Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat fir en Zesummeliewen an de Gemenge wëlle mir?

Fräie Mikro

Wat fir en Zesummeliewen an de Gemenge wëlle mir?

D'Gemenge mussen no de Wahlen hir Kommissiounen nei opstellen. Verschidde Kommissioune sinn dem Gesetz no obligatoresch, wéi zum Beispill och d'Schoulkommissioun. Manner bekannt ass, datt an all Gemeng och muss eng Integratiounskommissioun zesummegestallt ginn. De Fräie Mikro vun der Presidentin vun der Auslännerassociatioun Asti, Laura Zuccoli.

auto_stories

4 min

Laura Zuccoli

Am optimale Fall soll d'Zesummesetzung vun der Integratiounskommissioun d'Awunnerschaft aus der Gemeng erëmspigelen. Verschidde Gemenge kloen awer iwwer Schwieregkeete fir Interessenten - auslännescher oder lëtzebuergescher - fir hir Integratiounskommissioun ze fannen a stellen dann einfach keng op, obwuel d'Gesetz dat sou virgesäit.

Et geet definitiv net duer, just en Opruff ze maachen, fir Membere fir dës Kommissioun ze fannen. Et muss Viraarbecht geleescht ginn. D'Awunner mussen de Sënn vu sou enger Kommissioun verstoen a matkréien, wéi hir Aarbecht konkret d'Zesummeliewen an der Gemeng verbessert.

Integratiounskommissioun muss consultéiert ginn

De Règlement grand-ducal vum 15. November 2011 bestëmmt d'Organisatioun an de Fonctionnement vun der Integratiounskommissioun. Ënner anerem muss dës Kommissioun de Gemengerot an alle Froen vum Zesummeliewe beroden.

Bei Theme wéi der Participatioun vun Net-Lëtzebuerger un de Gemengewahlen, Moossname fir den Accueil an d'Integratioun an der Gemeng an der Notzung vun de sportlechen a kulturellen Infrastrukture soll de Gemengerot d'Meenung vun der Integratiounskommissioun froen.

Leider froen awer déi mannste Gemengeréit den Avis vun hirer Integratiounskommissioun, obwuel de Règlement grand-ducal virgesäit, datt obligatoresch zwee Vertrieder aus dem Gemengerot, dovunner een aus dem Schäfferot, musse Member dovunner sinn. Vill vun dëse Kommissioune si just mat der Organisatioun vu Frëndschaftsfester beschäftegt. Bei allem Respekt virun dëser Aarbecht an alle positiven Zeeche fir en harmonescht Zesummeliewen, déi dovunner ausginn, mee soll dat wierklech d'Haaptzil vun dëse Kommissioune sinn?

Integratiounskontrakt

D'auslännesch Awunner, déi nei an och déi, déi scho méi laang hei wunnen, kënnen en Integratiounskontrakt, Contrat d'Accueil et d'Intégration (CAI) fräiwëlleg ënnerschreiwen. Während zwee Joer kréie si dann e verbëllegten Zougang zu 60 bis 120 Stonne Course fir Sproochen, Education civique an Informatiounen iwwert eist Land. Dëse Kontrakt, e staatlecht Instrument, dat vum OLAI geréiert gëtt, ass kaum bis guer net bei den Awunner - ob Lëtzebuerger oder Auslänner- bekannt.

Dobäi kéinten d'Gemengen dëse Kontrakt an hire Biergerzenteren a Populatiounsbüroe promouvéieren an op deem Wee en éischte, méi enke Kontakt mat den Auslänner knäppen, déi en Integratiounskontrakt ënnerschreiwen. Sou kann d'Gemeng des Auslänner fir eng Mataarbecht an hire Kommissiounen an an hire lokale Veräiner animéieren a begeeschteren.

An eise Gemenge muss d'Zesummeliewen eng politesch Prioritéit sinn. An de Gemengeservicer wéi och an de Veräiner, an de Schoule wéi och an der Bevëlkerung selwer, iwwerall an eise Gemenge soll a muss eng Wëllkommenskultur bestoen. D'Aart a Weis, ewéi mir déi nei Awunner - op Lëtzebuerger oder Auslänner - an eiser Gemeng empfänken, spillt eng zentral Roll. Intresséiere mir eis fir hir Bedürfnisser, erkenne mir se? Wéi eng Äntwerte bidde mir op déi verschidde Bedürfnisser? Wéi eng Méiglechkeete proposéiere mir, fir sech ze treffen an auszetauschen?

Bedierfnesser sondéieren

Sproochecaféen a Poterdëscher wou d'Lëtzebuergesch oder aner Sprooche praktizéiert kënne ginn, bidden hei eng flott Geleeënheet. Do kënne nei an al Awunner an enger lockerer Atmosphär un engem Dësch zesummesëtzen an eng vun eise Sproochen an der Praxis fërderen. D'ASTI bitt all de Gemengen, déi sou Sproocheprojete wëlle starten, Ënnerstëtzung beim Opbau an der Organisatioun an eng kuerz Formatioun, fir déi fräiwëlleg engagéiert Bierger, déi esou Aktivitéite wëlle begleeden oder féieren.

D'Zougehéieregkeetsgefill kann op flott Aart a Weisen ënnerstëtzt ginn! Konkret Beispiller ginn et genuch. Positiv ass, wann eis Gemenge sech d'Méi maachen, d'Bedierfnesser vun hire net-lëtzebuergeschen Awunner ze sondéieren.

Virun net all ze laanger Zäit huet eng éischter kleng Zentrumsgemeng iwwer 900 auslännesch Matbierger mat engem Questionnaire ugeschriwwen a méi wéi 400 Äntwerten zeréck kritt. Aner Gemengen hunn erfollegräich Ëmfroe mat offiziellen Instituter gemaach. De Wee ass egal, wichteg ass d'Resultat. An dobäi ginn dës Initiativen och nach subventionéiert!

Wunnengsbau fërderen

20.000 nei Awunner kommen all Joer aus dem Ausland op Lëtzebuerg a liewen ënner eis. Och d'Migratioun vun enger Gemeng an déi aner ass an de leschte Jore staark geklommen. Dat allgemengt Uwuesse vun der Bevëlkerungszuel am Lëtzebuerger Land mécht Drock op all eenzel Gemeng, fir méi nei Wunnengen ze bauen.

Do kann een als Gemengeverantwortlechen net einfach nokucken an der Iwwerzeegung sinn, d'Zesummeliewe vun alen a neien Awunner - egal ob Lëtzebuerger oder Auslänner - géif sech vum selwe reegelen. Do muss ee Brécke bauen a proaktiv d'Participatioun an d'Implicatioun vun alle Matbierger um lokale Plang fërderen.

Hei geet et ëm den Zesummenhalt an eiser Gesellschaft, dee sozialen, dee sulturellen an och den intergenerationellen.

A wou kënne mir den Zesummenhalt besser fërdere wéi an eise Gemengen?


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.