Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat fir eng Auswierkungen huet e schwaachen Euro op eisen Alldag?

Wirtschaft

Wat fir eng Auswierkungen huet e schwaachen Euro op eisen Alldag?

Den Euro ass den Donneschdeg op en Neits ënnert de Seuil vun engem US-Dollar gefall. Deemno ass den Euro esou schwaach wéi zënter 20 Joer net méi. Ma wat bedeit dat konkret am Alldag? De President vun der Chambre de Commerce rechent domat, datt eenzel Entreprisen a Stéit wéinst den héijen Energiepräisser an der nächster Zäit kéinten a finanziell Schwieregkeete geroden.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / Bigstock CalypsoArt

Lauschterenplay_arrow


Wann den Euro schwaach ass wier dat zwar gutt fir déi europäesch Exporter, mee op där anerer Säit géifen Importer méi deier ginn, erkläert de Carlo Thelen. Deemno géif alles wat Europa an enger anerer Wärung importéiert méi deier ginn. An dat wiere vill Saachen, seet den Ekonomist. Virop d'Käschte vun der importéierter Energie an déi domat verbonnen héich Inflatioun an Europa géifen do eng Roll spillen. D'Lëtzebuerger Wirtschaft géif de Moment gutt do stoen, mee an den nächste Méint kéint et fir déi kleng a mëttelgrouss Betriber schwiereg ginn.

De Carlo Thelen rechent domat, datt eenzel Menagen an Entreprisen an der nächster Zäit a Schwieregkeete kéinte geroden, wann d'Energiepräisser nach weider klammen.

"An da kënnt nach eppes dobäi zu Lëtzebuerg: Dat ass déi héich Volatilitéit vun de Bourssen. Wann d'Bourssen zéng Prozent abriechen, dat huet dann en Impakt vun 0,3 Prozentpunkten op de Lëtzebuerger PIB, well mir eben sou eng grouss Finanzplaz hunn."

D'Investisseure vertrauen der US-Wirtschaft de Moment méi

Hannergrond vun der Chute vum Wäert vum Euro ass ënnert anerem d'Méiglechkeet vun engem permanente russesche Gas-Liwwerstopp an déi domat verbonnen héich importéiert Energiekäschten, genee wéi dat vergläichsweis zeréckhalend Virgoe vun der europäescher Zentralbank géint déi héich Inflatioun, erkläert de Carlo Thelen. Aus der Optik vun der EZB wier dat ze verstoen, well déi aktuell inflationistesch Tendenzen net duerch méi héich Zënsen an de Grëff ze kréie wieren, seet de Carlo Thelen.

"An Amerika sinn d'Zënse schonn 0,75 Prozent gehéicht ginn. An Europa gi se just um 0,25 Prozent an d'Luucht. Dat mécht en Drock op den Euro par Rapport zum Dollar. D'Investisseuren hu méi Confiance an d'amerikanesch Wirtschaft, well an Europa e Krich ass. Dat mécht vill Investisseuren nervös an dofir dréinen se sech éischter zum Dollar."

Et wier schwiereg virauszesoen, wéini den Euro sech nees géif erhuelen, esou nach de Carlo Thelen. D'Zentralbank misst den Zënssaz elo niddreg halen, well et soss fir verschidden europäesch Südstaate géif schwiereg ginn hier Staatsschold nach am Grëff ze halen. Dobäi kéimen Ängscht an Onsécherheeten, ënnert anerem wéinst dem Krich an der Ukrain. Et géifen och weiderhin inflationistesch Tendenzen an Europa ginn, esou nach de Carlo Thelen.