Radioen

On air

Notturno  |  Chick Corea - Windows

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wat näischt kascht, dat ass och näischt"

Gratis ëffentlechen Transport

"Wat näischt kascht, dat ass och näischt"

D'Presidentin vun der Eisebunnergewerkschaft Syprolux kritiséiert d'Iddi vum gratis ëffentlechen Transport. "Wat näischt kascht, dat ass och näischt" esou d'Kritik vun der Mylène Bianchy. D'Iddi wier ee Schrëtt zeréck a se wier och net an Aklang mat engem qualitativ héichwäertegen ëffentlechen Transport ze bréngen.

auto_stories

1 min

De Syprolux fäert, datt d'Personal op verschidde Posten ofgebaut gëtt. Dat gëllt ënner anerem fir d'Zuchbegleeder a fir d'Personal an de Guicheten. Fir d'Sécherheet op der Bunn ze verbesseren, fuerdert de Syprolux iwwerdeems eng speziell Police-Unitéit.

Ënner dem Slogan "E Schrëtt an d'Zukunft" geet d'Eisebunnergewerkschaft Syprolux an d'Sozialwahlen. Do zeechent sech eng Erneierung un. Zwee Drëttel vun de Kandidate ware bis elo nach ni op enger Lëscht, seet d'Mylène Bianchy.

Am Mëttelpunkt vum Wahlkampf steet de Problem vum Manktem u Personal. D'Direktioun vun den CFL ass bereet nei Leit ze rekrutéieren. Et wier awer schwiereg fir qualifizéiert Leit ze fannen. Dowéinst misst intern d'Ausbildung eng Prioritéit ginn. Weider Problemer géifen et bei der Eisebunn ginn, wéinst de ville Schantercher, déi et um Reseau ginn. D'Schichtaarbecht bei den CFL hätt zougeholl, "d'Aarbechtsbestëmmunge sinn op der Bunn ganz kloer ze verbesseren", seet d'Mylène Bianchy. Virun allem an der Infrastruktur-Spart géifen et Problemer ginn. Déi Leit déi op de Gleiser, de Schinnen oder der Signalisatioun schaffen, musse wéinst de Schantercher ëmmer méi während der Nuecht schaffen oder de Weekend a während de Vakanzen. Dat wier awer déi eenzeg Méiglechkeet fir de Reseau auszebauen, sou d'Mylène Bianchy.