Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Nea Lone - What Does It Take?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat steet am Koalitiounsaccord?

Chamberwahlen 2018

Wat steet am Koalitiounsaccord?

DP, déi gréng an LSAP hunn no annerhallwem Mount Verhandlungen ee Regierungsprogramm ënnerschriwwen. Eng éischt Analys vun den 246 Säiten, iwwer déi d'Parteigremien nach mussen ofstëmmen.

auto_stories

5 min

Wat fir eng konkret Annoncë gi gemaach?

Verschiddenes war scho während de Verhandlunge public ginn, wéi zum Beispill:

  • déi geplangte Cannabis-Legaliséierung
  • zwee zousätzlech Congésdeeg
  • d'Eropsetze vum Mindestloun ëm 100 Euro Netto
  • den ëffentlechen Transport soll am éischte Semester 2020 gratis ginn
  • d'Kilometerpauschal am Steiersystem soll reduzéiert ginn
  • Referendum iwwer déi nei Verfassung gëtt organiséiert (fréistens no den Europawahlen)

Wichteg nei Engagementer sinn och:

  • d'Besteierung vun de Pëtrolsproduite solle vun 2019 un änneren, am Kontext vum Klimaschutz
  • staatlech Subventioune fir Betriber gi steierfräi
  • d'Sammelklo am Beräich vum Konsumenteschutz soll séier agefouert ginn
  • d'Majoratioun vu medezineschen Akte fir Spidolspatienten an engem Eenzelzëmmer sollen ofgeschafe ginn
  • eng Promotiounsagence fir d'Kultur Luxembourg for Culture soll geschafe ginn

Déi héich Logementspräisser waren eent vun de grousse Wahlkampfthemen. Wat fir Äntwerten huet déi blo-rout-gréng Koalitioun dorop?

Am Logement ginn eng Rei Mesuren envisagéiert, déi d'Ausgabe vum Staat géife vergréisseren:

  • Eventuell méi staatlech Garantië beim Kaf vun der Éischtwunneng
  • Eventuell méi héije bëllegen Akt beim Kaf vun der Éischtwunneng
  • Eventuell gëllt de bëllegen TVA-Taux vun dräi Prozent fir ee méi héije Montant
  • Prêt zu null Prozent fir energetesch Sanéierung fir jiddwereen

Et ass een neit Instrument virgesinn, an zwar:

  • Een neie staatleche Comité fir Bauland ze kafen (a Koordinatioun tëschent Finanz- a Logementsministère, ënner der Responsabilitéit vum Logementsminister)
  • De Kaf vun Terraine soll finanzéiert ginn duerch en neie Fong, dee vum Staat alimentéiert gëtt
  • Den Terrains-Verkeefer soll vu Steieravantagë kënne profitéieren, wann en un den neie Fong verkeeft: Plus-valuë gi steierfräi

Et gi wéineg nei regulatoresch Usätz, mat e puer Ausnahmen. Zum Beispill: D'Gesetz iwwer d'Kontroll vun der Loyersentwécklung soll moderniséiert ginn. Neie System soll garantéieren, datt net just d'Locatairë mee och d'Proprietairen d'Agencefraisen droen.

Aner Mesurë sinn:

  • De Verkaf vun ëffentleche Sozialwunnenge soll an Zukunft d'Ausnahm sinn: een ëffentleche Park vun esou Wunnenge fir ze verloune soll developpéiert ginn
  • Grondsteier soll dës Kéier och wierklech reforméiert ginn (war schonn am leschte Koalitiounsaccord annoncéiert, gouf awer net ëmgesat)

De Serge Kesseler iwwer d'Theme Logement a Mobilitéitplay_arrow


Och d'Mobilitéit ass eng Erausfuerderung: Wéi eng Akzenter wëllen DP, LSAP an déi gréng do setzen?

Am Mobilitéitsberäich sollen d'Investissementer däitlech vergréissert ginn:

  • Séier realiséiert gi sollen eng Partie Umgehungs-Strossen, z. B. tëschent Bascharage an Dippech an tëschent Ettelbréck a Feelen
  • D'Capacitéit vu Park-and-Ride-Parkinge soll "laangfristeg" verduebelt ginn
  • Geplangt sinn Erweiderunge vum Tram, zum Beispill bis spéitstens 2022 déi vum Findel op d'Cloche d'Or, gëtt am Accord confirméiert
  • Grouss Eisebunnsprojete sollen acceleréiert ginn (ouni Datum)

Een neien Observatoire de la mobilitéit soll Date sammele fir eng Verbesserung vun der Mobilitéits-Planung. Och d'Fluiditéit vum Strossentraffic soll optimiséiert ginn.

Autoen, déi keng fossil Energie verbrauchen, solle viru steierlech gefërdert ginn. Bis 2030 sollen d'Bussen um RGTR-Reseau komplett emissiounsfräi fueren.

Gëtt et och genuch finanzielle Spillraum?

Dat ass déi grouss Fro. Am Accord gi vill Mesurë genannt, déi de Staat méi kaschten, mee déi net chiffréiert sinn:

  • d'Ofschafe vun de Steierklassen
  • d'Hausse vum Mindestloun, déi zum Deel vum Staat soll finanzéiert ginn
  • d'Baisse vun der Betribsbesteierung
  • d'Mesuren am Logementsberäich (cf. uewen)
  • d'Mesuren am Transportberäich (cf.uewen)
  • d'Kannerbetreiung an de Maison Relais an der Schoulzäit soll gratis ginn
  • de Museksunterrecht fir Kanner soll gratis ginn
  • all Lycéesschüler soll Zougang zu engem Laptop oder enger Tablette kréien
  • et soll analyséiert ginn, ob d'Chomage-Allocatioun eventuell och fir Persoune soll accessibel ginn, déi selwer demissionéiert hunn

Mesuren, déi zousätzlech Recetten erabrénge kéinten, fënnt een am Koalitiounsaccord manner. An dës Kategorie kéinten d'Reform vun der Grondsteier, d'Reform vun der Kilometerpauschal an dat graduellt Ofschafe vun de Stock Options falen. Wéi een Impakt d'Hausse vun der Besteierung vu Pëtrolsproduiten huet, ass onkloer. Kuerzfristeg kéint dat méi Recetten erabréngen, dann awer zum Réckgang vum Tanktourismus an deemno manner Recettë féieren.


D'Pia Oppel iwwer de Käschtepunkt vum Koalitiounsaccordplay_arrow


Wéi eng aner Perspektive mécht de Koalitiounsaccord op?

A ville Beräicher leet d'Koalitioun sech nach net fest, mee versprécht Analysen, Etüden oder Reformen - ouni awer Detailer ze nennen. Zum Beispill:

  • System vun de Chèques-services soll duerch ee "manner komplexen a méi performante System" ersat ginn
  • D'Regierung wëll Abuse beim Steierregime fir déi spezialiséiert Investmentfongen SICAV-FIS am Immobiliesecteur "contercarréieren"
  • Etüd iwwer Käschten, déi eng Famill pro Kand huet
  • Reform vun der Allocation de vie chère
  • Bildungsdësch fir all concernéiert Acteuren anzebannen
  • Wahlgesetz: Wëssenschaftlech Etüd iwwer d'Net-Wieler
  • Anti-Cumul-Bestëmmung fir d'Deputéiertemandat mam Buergermeeschter- oder Schäffemandat: grousse Konsens soll gesicht ginn
  • Chamber soll iwwer ëffentlech-rechtlech Tëlee an iwwer de legale Kader vum radio 100,7 diskutéieren
  • d'Ëmweltmedezin soll een neie Stellewäert kréien, notamment soll d'Prise en charge vu medezineschen Akten am Beräich vun der Ëmweltmedezin vun der Gesondheetsversécherung ofgedeckt ginn
  • Conseil national des étrangers gëtt reforméiert

De kompletten Text vum Koalitiounsaccord kann een hei noliesen.


Eng éischt Analys vum Koalitiounsaccord vum Jean-Claude Franckplay_arrow