Radioen

On air

De Moien  |  D'Marie Capesius ass d'Laureatin vun der CNA-Bourse

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat erwaart den Donald Trump 2019?

Ausbléck

Wat erwaart den Donald Trump 2019?

2019 kéint fir den US-amerikanesche President Donald Trump en ongemittlecht Joer ginn. An der Vergaangenheet hu sech d'Demokrate virun allem verbal géint den amerikanesche President positionéiert, si hu vum 3. Januar 2019 un awer nees d'Méiglechkeet, den Donald Trump duerch hir Majoritéit am Representantenhaus verstäerkt politesch ënner Drock ze setzen. Donieft kéinten och déi undauernd Ermëttlunge vum Robert Mueller geféierlech fir den US-President ginn.

auto_stories

3 min

Philip Crowther

Maurice Antony: A wéi enger Form - Stéchwuert Impeachment - kënnen Demokraten de President ënner Drock setzen a wéi realistesch ass esou ee Zeenario an dengen Aen?

Philippe Crowther: Also d'Stéchwuert ass Impeachement, mee d'Realitéit ass wuel kaum Impeachement. Dat ass eppes, wat wahrscheinlech net wäert geschéien an deenen nächsten zwee Joer. De Grond ass, datt d'Representanten-Haus kann entscheeden, ob et zu engem Impeachement-Verfahre kënnt, mee et ass de Senat, deen dee Moment u sech zu engem Geriicht gëtt. Et ass de Senat deen entscheet, op de President elo muss ophale mat senger Presidence oder net. An dofir brauch een eng ganz grouss Majoritéit am Senat, deen d'Demokraten awer de Moment net hunn. D'Demokraten hunn awer elo d'Méiglechkeet fir zum Beispill Dokumenter unzefroen a fir Enquêtë géint de President ze starten. Géint déi, déi mat him zesummeschaffen. Géint Membere vun der Regierung. Zum Beispill d'Steiererklärung vum President, déi hien elo scho jorelaang verstoppt huet, déi kéinten theoretesch Demokraten an enger vun deene ville Kommissiounen am Representantenhaus ufroen a si kéinten déi zum Beispill och kréien.

Wou a wéi gesäis Du d'Aarbecht vum spezial Enquêteur Robert Mueller. Et sickere wéineg Informatiounen zum aktuelle Stand vun den Ermëttlungen duerch, punktuell ginn awer ëmmer nees Informatioune gestreet, wéi zum Beispill zum fréiere Wahlkampf-Manager Paul Manafort oder nach dem fréiere Sécherheetsberoder Michael Flynn. Ass de Mueller bei sengen Investigatiounen no un der sougenannter "smoking gun" drun?

Et ass net kloer, ob et iwwerhaapt eng "smoking gun" gëtt. Hien ass gutt am Gaang mat schaffen. Mir kréien do relativ wéineg Informatiounen, sécher net vun him direkt. Déi bescht connectéiert Journalisten zu Washington kréien alt emol heiansdo eppes mat. Hie mécht seng Aarbecht gutt weider. Déi dauert elo scho gutt zwee Joer. Ob elo dobäi soll erauskommen, datt de President selwer deemools als Kandidat mat Russland matgeschafft huet, do si mir eis elo net sou sécher. Et kënnt wahrscheinlech net zu deem grousse Moment, wou mir erausfannen, datt den Donald Trump selwer mat de Russe geschwat huet a bei hinnen Hëllef ugefrot huet. Et ka sinn, datt Membere vu senger Wahlequipe net Gespréicher mat de Russen haten an Interessen un enger gewëssener Hëllef am Wahlkampf.

Duerch deng Aarbecht am Wäissen Haus hues du och en Austausch mat amerikanesche Journaliste-Kolleegen. Wéi huelt Dir d'Attacke vum President op eng Rei Medienhaiser an hir Journaliste wouer? Wéi ginn dës Attacke vun de Journalisten op der Plaz, respektiv hanner de Kulissen diskutéiert?

Mir mussen immens disziplinéiert bleiwen. An et ass fir eis heiansdo schwéier als Eenzelpersounen esou en Ugrëff vum Donald Trump net perséinlech ze huelen an hien da wëllen unzegräifen an iergendwéi de Géigendeel wëllen ze beweisen. Mee mir kënne beweisen, datt mir net de Géigner vum Vollek sinn, wéi hien ëmmer seet, andeems mir einfach weiderschaffen. Dat war deemools e berühmte Sproch vum Chef vun der Washington Post, dee sot "Mir mussen elo einfach méi haart schaffen. Mir sinn net de Géigner vum President. Mir ginn elo einfach un d'Aarbecht." Et ass heiansdo schwéier, mee dat ass eng vun de Reegele vum Journalismus. Dat krute mir schonn an der Schoul gesot. Mir mussen ëmmer neutral bleiwen an dat musse mir dann och beim Trump. Den Donald Trump gräift d'Press elo schonn zwee Joer laang un, an d'Amerikaner lauschteren him no. Esou gëtt de Respekt an och d'Credibilitéit vun der Press ugegraff.