Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat sinn d'Haapt-Enjeue vun de Sozialwahlen?

Sozialwahlen 2019

Wat sinn d'Haapt-Enjeue vun de Sozialwahlen?

Kréien d'Gewerkschaften nees méi Afloss an de Betriber? Oder confirméiert sech den Trend vun 2013, wéi eng éischte Kéier méi wéi d'Hallschent vun den Delegéierten net op Gewerkschaftslëschte kandidéiert haten. Fir den Adrien Thomas, deen um LISER iwwer Syndikalismus fuerscht, ass dat den Haapt-Enjeu vun de Sozialwahle vum nächsten Dënschdeg.

auto_stories

2 min

Beim anere Volet vun deene Wahlen, deene fir d'Salariatskammer, géif et haaptsächlech - awer net nëmmen - ëm d'Kräfteverhältnis tëschent den zwou grousse Gewerkschafte goen.

Bei de leschte Sozialwahlen an de Betriber hätt ee gesinn, datt just 49 Prozent vun de gewielte Personaldelegéierten op enger Gewerkschaftslëscht gewielt gi sinn. "Dat heescht méi wéi d'Hallschent vun de gewielten Delegéierte waren d'leschte Kéier net op enger Gewerkschaftslëscht präsent", sou den Adrien Thomas.

Zukünftegt Kräfteverhältnis tëschent OGBL an LCGB

Eng Fro wier, ob den OGBL seng Situatioun weider kéint ausbauen oder ob e liicht wäert verléieren. Beim LCGB géif sech d'Fro stellen, ob d'Gewerkschaft sech wäert erkréie par Rapport zur leschter Kéier, wou se verluer hat. De sektoriellen Enjeu géif dës Kéier eng besonnesch wichteg Roll spillen, virun allem fir d'ALEBA, déi 2013 just 50,4 Prozent am Finanzsecteur krut.

D'Kräfteverhältnis tëschent den zwou national representative Gewerkschaften ass fir den Adrien Thomas, deen um LISER iwwer Syndikalismus fuerscht, een Haapt-Enjeu vun de Wahlen fir d'Salariatskammer. Awer net deen Eenzegen.

Wéi eng Zukunft fir d'ALEBA?

Vu groussem Interessi ass och d'Ofschneide vun der ALEBA, well si am Finanzsecteur nach eemol 50 Prozent vun de Stëmme brauch, wa se d'Recht behale wëllt fir Kollektivverträg bei Banken an Assurancen ze ënnerschreiwen.

Wann d'ALEBA dat net géif packen, wier dat vläicht net direkt hiert Enn, mee et géif garantéiert hir intern Kris, déi elo schonn offensichtlech ass, weider verstäerken, sou den Adrien Thomas.

Generell ass den Adrien Thomas der Meenung, datt d'Gewerkschaften zu Lëtzebuerg nach ëmmer staark sinn, mee datt se ongläich verdeelt sinn. D'Gewerkschafte si staark am ëffentlechen Déngscht, am Transportsecteur, an der Industrie an an der Constructioun.

Awer an anere Secteure si se vill manner oder souguer guer net präsent, wou et dann och kee Kollektivvertrag gëtt. An do ginn et dann och keng Gehaltserhéijungen ze verhandelen.