Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat legitiméiert eng Regierung?

Fräie Mikro

Wat legitiméiert eng Regierung?

Legitimitéit vun enger Regierung kann zwou ganz verschidden Saachen heeschen: op der enger Säit bedeit se Konformitéit mam Gesetz, Rechtméissegkeet, an op där anerer Säit bedeit se politesch Legitimitéit. An do ginn d'Saachen e bësse méi komplizéiert, well Rechtméissegkeet eleng nach keng politesch Legitimitéit ausmécht. Iwwerleeunge vum Thierry Simonelli.

auto_stories

3 min

Thierry Simonelli

An enger Demokratie fundéiert sech d'Autoritéit vun enger Regierung op hir rechtlech a politesch Legitimitéit. Déi politesch Legitimitéit léisst sech awer net einfach op d'Gesetzméissegkeet reduzéieren. Eng Regierung kann duerchaus gesetzlech legitim sinn, ouni doduerch och scho politesch legitim ze sinn.

Um rechtleche Plang ass et relativ einfach: legitim ass eng Regierung dann, wa se a Konformitéit mam Gesetz ass.

Um politesche Plang ass d'Fro vun der Legitimitéit alles anescht wéi einfach. Wann et net duergeet rechtméisseg ze si fir schonn als politesch legitim ze gëllen, wat charakteriséiert dann eigentlech déi politesch Legitimitéit?

Gëtt et do objektiv Critèren, oder ass politesch Legitimitéit noutwendeg subjektiv? Wann dat de Fäll wär, kéime mir net ganz wäit, well d'Legitimitéit wier dann eng Saach vun der individueller Willkür.

Ee geleefegen objektive Kritär wier dee vun der Konsens- oder Zoustëmmungstheorie.

Konsenstheorie: Verschidde Kritäre mussen erfëllt sinn

D'Iddi vun der Konsenstheorie ass déi, datt eng Regierung da legitim ass, wa se d'Zoustëmmung vun de wahlberechtegte Bierger huet. Dës Zoustëmmung kann explizit sinn, wann déi politesch Representanten, déi am meeschte gewielt goufen an d'Regierung kommen, oder implizit, wa mir perséinlech déi Regierung zwar net gewielt hunn, awer d'Resultater vun de Wahle vum Prinzip aus akzeptéieren.

Fir datt eng Zoustëmmung awer Sënn mécht, mussen e puer Bedéngungen erfëllt sinn. Éischtens muss d'Zoustëmmung engem Choix entspriechen - ech muss och kënnen net zoustëmmen. Eng Zoustëmmung, dierf also net opgezwonge sinn.

Och muss et ganz kloer sinn, op wat sech déi Zoustëmmung bezitt. An déi Zoustëmmung, besonnesch wa se implizit ass, muss dem Wëlle vum Zoustëmmenden entspriechen.

Am einfachste Fall féieren d'Wahlen dozou, wat de Panachage jo versprécht, datt déi Persounen, déi am meeschte Stëmme kruten och déi héchste Mandater kréien.

Kritäre vum Konsens gi verletzt

Et gëtt, wéi mir wëssen, direkt eng ganz Rei vu Problemer mat eisem Wahlsystem, déi déi eng oder déi aner, oder direkt alleguer d'Kritäre vun der Zoustëmmung oder dem Konsens verletzen.

Zum Beispill ginn déi ausschlaggebend Koalitiounsprogrammer ëmmer eréischt post festum, no de Walen, hanner zouenen Dieren negociéiert. Dann ass do och nach déi ongläich Gewiichtung vun de Stëmmen an de Wahlbezierker. Oder eng Rechemethod, déi gréisser Parteie favoriséiert. Da wielen mir eng Chamber, awer keng Ministeren, also och keng Regierung. An et gëtt déi flott Méiglechkeeten, wou Leit, déi massiv Stëmme verluer hunn, oder der net emol genuch kruten, einfach vun de Parteien trotzdem an d'Regierung geholl ginn.

Ënner deene Bedingunge wësse mir also ni, op wat sech eis Zoustëmmung als Wieler bezitt. Mir wëssen deemno och net, op eis Wiel eisem Wëllen entsprécht, a mir kënnen emol net soen, datt de Sënn vun eiser Zoustëmmung - dës Regierung - eis net einfach nodréiglech opgezwonge gëtt.

Domat sinn dann awer och déi objektiv Kritäre vun der Legitimitéit, als demokratesche Konsens, bis an de Prinzip eran ab absurdum geféiert.

Wat Wahlen ënner dëse Bedingunge politesch bedeite sollen, ass alles anescht wéi kloer. Eng Saach schéngt mir awer sécher: eng Prozedur zur demokratescher Erstellung vu politescher Legitimitéit si Wahlen ënner dëser Form net. An déi süffisant rhetoresch Loftschlässer, mat deene verschidde Volleksvertrieder de Problem verharmlosen, dierft de Problem fir vill Wieler just nach verschäerfen.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.