätten.

An och wann d'DP dat an der Chamber 2020 net sot: déi Liberal hunn an der Vergaangenheet dacks fir méi Matsproocherecht vun de Gemengen am Fonctionnement vun der Police plaidéiert. (D'Fuerderung no enger Gemengepolice stoung 2011 och schonn am blo-grénge Koalitiounsaccord an der Stad. Déi gréng waren deemools also domadder averstanen, anescht wéi haut...)

Fir d'CSV ass d'Fuerderung no enger Gemengepolice ee méi klore Revirement: d'Partei huet sech zënter der Fusioun vu Police a Gendarmerie 1999 ëmmer géint d'Schafe vun engem zweete Police-Corps ausgeschwat.

Mee kann eng Gemengepolice de Problem vum Personalmanktem um Terrain da behiewen?

Dorop hunn d'CSV an d'DP keng kloer Äntwert.

De Léon Gloden vun der CSV mengt, datt de Beruff méi attraktiv wier, wann ee wéisst, datt ee fix an enger Gemeng schafft an net kann uechter d'Land détachéiert ginn.

De Claude Lamberty vun der DP proposéiert, datt et eventuell am Lycée schonn eng Sektioun sollt ginn, fir an déi Beruffsrichtung ze orientéieren. Kuerzfristeg kann een de Problem awer egal wéi net léisen, wéi den DP-Politiker zougëtt. Och wann eng Police municipale géif agefouert ginn hätt een net vun haut op muer an all Gemeng 20 Polizisten, et géif einfach drëms goen unzeerkennen, datt een net genuch Polizisten um Terrainn huet.

Sief hei nach erwähnt, datt d'Gemenge sech iwwer dee selwechte Vide schonn 1999 beschwéiert hunn, ier et zur Fusioun vu Police a Gendarmerie koum. D'Hoffnung vum Gemengesyndikat Syvicol war et deemools, datt ebe grad duerch d'Fusioun méi Moyenen do wieren, fir och op lokal Sécherheetsbesoine kënne besser anzegoen.

Wéi konkret sinn d'Konzepter vun der CSV an der DP dann, wéi een d'Gemengepolice géif organiséieren?

Déi Konzepter sinn nach zimmlech vague.

De Claude Lamberty vun der DP nennt engersäits déi franséisch Police municipale als Virbild, déi manner Moyenen a Kompetenzen huet ewéi déi national Police. Mee et kéint ee sech och aner Modeller virstellen.

D'CSV seet d'Gemengepolice sollt een, "Corps auxiliaire" sinn, deen un déi national Police rattachéiert ass.

De sprangende Punkt fir béid Parteien ass, datt de Buergermeeschter an de Schäfferot musse kënnen iwwer hir lokal Poliziste verfügen. Juristesch ass dat eng komplizéiert Situatioun, wann déi Beamten an engems dem Generaldirekter vun der Police ënnerstinn, seet de Léon Gloden vun der CSV. Et misst een an engem Gesetz kloer festleeën, wat am Aufgabeberäich vum Buergermeeschter läit a wou en och net vum Policedirekter ka blockéiert ginn.

De Léon Gloden schwätzt vun engem Gesetz a vun enger Regierungsbedeelegung vun der CSV - wat huet dat mat de Gemengewahlen ze dinn?

Streng geholl net ganz vill. Just d'Chamber kann d'Police reforméieren - d'Gemengeréit, déi elo e Sonndeg gewielt ginn, hunn net déi néideg Pouvoire fir eng lokal Police ze schafen. U sech maachen DP an CSV mat där Fuerderung an hirem Gemengewalprogramm also scho Chamberwalkampf. Fir déi Iddi "bei de Leit ze testen", wéi de Léon Gloden am Interview sot.

Mam Theema Sécherheet wëllen DP an CSV hir Wielerschaft uschwätzen, grad am Gemengewalkampf an der Haaptstad huet dat schonn Traditioun.

Wat een am Gemengewalkampf awer och ëmmer Mol nees observéiert sinn ebe Fuerderungen a Verspriechen, déi guer net a Gemengekompetenz leien. Dat kann dann och dovunner oflenken, wat d'Gemenge selwer kéint maachen, fir eng Situatioun ze verbesseren.

An egal ob een eng Gemengepolice elo fir sënnvoll hält oder net - géif ech als Conclusioun mol d'Hypothees opstellen, datt dee Spillraum fir mat anere Mëttel fir méi Sécherheet ze suergen an de mannste Gemenge scho maximal ausgenotzt gëtt.