Radioen

On air

Notturno  |  Chick Corea - Windows

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wat kënnt dobäi eraus, wann ech SPD wielen?"

Bundestagswahlen

"Wat kënnt dobäi eraus, wann ech SPD wielen?"

Den SPD Kanzlerkandidat huet sech beim Wahlkampfoptrëtt zu Treier a kämpferescher Stëmmung gewisen. Wéi wëllt de Martin Schulz d'Wahl gewannen? A wat sinn d'Erwaardunge vun de Bierger un hien?

auto_stories

4 min

Bei summerlechen Temperaturen ass den SPD Kanzlerkandidat Martin Schulz gëschter viru ronn 2.500 Leit zu Tréier opgetrueden. Virun der Porta Nigra huet hie sech kämpferesch gewisen. "Däitschland ka méi". Dee Saz huet hien dacks widderholl. Fir de Martin Schulz ass d'Wahl nach laang net entscheet.

"Meng Partei an ech wäerte kämpfen. Bis de 24. September um sechs Auer owes. An zwar net aus Selbstzweck, an net fir d'Zuelen a scho guer net fir Meenungsfuerscher. Mä fir eis Iwwerzeegung a fir si, d'Leit an eisem Land."

Resultater vun den Ëmfroen

De Philipp Gräßer ass 20 Joer al a geet de 24. September fir d'éischte Kéier op nationalem Plang an Däitschland wielen. Ob hien dem Martin Schulz seng Stëmm wäert ginn, steet fir de jonke Student nach net fest. Hie wéilt sech als éischt déi respektiv Wahlprogrammer ukucken. Eng Victoire vum Martin Schulz hält hien allerdéngs fir onwahrscheinlech.

"Ech mengen net, datt et passéiere wäert, wann ee sech d'Resultater vun den aktuellen Ëmfroen ukuckt."

De Philipp Gräßer (20) studéiert Geschicht an Englesch

An de Sondagë leien d'Sozialisten nämlech ronn 15 Prozentpunkten hannert der CDU, der Partei vun der aktueller Kanzlerin Angela Merkel. Hie wier awer net deen éischte sozialistesche Kandidat, deen d'Kéier kéint kréien. Dat mengt e jonke Bierger, dee selwer an der SPD aktiv ass.

"Ëmfroe sinn Ëmfroen. De Gerhard Schröder huet och eng Kéier opgeholl an d'Malu Dreyer huet och bewisen, datt et klappe kann. Mir sollen definitiv net de Kapp an de Sand stiechen, mä weider no vir kucken an dat Bescht draus maachen. Da wäert et menger Meenung no de 24. September och klappen."

Där Meenung ass och de Philipp Dewans, e Finanzbeamte vu 26 Joer. Hie verweist dorop, datt et ganz vill onentscheete Wieler ginn. "Wann een déi mobiliséiere kann, ka sech esou eppes relativ séier dréien."

Méi sozial Gerechtegkeet

Dofir wier et wichteg, datt jiddereen, dee wahlberechtegt ass, och wiele geet, esou e Kärmessage vun der Veranstaltung.

Duerch e Wahlprogramm, deen ënnert anerem de Fokus op méi sozial Gerechtegkeet leet, hoffen d'Sozialiste bei de Wieler an Däitschland punkten ze kënnen. Ee Sujet, deen och enger Mamm vun zwee Kanner besonnesch um Häerz läit.

"Sozial Gerechtegkeet, Entlaaschtung fir Famillen, also Kannerbetreiung a steierlech Entlaaschtung. Dat sinn och déi Saachen, un deenen ech hie moosse wäert."

D'Mamm (41) vun zwee Kanner schafft an enger Schoul fir Kanner mat spezifesche Besoinen

An hirer aktueller Liewenslag als Mamm vun zwee Kanner, kéint si sech mam Programm vun der SPD identifizéieren. Den SPD Kanzlerkandidat versprécht ënnert anerem d'Fraise fir d'Kannerbetreiungsplazen ofzeschafen. Famille bräichten eng gutt Offer fir Kanner, esou de Martin Schulz.

E weidere Sujet a sengem Wahlprogramm ass de Lounënnerscheed tëscht Mann a Fra. Frae géifen an Däitschland am Schnëtt ronn 20 Prozent manner verdénge wéi Männer. Fir d'Uniounspartei vun der aktueller Kanzlerin wier dat "normal", seet den SPD Kanzlerkandidat. Fir hie wier dat awer net akzeptabel. "Wie wëll, datt domat Schluss ass, dee muss d'SPD wielen."

Wéi eng Koalitioun?

Mä wat kënnt dobäi eraus, wann ech um Wahlsonndeg de 24. September SPD wielen, freet sech d'Mamm vun zwee Kanner.

"Kréien ech wierklech een SPD Kanzler oder kréien ech eng grouss Koalitioun?"

Aktuell ass d'Uniounspartei vum Angela Merkel zesumme mat der SPD an der Regierung. Béid Säiten hunn net Wëlles, weider op de Wee vun enger grousser Koalitioun ze goen. Eng Ausso, déi den aktuellen däitschen Ausseminister Sigmar Gabriel rezent allerdéngs erëm a Fro gestallt huet. Hie géif eng grouss Koalitioun no der Wahl am September net kategoresch ausschléissen, esou den aktuellen däitschen Ausseminister.

Den Thomas Reget ass zënter zwee Joer Member bei der SPD. Déi grouss Koalitioun hätt gutt Aarbecht geleescht, seet hien. "Ech wier och domat zefridden."

Dee richtege Kandidat?

Den Ament sinn all d'Parteien an Däitschland allerdéngs emol am Wahlkampf. Do kéim et op Argumenter an op den Inhalt vum Wahlprogramm un, ënnersträicht ee Bierger. "Mä natierlech bleift een net vu Stëmmungen, Charisma a Perséinlechkeet verschount. Dat fléisst natierlech an d'Bewäertung mat eran."

Stéchwuert Charisma: Ass de Martin Schulz dee richtege Kandidat fir d'Bundestagswahl fir d'SPD ze gewannen? Dozou d'Meenung vun enger Biergerin. "Am Moment ass et dee Beschten, dee mir hunn, soe mir et mol esou."

Ob de Martin Schulz oder d'Angela Merkel d'Bundestagswahle fir sech entscheede kënnen, weist sech de 24. September.