Radioen

On air

Kultur um 5  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wehret den Anfängen!

Fräie Mikro

Wehret den Anfängen!

Gëschter war den internationale Flüchtlingsdag. Eng Geleeënheet méi fir op déi katastrophal Zoustänn vun der Flüchtlingspolitik net nëmmen an Europa, mee weltwäit opmierksam ze maachen a viru rietsextremen Tendenzen an eiser Gesellschaft ze warnen, mengt d'Laura Zuccoli.

auto_stories

3 min

D'Laura Zuccoli, Presidentin vun der ASTI.

An de leschte Wochen a Méint sinn d'Medien net midd ginn, eis op déi onmënschlech Liewensbedingungen opmierksam ze maachen, ënner deene Leit op der Flucht viru Krich, Verfolgung oder Honger, liewe mussen.

Horrorberichter vun de Lageren a Libyen, wou Vergewaltegungen, Versklavung vu Mënschen, Erpressung duerch knallhaart Gewalt alldeeglech sinn, Biller aus de risege Flüchtlingslageren an aarme Länner wéi Niger, Sudan oder Bangladesch, wou Mënsche mat knapper Nout iwwerliewen an all Moment ëm hiert Liewe musse fäerten.

Mënscheveruechtend Moossnamen

Duerchsetze vu mënscheveruechtende Moossnamen un der mexikanescher Grenz zu Amerika, wou d'Politik aus engem demokratesche Land net zéckt, Kanner vun hiren Elteren ze trennen als Ofschreckung fir aner potenziell Awanderer. Wéi wann Elteren, déi hir Kanner op esou eng geféierlech Rees, Flucht oder Emigratioun sinn, sech de Geforen net bewosst wieren. Wat dreift dës Mënschen an esou dramatesch Situatiounen? Wéi grouss muss hir Nout sinn, datt si esou Torturen op sech huelen, mam Risiko vu mënscheveruechtende Konditiounen, fir sech an hir Famill.

Als Bierger, deen u Mënscherechter gleeft, deem seng Erzéiung op Wäerter berout wei Hëllefsbereetschaft, Sënn fir Gerechtegkeet, Verständnis a Matgefill fir d'Leed vun Aneren, ass d'Evolutioun, déi mir an de leschte Méint a Joren an der Migratiouns- a Flüchtlingspolitik erliewen, net akzeptabel.

Wéi kënne mir zouloossen, datt e Schëff wéi d'Aquarius mat iwwer 600 Mënschen u Bord - egal, ob dat Kanner, Fraen, Schwangerer, Kranker oder Männer sinn - deeglaang duerch d'Mëttelmier muss fueren, bis eng Natioun sech bereet erkläert, si opzehuelen? Wéi wann d'Aquarius eng Päischtcroisière wier!

Den einfache Wee: De Mond halen

Elo sot Dir, mir kënne jo souwisou näischt dogéint maachen.

Mee d'Geschicht ass voller Beispiller, vu Mond hale viru rietsextremisteschen Aussoen, vu Manktem un Zivilcourage fir sech fir de Respekt vu Mënscherechter anzesetzen, well d'Politik jo net géint d'Wieler wëllt goen, vu Medien, déi de Populiste vill ëffentlech Opmierksamkeet schenken, well jo einfach gestréckten Iddien a provokant Solutiounen Audienz verschafen an also och besser Verkafszuelen.

D'Fro, wéi eng international Politik zu esou engem Debakel gefouert huet, gëtt net thematiséiert an ass séier vum Dësch! Et ass jo méi einfach op Mënschen, déi wäit ewech vun eisem Confort sinn, ze klappen. Mir verschweigen, datt mir an Europa en Demographiedefizit hunn a mir nei Aarbechtskraaft brauchen! D'Politik leeft den extreme populistesche Positiounen no, obwuel dës ëmmer méi schaarf a mënscheveruechtend ginn!

Mam Resultat, datt Migrante gezwonge ginn ënnerzedauchen a skrupellos ausgenotzt ginn, wat de sozialen Dumping fir jidderee fërdert.

Wat kënne mir maachen?

Et mécht mech ganz nodenklech, wa Petitiounen zu Theme wéi Déiereschutz, Legaliséierung vu Cannabis oder der Opwäertung vun der Lëtzebuerger Sprooch séier vill Mënsche mobiliséieren, awer net, wann et ëm de Schutz an d'Opnam vun Mënschen - Flüchtlingen oder Migranten - geet.

Qui ne dit mot, consent! Wann mir eis net wieren, gi mir zu den Handlaanger vun dëser onmënschlecher Politik. Mir däerfen net de Kapp anzéien an dem Wahnsinn vun de populisteschen Iddien och bei eis fräie Laf loossen.

Op de soziale Medie schreift hemmungslos e Kandidat vun der ADR - Wee 2020 "Flüchtlingen ass gläich Terroristen?" - och wann dat mat engem ironesche Smiley gekennzeechent ass.

Wehret den Anfängen! D'Zivilgesellschaft muss hei reagéieren. Dréckt Äert Onverständnis aus! Engagéiert Iech! Ënnerschreift déi europäesch Initiativ wearewelcomingeurope.eu


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.